Literaresch Rares E kopernikanesche Widdersproch

1934 kritt de sizilianeschen Auteur Luigi Pirandello de Literaturnobelpräis fir "Mattia Pascal". E Roman dee weist, datt héichwäerteg Literatur och ganz witzeg a spannend ka sinn...Et ass eng weider Pärel aus eiser Summerserie.

Valerija Berdi / cwi

Luigi Pirandello - Mattia Pascal
D'Liewe vum Mattia Pascal ass esou komesch, datt et derwäert ass erzielt ze ginn.

Säin drëtt Liewe verbréngt de Mattia Pascal an enger entweiter Kierch. Hei soll hien al a verkomme Bicher zortéieren a bewaachen. Bicher, déi wéi de Mattia Pascal kee Mënsch interesséieren.

De Mattia Pascal gëtt vum Conservateur vun der Bibliothéik gefrot, d'Geschicht vu sengen zwee Liewen, déi hie virdru gefouert huet, nidder ze schreiwen. Mee de Mattia Pascal mengt dozou just:

Non mi per più tempo, questo, di scriver libri, neppure per scherzo. In considerazione anche della letteratura, come per tutto il resto, io debbo ripetere il mio solito ritornello: maledetto sia Copernico!

An déi batterbéis Erkenntnis an däitscher Iwwersetzung:

Die Zeit scheint mir nicht mehr danach, Bücher zu schreiben, nicht einmal zum Spaß. Ich muss, auch was die Literatur betrifft, das gleiche sagen, was ich über alles andere zu sagen pflege: Verflucht sei Kopernikus.

Mat immens humorvollen, philosopheschen Iwwerleeunge stellt de Mattia Pascal de Sënn vum Liewen an d'Bedeitung vum Eenzele fir d'Weltgeschicht a Fro. Da réischt fänkt hien un seng eigentlech Geschicht z'erzielen.

Eng Aventure no der Anerer

De Mattia Pascal huet säi ganze Räichtum verluer. Hien ass ouni Perspektiven an engem triste Mariage gefaangen an de permanente Béisaartegkeete vu senger Schwéiermamm ausgeliwwert. Wéi seng Mamm stierft, mécht hien sech op de Wee op d'Begriefnis. Mee hien kënnt un eng kleng Geldzomm a fiert net méi Heem. Hien decidéiert sech iwwer Marseille op de Wee an Amerika ze maachen.

Dunn awer gewënnt hien zu Monte Carlo e Verméigen am Casino. Hie gëtt awer vum schlechte Gewëssen iwwerfall a mécht sech mat de Suen op d'Heemrees. Ënnerwee entdeckt hien duerch Zoufall seng eegen Doudesannonce an enger Zeitung.

Eng nei Identitéit, e neit Liewen?

Den éischten Abléck ass de Mattia Pascal immens erféiert an entsat. Mee op emol gëtt him bewosst, wéi eng Chancen dësen Iertum him bidde kann: Eng nei Identitéit mat enger erfonnter Vergaangenheet. Een neien onerwaarte Wee an d'Fräiheet? Mee esou einfach, wéi aus Mattia Pascal Adriano Reis gëtt, ass d'Liewe mat der neier Identitéit net.

De Verloscht an de Wiessel vun der Identitéit sinn d'Haaptmotiver an dësem Roman, dee ganz räich un Humor, abstrusen Evenementer an iwwerraschenden Entwécklungen ass. D'Thema vun der Identitéit huet keen egozentreschen Nogoût. Am Géigendeel, de Pirandello wielt fir de Sujet eng nodenklech Approche.

"Verflucht sei Kopernikus"

De Widdersproch, e Bericht iwwert e Mënscheliewen ze verfaassen, obwuel den eenzelne Mënsch dem Kopernikus no onbedeitend ass. Dee gëtt mat der Tatsaach relativéiert, datt de Fall Mattia Pascal sou komesch ass, datt en derwäert ass gelies ze ginn.

Mat grad esou vill intelligenten an duerchduechten Iwwerleeunge behandelt de sizilianeschen Auteur d'Thema Fräiheet. De Mattia Pasal ass esou fräi, wéi een nëmme ka fräi sinn. Mee amplaz, datt hien déi Onofhängegkeet genéisse kann, stéisst hien ëmmer erëm op Barrièren, déi net z'iwwerwanne sinn.

Dem Pirandello säi Spill mat der Sprooch, seng Exkursen an d'Essayistik an an d'Philosophie, iwwerraschend Tournuren an Iwwerleeungen sou wéi de mol béisaartegen, mol nodenklechen Humor maachen dem Mattia Pascal seng Geschicht zu engem liesenswäerte Roman.

Méi zum Thema

Hans Werner Richter - Ein Julitag
Literaresch Rares

Den Hans Werner Richter ass als Grënner vun der "Gruppe 47" an d'Geschicht agaangen. Als Schrëftsteller ass hien éischter onbekannt. Zu Onrecht, fënnt d'Valerija Berdi.

Kafka - Der Verschollene / Amerika
Literaresch Rares

De Roman "Amerika - der Verschollene" ass net dat, wat ee vum Franz Kafka gewinnt ass. Als méi lieweg a faarweg wéi all seng aner Wierker huet de Schrëftsteller vu Prag d'Buch selwer bezeechent.

zypkin.jpg
Literaresch rares

Kleng Meeschterwierker aus der Literatur, déi dem grousse Publik net sou bekannt sinn. Ee Weideren Deel vum Valerija Berdi senger neier Summerserie.

Valerija Berdi Friedo Lampe.JPG
Literaresch Rares

De véierten Auteur an eiser Summerserie ass de Friedo Lampe. Eng cineastesch Erzielperspektiv, e magesche Realismus an en avantgardistesche Stil zeechnen dëse vergiessene Schrëftsteller aus.

die schöne Olessja
Literaresch Rares

Eng Hex, eng romantesch Bezéiung, mee och vill Kritik un der russescher Gesellschaft. All dat stécht am Alexander Iwanowitsch Kuprin senger Erzielung. Summer-Tipp vum Valerija Berdi!

Azarel
Literaresch Rares

Wéi "Azarel" 1937 erauskoum, war d'Buch staark ëmstridden. Haut ass dem Károly Pap säi Roman dem grousse Public awer dacks kee Begrëff. Dobäi ass "Azarel" e Meeschterwierk, fënnt d'Valerija Berdi.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen