Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee komplexe Roman

Jean Portante - Leonardo

Ee komplexe Roman

"Leonardo" ass den Titel vum neie Roman vum Jean Portante, deen haut bei Editions Phi eraus kënnt. No "L'architecture des temps instables" ass "Leonardo" den 2. Deel vun enger Trilogie. Och hei steet déi italienesch Emigratioun am Mëttelpunkt. D'Valerija Berdi huet des Familjesaga am Virfeld gelies a mam Jean Portante iwwer dëse komplexe Roman geschwat.

auto_stories

4 min

"Vun Ufank un hat ech d'Iddi e Roman am Roman ze hunn. Da si mir erëm beim Wal fir eng Long an d'Buch eran ze kréien an d'Long ass dës Kéier einfach en anere Roman, deen ech schonn ugedeit hat an all menge Romaner virdrun: "I promessi sposi" (les Fiancés) vum Alessandro Manzoni, deen dës Kéier an deem heite Buch praktesch eng Variant fënnt, nämlech an deem Rapport tëscht Lorenzo a Lucia, dat heescht déi éischt Generatioun, ee vun den Zwillingsbridder, deen an d'USA geet."

An deen aneren, den Antonio, geet op Hussigny an dann op Déifferdeng.

D'Sich ass een Haaptthema

De Roman Leonardo vum Jean Portante fänkt am Joer 1912 an Italien un, an d'Zwillingsbridder, den Antonio an de Lorenzo Tramagni si béid an eng Fra verléift: d'Lucia, déi awer Italien mat hiren Eltere Richtung Amerika verléisst. Et ass dann de Lorenzo, deen och embarquéiert, mam eenzegen Zil - d'Lucia ze fannen.

De Jean Portante erzielt d'Liewe vun den zwee Bridder, hier Sich no enger Plaz an den neie Welten, no enger Aarbecht an d'Geschicht vun hiren Nokommen. D'Sich vum Lorenzo nom Lucia huet awer eng zentral Plaz, net just emotional, mee och literaresch.

De Lorenzo begéint op der Sich nom Lucia och aner Fraen, déi him gefalen, mee et ergëtt sech awer ni eppes. Duerch déi zimlech luguber Atmosphär vun Aarmut, Verluersinn a Verzweiwlung bléist awer e Voile aus Seductioun, Liewegkeet a Liewensloscht.

"An dat ass am Kontrast zu Manzoni sengem "I promessi sposi". Dat ass eng reng Libesgeschicht. Déi zwee gi getrennt an dat eenzeg, wat de Renzo am Kapp huet ass d'Lucia erëm ze fannen. D'Lucia manner, well si geet an e Klouschter, well si net wëll bei engem anere sinn. Ech hu fonnt, datt esou vill Joer oder Joerzéngte méi spéit, datt een do déi ganz Affär vun der Léift, datt een déi méi a Gefor setze kann. An dofir dauchen da Fraen op, ronderëm de Lorenzo, eng no der anerer, déi awer all an enger Situatioun sinn, wou si net prett sinn, an hien och net, well hie jo op der Sich vum Lucia ass. Et ass kee Spillchen, mee et ergëtt sech eng gewëssen Déift vu Gefiller, déi awer nobel bleift, doduerch, datt se sech net realiséiert. "

Zweete Weltkrich: Och de Leonardo ass betraff

Den Éischte Weltkrich huet eng Plaz an dësem Joerhonnertroman vum Jean Portante. Mee et ass den Zweete Weltkrich, dee vill Raum anhëlt. Et sinn déi italienesch Immigranten, déi vum Hitler an Italien zréck geschéckt gi sinn, fir do fir den Mussolini an de Krich ze goen. Dat wieren och Zwangsrekrutéierter , déi awer ze Lëtzebuerg net als solch ugesi ginn, erkläert de Jean Portante. Ee vun deenen ass dann de Leonardo.

"Dat huet mer erlaabt un dat unzeknäppen, un dat, wat ech ëmmer a menge Romaner soen, an da gëtt dat autobiographesch, wou ech hierkommen, wou meng Mamm hierkënnt, obschonn déi Personnagen ëmmer en aneren Numm hunn, ass dat ëmmer déi selwecht Geschicht. D'Tatsaach ass awer, datt deen agezu gëtt an doduerch dann déi ganz Feldzich matmécht vun El Alamein un bis a Sizilien. Op der anerer Säit hu mir och en Nokommen, an dee mécht dat Selwecht. Deen ass Amerikaner ginn an der Tëschenzäit, an d'Amerikaner sinn op Sizilien gelant a kommen och an Italien. An dat huet mir erlaabt am Fong geholl e ganze Koup Saachen nosichen ze goen, do gëtt et vill Dokumentatioun, sou datt do erëm alles richteg ass, ech hunn déck Zeenen erausgeholl zum Beispill et ass de Patton, deen op Sizilien lant, ech wollt de Patton mat eran huelen, well fir Lëtzebuerg de Patton wichteg ass, an do hunn ech mir gesot, dat gëtt dann eng Didascalie, déi ee vläicht net brauch, dann hunn ech dat erëm erausgeholl, dann erëm dra gesat, erausgeholl... an zum Schluss ass et dann net méi dran.."

E komplexe Roman, deen een net verpasse soll

Leonardo ass en immens komplexe Roman, deen een un dem Gabriel Garcia Marquez säin "100 ans de solitude" denke léisst. An et ass absolut net vun Nodeel, wann een dem Alessandro Manzoni seng "Les Fiancés" gelies huet, fir déi vill Uspillungen an Exkurse besser situéieren ze kënnen.

Wat een awer definitiv net verpasse soll, ass den éischten Deel vun dëser Trilogie,"L'architecture des temps instables" ze liesen.

"Ech hunn ee vun den Narrateuren erëm geholl, deen an der Architecture des temps instables war, deen do bekannt ass, Schrëftsteller ze sinn, an deen an dem heite Buch dee gëtt, deen d'Architecture des temps instables geschriwwen huet, dee kënnt awer nëmmen, par la bande an d'Geschicht eran, e bësse billiardsméisseg well ee vun de Nokomme vun den Tramagni, vun der Lëtzebuerger Säit, well wëssen, wat a sengem Passé lass war. "

Och wann dëse Roman vun de Protagonisten hier reng Fiktioun ass, sou stécht eng immens Recherche dohanner an et ass eng Fiktioun, déi net just d'Geschicht vum Jean Portante senge Virfaren, mee vu villen italieneschen Immigranten erzielt.