Radioen

On air

Tockcity  |  Ride - Last Frontier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Text, dee beweegt

Demandez au président

Een Text, dee beweegt

Eng gefaange Journalistin an de President vum Burundi. E Gespréich tëscht zwee ganz verschidde Mënschen, mat verschiddene Liewen, verschiddene Virstellungen, verschiddene Positiounen. Dem Rafael Kohn säin Text "Demandez au president" ass am TNL gelies ginn.

auto_stories

2 min

Fir dem Rafael Kohn säin Text huet eis Kulturjournalistin vill Luef iwwreg. Foto: Archiv.

Et war e kuerzen awer ganz intensive Moment am TNL mat der Brigitte Urhausen an dem Michael Ojake .

Eng Journalistin an e President. E President vun engem Land, iwwer dat mir am Duerchschnëtt net vill wëssen. De President vum Burundi, e Land tëschent Ruanda an der Demokratescher Republik Kongo. Eent vun den äermste Länner op der Welt, gezeechent vun engem bluddegen an éiwege Wee an d'Onofhängegkeet.

Op richtege Leit baséiert

De Rafael Kohn huet sech fir säin Text um burundesche President Pierre Nkurunziza an den zwee Journaliste Jean-Phillippe Rémy an Phil Moore inspiréiert.

De franséische Journalist, dee fir déi franséisch Dageszeitung Le Monde schreift an de fräischaffende britesche Fotograf waren am Januar 2016 am Burundi festgeholl ginn an hiert Aarbechtsmaterial gouf confisquéiert. Op dëser Virlag ass den Text vum Rafael Kohn opgebaut. E Gespréich tëschent dem President an enger Journalistin.

Wat ass d'Wourecht?

Wat dem Rafael Kohn mat dësem Text geléngt, ass en anere Bléck: net just op déi fir Europäer dacks onverständlech Situatioun a villen afrikanesche Länner ze geheien, mee och eis Berichterstattung ze hannerfroen. Wat sinn déi universell Wäerter a wat bedeite se. Dora fillen sech virun allem d'Europäer grouss Experten, mee kënne Wäerter och anescht ausgeluecht, anescht betruecht ginn?

Kann een, wann een esou Ënnerschiddleches erlieft huet, wann een en aneren Hannergrond - historesch, geographesch, klimatesch, ekonomesch, familiär - huet, um selwechte Wee zu der selwechter Erkenntnis kommen? A wéi eng Roll spillt de Westen, spillen d'Medien? Wat vermëttelen si a virun allem firwat a wéi maachen si dat? Wou ass d'Wourecht?

Eng nei Perspektiv

Déi ganz ënnerschiddlech Point de Vuë ginn op der Bühn nach duerch aner Facteuren ënnerstrach: Mann a Fra, Däitsch an an Englesch, Europäer an Afrikaner.

Een Text, dee beweegt, dee beréiert, deen opwullt, ganz am Stil vun engem Milo Rau oder engem Henning Mankell - an hei ass net de Kommissar Wallander gemengt - geléngt et dem Rafael Kohn eng Perspektiv ze schafen, déi irritéiert, well se kee vereinfacht Bild erlaabt, kee schwaarz a wäiss, kee Gutt a Béis.

Demandez au président ass e Stéck, dat een hoffentlech nach emol héiere, gesinn oder liese kann.