Fernand Fox E Liewen am Theater

De Fernand Fox dierf wuel deene meeschte Lëtzebuerger e Begrëff sinn, sief dat duerch seng Filmrollen, seng Theaterrollen, Lëtzebuerger Owender, seng Lidder, seng Theaterstiffchen an der Stad, seng Reklamme mam Marc Olinger fir eng grouss Assurance oder och nëmmen duerch seng eenzegaarteg Stëmm.

Jean Claude Majerus

Den Tun Deutsch an de Fernand Fox
Den Tun Deutsch an de Fernand Fox.

De Fernand Fox huet ouni Zweiwel den Theater zu Lëtzebuerg markéiert, sief dat duerch seng lëschteg Rollen, oder och spéider duerch eescht Rollen, zesumme mam vill ze fréi verstuerwenen Tun Deutsch. Et brauch ee just d'"Emigranten" ze ernimmen. De Fernand Fox krut rezent 85 Joer, hien ass de 26. Januar 1934 zu Iechternach op d'Welt komm. Dat ass eng Occasioun fir un den "Foxe Fern" ze denken.

An der Mediathéik:

Kultur / / Jean Claude Majerus
Lauschteren

Méi zum Thema

Klamms Krieg Kritik
"Klamms Krieg"

Eng Klass mécht de Professer Klamm responsabel fir de Suicide vun engem vun hire Matschüler. "Klamms Krieg" ass d'Theaterstéck dozou, de Monolog vum Här Klamm. Eng Inzenéierung, déi iwwerzeegt.

Orphée au pays des mortels.jpg
Theater

D'Theaterschoul Yolandin invitéiert op "Orphée au pays des mortels", eng skurril an aussergewéinlech Neiinterpretatioun vum mytheschen a mythologesche Personnage Orpheus. E Stéck vum Jean Portante am TNL.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen