Radioen

On air

De Weekend  |  Luk. - Crack Feat. Jast & Skuto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Gespréich mam Gewënner vum Hörspill-Präis

Charles Meder

E Gespréich mam Gewënner vum Hörspill-Präis

Mir sinn onfäheg ze kommunizéieren. Trotz soziale Medien. Dat ass ee vun de Message vum Charles Meder. De Gewënner vum 100,7 Radio-Präis schwätzt iwwer seng Approche beim Schreiwen a seng aner literaresch Projeten.

auto_stories

3 min

Charles Meder

De Charles Meder ass de Gewënner vum zweeten 100,7 Radio-Präis. Hie gouf fir säin Text CyberTrappED ausgezeechent.

Een Hörspill verlaangt aner Regele wéi eng klassesch Erzielung oder en Theaterstéck. Dat muss ee beim Schreiwe permanent am Hannerkapp hunn. Fir d'éischt misst ee sech d'Personnagen iwwerleeën, erkläert de Charles Meder. "D'Personnage mussen eng gewëss Interaktioun hunn. Et schreift een also à priori Dialogen."

Téin a Musek géifen ausserdeem eng grouss Roll spillen. Aus deenen Elementer hätt hien eng Dramaturgie entwéckelt. De Schluss vum Stéck wier oppen, "fir net de Voyeurismus vun de Leit ze bedéngen, mee eng Refklexioun iwwer déi Saachen, déi hei thematiséiert ginn, mat eranzebréngen."

Tendenzen op de sozialen Netzwierker

Den Impakt vun de soziale Medien op d'Zäit a Kultur war d’Thema vum Concours. Am Charles Meder senger Geschicht CyberTrappED geléngt et enger Schülerin, fir säi Mathesprof duerch ee sougenanntent soziaalt Netzwierk op eng hannerlëschteg an infam Aart a Weis blouss ze stellen.

Dem Auteur ass et awer net dorëms gaangen, eng skandaléis Geschicht ze schreiwen, oder konkret Motiver vun dëser Aktioun ze presentéieren. "Dat ass ee Paradigme fir mech. Ech wollt einfach d'Fro opwerfen: Firwat hu mir, speziell a sozialen Netzwierker, déi Tendenzen déi mir alleguerte kennen." Hien hätt wéilten een oppenen, dialogeschen Text schreiwen, fir spéider mam Nolauschterer an en Discours ze kommen.

ANAME - eng Novelle

De Charles Meder huet nieft dem Hörspill och elo eng Novell am Verlag op der Lay publizéiert. ANAME - e mysteriéisen Titel, hannert deem sech eng grad esou eng geheimnisvoll Geschicht verstoppt.

De Begrëff ANAME géif am Laf vun der Novellenhandlung erkläert ginn. En hätt mam Plot ze doen. "Et ass dat, wat vill Leit sech hautdesdaags wënschen: Sou een Zoustand vun der Geschichtslosegkeet. Datt ee sech vu senger Zäit, vu senger Biographie, vun deenen historesche Bréch, déi an eiser Zäit dra sinn, emanzipéiere kann. An datt een ee fräit Liewe féiere kann." Dat wier den Antrieb vu senge Protagonistinnen. Et wier eng Konfliktnovell zwëschent enger Mamm an enger Duechter, erkläert de Charles Meder.

Zur Egozentrik gezwongen

D'Solitude, d'Iwwerflächlechkeet vun eiser Gesellschaft a d'Onfäegkeet vun der Kommunikatioun a vun der Bindung sinn an deenen zwee Wierker Sujeten déi am Virgrond stinn. D'Leit wieren ëmmer méi egozentresch, seet den Auteur. "Si ginn och dozou gezwongen, fir ëmmer méi u sech ze denken, fir an enger Ellenbogen-Gesellschaft iwwerliewen ze kënnen."

Nom Hörspill an der Novelle huet de Charles Meder och nach zwee Theaterstécker fäerdeg gestallt. Hien hofft, datt déi geschwë "bühnenreif" wäerte sinn. Och ee Roman wéilt hie schreiwen: "Dat ass ee grousse Projet, ech weess net ob e mir gelénge wäert."


Lauschtert dat ganzt Gespréich vum Valerija Berdi mam Charles Meder:

Charles Mederplay_arrow