Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Liewen a Biller

Darcy Padilla

Ee Liewen a Biller

Wann een hir Fotoe kuckt, kann een net onberéiert bleiwen. D'Darcy Padilla huet mat hirem Laangzäitprojet iwwer d'Julie Baird eng Aarbecht hannerlooss, déi zugläich touchant an impressionnant ass. Si gouf mam World Press Photo Award ausgezeechent.

auto_stories

7 min

D'Darcy Padilla huet am Ganzen 21 Joer um Buch geschafft.

Der Darcy Padilla läit et um Häerz, mat hire Fotoen eng Geschicht z'erzielen. Wéi déi amerikanesch Fotografin zwielef Joer al war, hat si hire Papp gefrot, fir eng Spigelreflexkamera ze kréien. Si wollt Fotoe fir d'Joerbuch am Lycée maachen. Domat huet hir Passioun fir d'Fotografie ugefaangen. An déi huet net méi opgehalen. "Vun do u wollt ech Foto-Journalistin ginn. Ech hu Journalismus studéiert a sinn tëschent Journalismus a Konscht hin an hier gesprongen."

D'Darcy Padilla huet vill Stagë bei Zeitunge gemaach. Ugefaange mat klengen, lokalen Zeitunge bis bei d'Washington Post an d'New York Times. "Ech krut eng Offer vun der Times, mee hunn d'Plaz net ugeholl. Dee Moment hunn ech decidéiert, d'Dokumentarfotografin ze ginn a mech op méi laang Projeten ze konzentréieren."

Hiren éischte Projet war een iwwer Aids a Prisongen. Duerno huet si e Projet iwwer Stroossekanner am Guatemala gemaach. Wéi si vun do heem koum, huet si eppes iwwer d'medezinesch Betreiung vu Sans-Abrise gemaach. "Ech hunn ee Joer mat engem Team vun Dokteren, Infirmièren a Sozialaarbechter verbruecht. An esou hunn ech d'Julie kenne geléiert."

Julie

D'Julie, dat ass d'Julie Baird. 18 Joer laang huet d'Darcy Padilla dës Fra fotograféiert. D'Resultat ass d'Buch "Family Love 1993-2014". Am Ganzen huet d'Fotografin 21 Joer un dësem Wierk geschafft.

1993 huet d'Darcy Padilla d'Julie Baird fir d'éischt begéint. "Bei eiser éischter Renconter hat si hire Bëbee, d'Rachel um Aarm. Hire Frënd sot mir, d'Rachel hätt hinnen e Grond ginn, fir ze Liewen."

Et hätt eng Zäit gedauert fir eng Relatioun mat der jonker Mamm opzebauen, erënnert sech d'Darcy Padilla. D'Julie wier immens virsiichteg gewiescht. "Ech hu séier gemierkt, datt si ganz aner Problemer hat, wéi eng Fotojournalistin, déi un hir Dier klappt."

Déi jonk Fra hat Aids. Si war drogenofhängeg a manesch depressiv. Si huet mat hirem Partner an enger prekärer Situatioun gelieft a war gesondheetlech net gutt a Form. D'Aids-Erkrankung war de Grond, firwat d'Julie de fotografesche Liewensprojet mat der Darcy Padilla wollt realiséieren. Ufanks hätt si zwar nach net esou vill gesondheetlech Problemer dowéinst gehat, mee psychesch wier dat anescht gewiescht. Schlëmm wier et ginn, wéi hire Partner gestuerwe wier, erënnert sech d'Fotografin. "Si huet realiséiert, datt si vläicht net méi do wier, fir fir hir Kanner ze suergen." Iwwert de Wee vun de Fotoe sollt hir Geschicht erzielt ginn, fir wa si net méi géing liewen. D'Julie wollt hire Kanner eppes hannerloossen.

E schwéiert Liewen

Zënter deem war d'Darcy Padilla der Julie Baird hir perséinlech Fotografin. Fir d'Journalistin, déi als fräischaffend Fotografin hiert Brout verdéngt huet, war dat eng grouss organisatoresch Aufgab. Si huet missen dee Moment do sinn, wann d'Julie sech gemellt huet. Esouguer bis an Alaska ass d'Darcy Padilla der Julie Baird nogereest. Wéi dacks sech déi zwee gesinn hunn, houng vill vun hire jeeweilege Verflichtungen of.

D'Julie ass bis zu zwielef Mol am Joer geplënnert an huet dacks an Hotelszëmmere gewunnt. Déi jonk Fra hat et net einfach, si war mat brutale Männer liéiert a krut am Ganze sechs Kanner, déi hir wéinst hire Liewensëmstänn ewech geholl goufen. Der Julie hir Liewensgeschicht ass eng vu Gewalt, Drogen, Aarmut. Mee et gouf och positiv Momenter. D'Julie huet eng Entzéiungskur gemaach an iwwert de Julie-Projet hire biologesche Papp kennegeléiert. 2010 ass si un de Suite vun hirer Aids-Erkrankung gestuerwen. D'Darcy Padilla huet d'Famill awer weider begleet an huet nach haut Kontakt mam Julie hirem éischte Kand.

