Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech konnt mech dem Charme vum Tito net entzéien"

Literatur

"Ech konnt mech dem Charme vum Tito net entzéien"

Literatur aus Osteuropa war op der Leipziger Buchmesse gutt vertrueden. Politesch an historesch Theme stoungen am Mëttelpunkt. Sou wéi d'Tito-Biografie vum Jože Pirjevec. De slowenesch-italieneschen Historiker ass queesch duerch d'Welt op d'Spure vum fréiere Jugoslawien gaangen. D'Resultat ass e Wierk, dat souwuel dem Josip Broz Tito säi Charme, wéi och déi däischter Säit vun der jugoslawescher Geschicht beliicht.

auto_stories

3 min

"D'Geschicht vu Jugoslawien ass esou beweegt an interessant, mä och immens dramatesch an tragesch", erkläert de Jože Pirjevec seng Begeeschterung fir dat Land, deem seng Geschicht den Historiker elo schonn an dräi Bicher opgeschafft huet. "Ech schreiwen all meng Bicher fir mech selwer, an ech wollt dës Geschicht kenneléieren a studéieren. Also hunn ech d'Geschicht vu Jugoslawien tëscht 1918 an 1991 opgeschriwwen, e Buch iwwert déi jugoslawesch Kricher vu 1991 bis 2001, an elo eben d'Biografie vum Josip Broz Tito."

De Jože Pirjevec, Joergang 1940, ass zu Triest an Italien opgewuess an huet a senger Heemechtsstad, an zu Pisa, Wien a Ljubliana Geschicht studéiert. D'Relatioun tëschent Italien an de slawesche Länner ass e Schwéierpunkt a sëlleche vu senge Publikatiounen.

Firwat eng Biografie?

"Den Tito war eng charismatesch Perséinlechkeet an huet ouni Méi Kontakt mat de Leit opgeholl. Och friem Diplomaten, déi säi Regime net gär haten, ware vu senger Perséinlechkeet ugezunn. An ech muss zouginn, och ech konnt mech sengem Charme net entzéien", sou de Jože Pirjevec am Interview mam radio 100,7.

Et gëtt eng Abberzuel vu Biografien iwwer de fréiere jugoslawesche Staatschef. Déi eng verherrlechen de Parcours vum Bauerejong zum bedeitende Staatschef, deen de Groussmuechte säi Liewe laang d'Stir gebueden huet. Anerer gesinn an him just en Diktator, dee sech gären a sengem wäissen, mat sëlleche Medailen dekoréierte Kostüm gewisen huet an all Widderstand an Opstand op der berüchtegter Insel "Goli Otok" en Enn gesat huet.

Historeschen Usaz

Wouran ënnerscheede sech scho publizéiert Biografië vum Pirjevec sengem Wierk? "Déi meescht Tito-Biografië sinn entweder vu Journalisten oder Biografe geschriwwen. Et gëtt wéineg historesch Bicher iwwert den Tito, an nach manner vun Auteuren, déi déi jugoslawesch Sprooche beherrschen", erkläert de Jože Pirjevec. Hien hätt a siwen, aacht Sproochen zu dësem Sujet geschafft a gelies. "Ech war a russeschen, amerikaneschen, däitschen Archiven, an natierlech a jugoslaweschen an italieneschen."

De Jože Pirjevec seet, hien hätt de Kampf vun de Kommunisten an de jugoslawesche Vëlker schätze geléiert. "Ech si selwer sozialistesch orientéiert. Mä ech behaapten, datt elo d'Zäit komm ass, fir déi ganz Geschicht z'erzielen. Och déi däischter Säiten."

E kriteschen Avis

Dem Jože Pirjevec seng Vue op den Tito ass deemno och ganz kritesch. An der Biografie gëtt näischt verschleiert. An de grousse Reproche, deen de Pirjevec dem Tito mécht, ass de Fait, datt dësen net d'Zeeche vun der Zäit erkenne wollt. Hien hätt d'Geleeënheet verpasst, fir am richtege Moment zréckzetrieden a méi jonke Käpp d'Decisiounen z'iwwerloossen.

"Tito in tovarisi", Den Tito a seng Komeroden, huet de Jože Pirjevec op Slowenesch verfaasst. Den Auteur huet d'Buch selwer op Italienesch an Englesch iwwersat an eng däitsch Iwwersetzung ass kierzlech am Antje Kunstmann Verlag erauskomm.