Filmkritik E lyresche Portrait vun der Jackie Kennedy

"Jackie" ass ee Biopic iwwert d'Jackie Kennedy, dee weist, wéi si mam Mord un hirem Mann ëmgeet. Dem Pablo Larraín säin éischten englesch-sproochege Film ass, wéi gewinnt, mat Stil an Zeen gesat an dréit eng staark Performance vun der Natalie Portman.

Jamie Reinert / cwi

Jackie
Foto: Pablo Larraín (© 2016 Twentieth Century Fox Film Corporation)

De Pablo Larraín war haart um schaffen d'lescht Joer. Hien huet zwee Filmer produzéiert, déi aktuell zu Lëtzebuerg an de Kinoe projezéiert ginn. Dobäi si béid méi oder wéineger verfilmte Biografien. Deen een e skurrillen a verspillte Film iwwert de Poet Pablo Neruda. Deen aneren, méi formell a realistesch, iwwert d'Jackie Kennedy.

"Jackie" spillt sech an de Woche ronderëm de Mord um John F. Kennedy of. Een Oliver Stone-Konspiratiouns-Film ass de Biopic awer net. De Pablo Larraín interesséiert sech méi fir d'Figur vun der glamouréiser First Lady, déi uganks den 1960er Jore frësche Wand an d'Wäisst Haus geblosen huet.

Op Nofro vum Darren Aronofsky gouf de chilenesche Regisseur fir de Projet engagéiert. Déi non-US Perspektiv huet et erméiglecht, datt dës Episod méi zu enger psychologescher wéi enger politescher Analys ginn ass.

Tëscht Realitéit a Fiktioun

De Film dréit eng besonnesch Lyrik a sech. Dat Ganzt ass detailléiert gestallt an opgebaut. De Pablo Larraín vermëscht zum Beispill originaalt Film-Material vun enger "White House Tour" mat der Jackie Kennedy, mat geneeë Verfilmungen an där d'Nathalie Portman hir Roll iwwerhëlt.

D'Nathalie Portman ass eng Schauspillerin, déi fir dëse Film gemaach ass. Si interpretéiert d'Figur mat enger onwahrscheinlecher Präzisioun. Der Jackie Kennedy hire liicht verdreemte Bléck an hir duuss pëspereg Stëmm huet d'Actrice sech ugëeegent, ouni an de Cliché ze falen. Dobäi straalt si déi mysteriéis Aura vum Personnage aus.

Déi subtil Musek vum Mica Levi ënnersträicht d'Komplexitéit an d'Humanitéit vun der First Lady, déi eng aussergewéinlech Situatioun huet missen op verschiddene Fronte konfrontéieren - privat wéi och ëffentlech.

Als Camelot inszenéiert

De Pablo Larraín ënnersicht, wéi d'Jackie Kennedy orchestréiert huet, wéi hire Mann an de Geschichtsbicher veréiwegt soll ginn. Duerch een Interview mam "Life Magazine", eng Woch no der Ermordung, an duerch ee staatlecht Begriefnes huet d'Jackie Kennedy hire Mann zu engem amerikanesche Camelot veréiwegt.

Wéi e Regisseur hat d'Jackie Kennedy d'Méiglechkeet, d'Wourecht ze beaflossen. Duerch hir Akten an hir Matdeelungen an der Press, konnt si de Ruff vun hirem Mann matbestëmmen. Domat ass een am Thema, dat an dem Pablo Larraín senge Filmer konstant erëmkënnt: D'Zesummespill vu Schäin a Wourecht, Fiktioun a Realitéit.

An der Mediathéik:

Kultur / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

Manchester by the sea
Filmkritik

"Manchester by the Sea" ass en Drama iwwert eng dysfunktional Famill, Trauer an Trotzdem-eens-ginn. Mee amplaz sech an enger schmalzeger Versöhnungszeen opzeléisen, bleift de Film realistesch.

Hidden Figures
Nei am Kino

Den zweete Biopic vun engem chileneschen Dausendsassa, dem Pablo Larrain, weider Oscar-Kandidaten an de Retour vu Kinos- an Tëleespersonnagen, no deenen eventuell kee gefrot huet. Hei ass de Kinosprogramm.

La-La-Land
"La La Land"

Interpretatiounspräis, siwe Golden Globes, 14 Oscar-Nominéierungen - an elo endlech am Kino! Eng Filmkritik vum Tom Dockal.

La La Land
Nei am Kino

En neie Film vum Andy Bausch, e Film mat engem Päerd, en drëtte ronderëm Jicken. An nach dräi Filmer, déi elo offiziell fir d'Oscaren nominéiert sinn. Den Iwwerbléck vun den neie Filmer am Kino.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen