Radioen

On air

Notturno  |  The Jam - English Rose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Joer Hariko

Integratioun

Ee Joer Hariko

Kënschtler kréien een Atelier zur Verfügung gestallt a ginn hir Expertise als Géigeleeschtung u Jonker virun. Dat ass de Prinzip op deem de Projet Hariko baséiert. No engem Joer geet d’Initiativ an d’Verlängerung. D'Workshope fir déi Jonk sollen duerch en neit pädagogescht Konzept méi attraktiv ginn.

auto_stories

4 min

Vun de mëttlerweil 565 Hariko-Membere sinn d’Hallschent jonk Flüchtlingen oder Asyldemandeuren. Foto: Croix-Rouge luxembourgeoise

Zanter dem leschte September hu sech eng 30 Kënschtler am Hariko zu Bouneweg niddergelooss. Ee vun hinnen ass de Museker a Moler Patrick Rodrigues. Fir datt hien e Studio am Gebai vun enger fréierer Elektronikfirma notzen dierf, bitt hie Gittarskueren un. Hie wier zwar kee professionelle Museker, de Projet géif him awer en Usporn ginn. "Ech muss mech selwer weider entwéckelen, fir de Jonke kënne Saache bäizebréngen."

Am Hariko kann een un Atelieren an de Beräicher Theater, Sangen, Danz, Schräinerei oder Graffiti deelhuelen. De Patrick Rodrigues ass iwwerzeegt, dass säi Gittarsworkshop de Participanten eppes bruecht huet. Seng Schüler sinn haaptsächlech Flüchtlingen. "Si sinn immens dankbar fir dat wat een hinne gëtt", fënnt de Museker.

Hie wier frou, datt hien de Refugiéen eppes kéint mat op de Wee ginn. "Si hunn et schwéier fir sech am Alldag ze beschäftegen. Et geet haaptsächlech dorëms hei am Land ugemellt ze sinn." Wat also maachen? D'Refugiéen hätte schliisslech kee soziaalt Netzwierk. Do kéim den Hariko an d'Spill, esou de Patrick Rodrigues. "Den Hariko bitt hinnen eng Plattform, wou si sech kennen ausdrécken, nei Kollege kenneléieren an eppes léieren."

Gelieften Integratioun?

Vun de mëttlerweil 565 Hariko-Membere sinn d’Hallschent jonk Flüchtlingen oder Asyldemandeuren. Den Hariko, dee vun der Croix-Rouge an d'Liewe geruff gouf, gesäit sech als eng Plaz fir den Austausch. Net nëmmen tëscht Jonken a Kënschtler, mee och tëscht Flüchtlingen a Residenten.

Mëttlerweil bidden och Flüchtlinge selwer Atelieren un. Zum Beispill de syresche Schräiner Chadi Bekdach, deen zanter siwe Méint am Hariko matwierkt a Miwwele fir d’Haus baut. Dat aus recycléierte Paletten. De Syrer ass frou, fir kënne beim Hariko matzewierken. "Hei kann ech weise wat ech kann. Ech kann hei meng Zäit verbréngen, Kollegen aus verschiddene Länner begéinen an aner Kënschtler treffen." Donieft huet de Schräiner am Hariko d'Méiglechkeet, Englesch, Franséisch oder Lëtzebuergesch ze léieren. Den Hariko wier fir hie wéi e Familljenheem. "Mir hunn hei gutt Frënn a kënnen zesumme feieren. Et ass einfach schéin en Deel vum Hariko ze sinn."

En neit Konzept

D'Marianne Donven ass fir de Projet responsabel. Uganks hat si geduecht, den Hariko géing nëmmen ee Joer bestoen. D'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte hätt elo awer e Finanzement fir déi nächst zwee Joer zougeséchert. De Projet leeft also op d'mannst nach bis Enn September 2018. Och d'Proprietairë vum Gebai zu Bouneweg hätten hiren Accord ginn.

"Elo hu mir eng ganz nei Perspektiv", seet d'Marianne Donven. An Zukunft soll un der Qualitéit vum Projet geschafft ginn. Zesumme mat de Kënschtler vum Hariko a mat Spezialiste vun der Croix-Rouge wier ee pädagogescht Konzept ausgeschafft ginn. Déi Jonk solle méi staark encadréiert ginn, erkläert d'Marianne Donven. "D'Philosophie huet sech e bëssche geännert. Et geet dorëms deene Jonken hir eege Kapacitéiten ze weisen a si fir d'Liewen ze stäerken." Aus dem Hariko wier elo méi e pedagogesche Projet ginn. "E bleift awer och artistesch, well mir de Projet zesumme mat Kënschtler ëmsetzen".

Déi Jonk erreechen

Dem Marianne Donven no wier et bis ewell schwéier gewiecht, déi Jonk z’iwwerzeege regelméisseg un den Atelieren Deel ze huelen. Amplaz vun enger ondefinéierter Zäitspan sollen d'Atelieren dofir an Zukunft ëmmer dräi Méint daueren. Zum Schluss soll et e Spektakel ginn, bei deem déi Jonk hir Kenntnisser presentéieren.

"Mir hu vill Efforte gemaach fir an d'Schoulen ze goen, op Festivalen ze goen an op lauter Plazen deene Jonken entgéint ze goen. Fir si perséinlech unzeschwätzen a si ze motivéieren, eng Kéier luussen ze kommen." Et wier wichteg mat deene Jonken an d'Gespréich ze kommen, fënnt d'Marianne Donven. Esou géing ee si besser erreechen, wéi duerch d'Press oder iwwert déi sozial Medien.

An der Summervakanz géinge méi Leit an d'Ateliere kommen, wéi während der Schoulzäit, esou d'Marianne Donven. An all de Workshope gëtt op de Spektakel "Hariko Show" vun Enn September geschafft. Hei kënnen déi Jonk da presentéieren, wat si an deene leschte Méint alles geléiert hunn. D'Bühn an den Dekor bauen den Chadi Bekdach a seng Mataarbechter.