arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Pionéier aus dem Lëtzebuerger Theater

25 Joer 100,7

|
reading time

1 min

Ee Pionéier aus dem Lëtzebuerger Theater

De Marc Olinger ass sécher ee Mënsch, deen zu Lëtzebuerg den Theater wéi kaum en anere markéiert huet. An dat net nëmmen duerch seng artistesch Kompetenzen, mee och am administrativen Theaterberäich, a senger Funktioun als Direkter vum Kapuzinertheater.

reading time

1 min

25 Joer laang stoung de Marc Olinger un der Spëtz vum Kapuzinertheater, eng sécher Guiness Buch-räif Leeschtung. 2010 ass de Marc Olinger an d'Pensioun gaangen. Leider ass hie vill ze fréi den 8. Januar 2015, grad emol zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag zu Lyon gestuerwen.