Radioen

On air

Notturno  |  Fortunato Durutti Marinetti - Misfit Streams

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Kulturmann a Mann vu Kultur

Noruff

Ee Kulturmann a Mann vu Kultur

Iwwert de Päischtweekend ass de Guy Wagner gestuerwen. De fréieren Direkter vum Escher Theater a Schrëftsteller war laang Joren Mataarbéchter vum radio 100,7. Musek war och ee grousst Thema a sengem Liewen.

auto_stories

3 min

Theater, Literatur, Musék, Molerei : Kultur war dem Guy Wagner seng Leidenschaft (Wolfgang Osterheld / © Collection CNL)

Konscht, déi sech engagéiert, déi kritesch hannerfreet – dat war ëmmer dem Guy Wagner säi Credo. An un deem huet hien och nach bis zulescht festgehalen. De Guy Wagner war ee kriteschen, an och ee sträitbare Publizist an Auteur, dee sech och emol mat heftege Wieder fir eng Saach agesat a polemiséiert huet, ewéi mat der Trilogie "Helleg Famill". Sammlungen ewéi "Ziviler Ungehorsam" ginn d’Haltung vun dësem engagéierte Kulturmënsch erëm.

Kultur a Mënsch – dat ass ee Binôme, dee fir de Guy Wagner net ze trenne war. Als Matinitiator vum Cercle européen de la propagation des arts, der Summerakademie, huet hien d’Konscht an d’Mëtt vun der Gesellschaft gedroen, grad ewéi hien et a senge Joren als Direkter vum Escher Theater gemaach huet a virdrun als Grënner vun de "Cyranos", dem Theatergrupp am Lycée technique des arts et métiers.

Mam Samuel Becket verbonne gefillt

Den Theater war eng vum Guy Wagner senge grousse Leidenschaften, virun allem, wat déi kreativ Säit ugeet. Mam iresche Schrëftsteller Samuel Beckett huet e sech besonnesch verbonne gefillt. D'Waarden an d'Hoffen op Eppes, wat sech letztendlech awer ni realiséiert – dëst Beckett-Leitmotiv fënnt een och bei de Komponistefiguren, déi de Guy Wagner zu Romanprotagoniste gemaach huet: Sief et de "Frère Mozart", de Franz Schubert op senger "Winterreise", de Gustav Mahler op sengem leschte Wee oder den Erich Wolfgang Korngold.

Virun zwee Joer mellt de Guy Wagner sech eng leschte Kéier mat sengem Leitmotiv zu Wuert: "Nochmals hoffend", ee Roman iwwert de Moler Paul Klee.

Ee Kulturgourmang

Theater, Literatur, Musek, Molerei – de Guy Wagner war ee Kulturmann, ee Mann vu Kultur, ee Sammler, jo ee Kulturgourmang. Hie war och ee vun de wéinege Spezialiste vum Wierk vum griichesche Komponist Mikis Theodorakis, säi perséinleche Frënd iwwert deen hien zwee Bicher geschriwwen huet, awer och een intime Kenner vun der einheimescher Musekszeen, déi an enger Anthologie dokumentéiert ass.

Fir säi Roman "Winterreise" iwwert de Franz Schubert krut de Guy Wagner iwwregens den éischte Präis beim nationale Literaturconcours 2005.

De Guy Wagner ass iwwer de Päischtweekend am Alter vun 78 Joer gestuerwen.