Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech sinn een Optimist"

Cineast

"Ech sinn een Optimist"

De Stephan Komandarev bezeechent sech als Optimist. Dowéinst wier de Realisateur vun "Directions" a Bulgarien bliwwen. Mat senge Filmer wëllt hien der Societéit säi Stéck Optimismus schenken. Am Kader vum CinEast Filmfestival hu mir de Realisateur zu sengem Projet befrot.

auto_stories

3 min

MP: Stephan Komandarev, Dir hutt Medezin studéiert a véier Joer laang an enger Kannerklinik geschafft. Wéini hutt Dir decidéiert an d'Filmwelt ze wiesselen?

SK: No mengem Medezinstudium hunn ech laang zu Sofia an der Kannerklinik geschafft. Enges Daags krute mir zwou VHS Kamerae fir an der Psychotherapie domadder ze schaffen. A well ech dee jéngste war a keen aneren dat maache wollt, hunn ech missten d'Videoe montéieren. Weekends hunn ech d'Kamerae mat Heem geholl an de Montage während der Nuecht gemaacht. Sou sinn ech vum Cinema-Virus ugestach ginn. Duerno sinn ech nees op d'Uni gaangen, fir Film ze studéieren.

Ären neie Film "Directions" leeft elo hei um CinEast Festival an ass och schonn zu Cannes an der Niewesektioun "Un Certain Regard" gelaf. De Film besteet aus ville klenge Geschichten, déi sech an Taxien ofspillen. Wisou Taxien?

D'Geschichten am Film inspiréiere sech u richtege Geschichten. De Film spigelt d'Realitéit vu Bulgarien erëm. Wann een eppes ännere wëllt, da muss ee sech als éischt der reeller Situatioun bewosst sinn. Dat wollte mir hei erreechen. Déi bulgaresch Televisioun zum Beispill wéist net d'Realitéit vum Land. Et sinn d'Taxischaufferen, déi dat richtegt Liewe gesinn, all Nuecht. An dofir hu mir mat den Taxischauffere geschwat a si hunn eis hir Geschicht erzielt. Deen éischten, dee mir begéint hunn, war am Dag Nuklear-Physik-Professer an an der Nuecht Taxi Chauffeur. Hie sot eis: Bulgarien ass d'Land vun den Optimisten, well alleguerten d'Pessimisten hunn d'Land scho verlooss.

De Film ass a verschiddene Momenter witzeg, virun allem awer pessimistesch. Et geet ëm Suicide, Korruptioun, Mësstrauen ... Gesitt Dir Bulgarien als esou en negatiivt Land?

Fir mech passt de Film net just op Bulgarien, mä op ganz Europa.

Hutt Dir d'Gefill, datt Dir mat "Directions" eppes ännere kënnt?

Ech mengen net, datt ech sou vill verännere kann. Dat eenzegt wat ech hoffen, ass, datt ech eng Debatt kann ustiwwelen. Fir mech muss jiddereen a sengem eegene Beruff probéieren eppes klenges Positives z'erreechen. Ech gouf dräimol gefrot, fir an d'Politik ze goen, mä ech hunn dräimol refuséiert. Well dat ass net mäin Job. Mäin Job ass et, Filmer ze maachen.

Dir hutt gesot, Dir wiert en Optimist. Sidd dir nëmmen dowéinst a Bulgarien bliwwen?

Ech hunn zwee Kanner, an an de leschte fënnef Joer hunn ech mir ëmmer nees d'Fro gestallt; wat geschitt mat menge Kanner, a wéi enger Societéit wäerte si opwuessen, wäerte si a Bulgarien bleiwen? Ech hunn also meng Famill hei a Bulgarien an dofir well ech hei bleiwen ... et ass eng Fro vum Choix.

Et ass sécher net einfach, e ganze Film a klengen Taxien ze dréien ... Wéi eng Technik hutt Dir benotzt, fir dat ze maachen?

Jo dat stëmmt, dofir sote mir eis, datt mir eng serieux Preparatioun brauchen. Mir hunn also während Méint ëmmer nees geüübt. Mir hu souguer dee ganze Film eng Kéier mat enger klenger Kamera gefilmt, ouni Toun an ouni Luucht. Dat heescht virum richtegen Tournage hate mir dee ganze Film schonn eng Kéier an der Këscht. Duerno hu mir mat ganz wéineg Luucht a mat der Mini Arri Alexa Kamera gefilmt. Ech hunn op engem Ecran baussent dem Taxi nogekuckt. Verschidden Episoden hu mir just dräimol misste filmen, anerer hu mir missten 13-14 mol nei ophuelen.

Et fält och op, datt all Geschicht just an engem eenzegen Take gefilmt gouf, ouni ze schneiden ...

Jo, dat hu mir esou decidéiert, fir méi no un d'Realitéit ze kommen. E Stil Documentaire. Dat war keen technesche Choix.

Stephan Komandarev, villmools Merci

ITW Stephan Komandarevplay_arrow