"Et war net mäi Liewen"

Kuckt een d'Buch "Family Love", da kënnt automatesch d'Fro op, wéi d'Fotografin perséinlech mat der Experienz ëmgaangen ass. D'Darcy Padilla seet, si wier pragmatesch a professionell bliwwen, mee hätt emotional net ëmmer kënnen neutral bleiwen. "Ech sinn dacks gefrot ginn, wéi ech konnt derbäi sinn, wann der Julie hiert Liewen ausernee gefall ass. D'Äntwert déi ech kann dorop ginn, ass déi: "Ech sinn net deejéinegen, deen dat duerchgemaach huet." Nach haut géing d'Darcy Padilla dacks un d'Julie denken, genee esou, wéi un aner Leit aus hirem Liewen, déi verscheet sinn. Wat hir gehollef hätt, wier hiret Tagebuch, hir Frënn an hire Partner. Si wieren déi ganz Zäit iwwer fir si do gewiescht.

D'Geschicht geet weider

Fir déi amerikanesch Fotojournalistin ass mam Buch "Family Love" ee Kapitel an hirem sougenannte Julie-Project ofgeschloss. De Projet u sech geet awer weider. Mat der Julie Baird hirem eelsten an hirem jéngste Meedchen. Allerdéngs ass d'Darcy Padilla sech bewosst, datt der Julie Baird hir Meedercher zu all Moment kënnen dës Disponibilitéit refuséieren. "Et ass wichteg sech virun Aen ze halen, datt et d'Geschicht vun de Leit ass, déi ech fotograféieren." Et wier nëmmen e Privileg, dës Geschicht kënnen als Fotograf ze begleeden. "Si kann zu all Zäit ophalen." D'Darcy Padilla wier awer fir déi zwee Meedercher wéi e Familljemember. "Fir d'Rachel sinn ech deen, deen am noosten un d'Roll vun hirer Mamm erukënnt."

18 Joer a Fotoen

Wat d'Kreatioun vu "Family Love" ugeet, war dat eng Heedenaarbecht. Wéi vill Fotoen d'Fotografin an den 18 Joer am Kader vum Julie-Project gemaach huet, kann si net soen.

197 Fotoen a 15.000 Wierder erzielen zesummen, awer och onofhängeg vun eneen d'Geschicht vun der Julie Baird. Vun hirer Drogenofhängegkeet, hirer Aids-Infektioun, hire verschiddene Partner, der Renconter mat hirem Papp a vun hiren eegene Kanner. Virun allem awer ass et d'Geschicht vun dëser Fra, déi an all dëse wierklech net optimale Konditiounen den éierleche Wonsch hat, hire Kanner eppes ze hannerloossen. Déi hinne wollt soen, datt si frou mat hinnen ass.

Zesumme mam Emmanuel Carrère

Fir d'Darcy Padilla war et wichteg, datt een dem Julie seng Geschicht nëmmen iwwert d'Fotoen, oder awer och nëmmen iwwer d'Wierder kéint verstoen. En Challenge, souwuel fir si als Fotografin, wéi och fir den Emmanuel Carrère. De franséischen Auteur huet d'Texter fir an d'Buch geschriwwen.

Dat franséischt Editiounshaus "La Martinière" hat der Darcy hir Aarbechten op enger Expo zu Perpignan gesinn a gefrot, ob si wéilt bei hinnen a Buch maachen. Iwwert dee Wee hätt si vill kreativ Fräiheet kritt, erënnert sech d'Dary Padilla. Iwwert d'Editiounshaus wier si och mam Emmanuel Carrère a Kontakt komm.

De Schrëftsteller a Journalist sollt fir "6 Mois" en Artikel iwwer der Darcy hir Fotoe schreiwen. Bei der éischter Visioun vun de Fotoe vum Julie-Project ass den Emmanuel Carrère wuertwiertlech dorun hänke bliwwen. Hie wollt onbedéngt bei dëser Publikatioun matschaffen. "Hien huet mech gefrot, ob ech wéilt e puer Deeg mat him verbréngen. Natierlech hunn ech jo gesot." Den Auteur hat der Darcy e puer vu senge Bicher, dorënner "L'Adversaire" an "Un roman russe" geschéckt, fir datt si sollt en Androck vu senger Aarbecht kréien. "Ech hu si an engem Zock gelies. Ech konnt si net ewech leeën." D'Zesummenaarbecht mam franséischen Auteur hätt gepasst, esou d'Darcy Padilla.

Fir "Family Love 1993-2014" ass d'Darcy Padilla mam World Press Photo Award ausgezeechent ginn. Doduerch wier hiert Buch an der ganzer Welt ausgestallt ginn, seet d'Fotografin. "D'Leit hu mir geschriwwen a mir gesot, wéi vill d'Geschicht si beréiert huet. D'Geschicht ass universell. Si ass net nëmmen iwwert d'USA. Mënsche wéi d'Julie ginn et iwwerall op der Welt."


D'Darcy Padilla ass vum 24. bis 26. August zu Lëtzebuerg. Am CNA goufen e Workshop an eng Konferenz mat hir organiséiert.

Lauschtert hei de ganzen interview mat der Darcy Padilla:

Interview mat der Darcy Padillaplay_arrow