Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Daniel Balthasar - Got What You Wanted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech wëll d'Fra këssen ouni se virdrun z'erwiergen"

Ray Liotta

"Ech wëll d'Fra këssen ouni se virdrun z'erwiergen"

De Ray Liotta ass op Besuch beim Filmfestival. Am Interview mam radio 100,7 schwätzt den Acteur iwwer säi leschte Film "Sticky Notes", iwwer romantesch Rollen an den Iwwerfloss vu Superhelden.

auto_stories

3 min

Ray Liotta

De Ray Liotta éischter bekannt fir seng rau, geféierlech Personnagen. Sou wéi de Mafioso Henry Hill am Martin Scorsese sengem "Goodfellas". Oder de psychopathesche Polizist an "Unlawful Entry" vum Jonathan Kaplan.

An der Amanda Sharp hirem Debut "Sticky Notes", deen d’lescht Joer erauskomm ass, interpretéiert de legendäre Schauspiller ee liicht onkonventionellen Papp, dee mat Kriibs ze kämpfen huet a versicht de Kontakt mat senger Duechter erëm opzehuelen.

En Exercice fir um Ball ze bleiwen

"De Personnage hunn ech einfach witzeg fonnt", seet de Ray Liotta. Et wier interessant gewiescht eng Persoun ze spillen, déi ongehemmt seet a mécht wat hir an de Kapp kënnt. Hie wier deemools am gaange gewiescht sech fir ee Western virzebereeden an hätt Zäit gehat fir ee klenge Projet. "Den Zeenario huet mir gefall an ech hat mech mat der Regisseurin getraff déi ech immens sympathesch fonnt hunn. Duerfir hunn ech zougesot. Méi als Exercice fir um Ball ze bleiwen."

De Ray Liotta liwwert eng staark an emouvant Performance an där léiwer Indie-Produktioun. Den Drama "Sticky Notes" geet op eng liicht a witzeg Manéier mat engem schwieregen Thema ëm, ouni an d'Pathetescht ze verfalen.

Fir d'Virbereedung hätt hie sech, wéi meeschtens a senger Carrière, einfach op den Zeenario konzentréiert. Eng déifgrënneg Philosophie géif net hannert senge Virbereedungen stiechen, sou den Acteur. D'Aarbecht géif einfach gemaach ginn.

Méi romantesch Rollen

A Romanzen ass hien éischter seelen ze gesinn. Hie géif sech awer méi esou Rolle wënschen. "Wou ech d'Fra ka këssen ouni si virdru mussen z’erwiergen", laacht de Ray Liotta.

D'Filmwelt huet sech iwwert Joren staark verännert. Dem Ray Liotta no nët onbedengt zum Beschten. A sengen Aen huet sech den Niveau vun den Hollywood Produktiounen éischter degradéiert. D'Qualitéit wier hautdesdaags a Serien, an an Independent Produktiounen erëm ze fannen. Hei géifen nach interessant an ergräifend Geschichte gezielt ginn. D'Personnage wiere méi komplizéiert an detailléiert, et wier net alles sou previsibel mat engem banale Schluss.

Hien hätt léiwer Filmer, wéi zum Beispill déi aus de 70er, mat der Figur vum Anti-Held. "Wou d'Personnage gesot a gemaach hunn, wat gewéinlech Mënschen soen a maachen. An net Figuren déi mat engem Gewand duerch den Himmel fléien."

Schauspill amplaz Mathé

An deem Sënn wieren d'70er eng gëllen Zäit an der Filmgeschicht. Produktioune wéi "French Connection" vum William Friedkin hätten hie staark markéiert. Dat war och d'Zäit an där de Ray Liotta d’Schauspill entdeckt huet. Uganks wier hien net drun interesséiert gewiescht, fir enges Daags als Schauspiller ze schaffen. "Et huet sech einfach sou erginn." Um College hätt hien nämlech keng Mathé oder Geschicht wëlle maachen.

Persoune wéi den Gene Hackman, Robert Duvall, Robert DeNiro, Al Pacino, Anthony Hopkins oder Vanessa Redgrave hätten hien immens markéiert. "Dobäi hat ech d'Chance mat all dëse grousse Schauspiller zesummenzeschaffen."

Och wann een de Ray Liotta aus décke Produktiounen, wéi "Goodfellas" oder "Field of Dreams" kennt, ware vill vu senge memorabelste Performancen an Independent Filmer. Sou wéi an der 86er Action-Komedie "Something Wild", an där hien den aggressiven Ex-Mann vum Melanie Griffith spillt. Oder och der Amanda Sharp hirem "Sticky Notes", deen eleng wéinst senger Roll kuckenswäert ass. Filmer, déi leider keng grouss Distributioun kruten awer opgezeechent hunn dass de Ray Liotta bis haut een ongeschlaffent Talent ass.


Lauschtert dat ganzt Gespréich vum Jamie Reinert mam Ray Liotta

Ray Liottaplay_arrow