Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ein Känguru wie du

Theater

Ein Känguru wie du

"Ein Känguru wie du", en Theaterstéck fir Kanner, dat dëser Deeg vill Schoulklassen an der Abtei Neimënster kënne gesinn. E Stéck, dat fir Polemik gesuergt huet.

auto_stories

5 min

En Dënschdeg Moien am Sall Robert Krieps an der Abtei Neimënster. Sëllech Schoulklasse stréimen eran a Begleedung vun hiren Enseignante fir d'Kannertheatherstéck "Ein Känguru wie du" ze gesinn. D'Thema wier an der Klass schonn opkomm an d'Theaterstéck wier e schéine Moment fir dat opzegräifen an dann an der Klass doriwwer ze schwätzen, sou en Enseignant. Een aneren Enseignant ass komm fir senge Kanner déi Wäerter ze vermëttelen, déi och fir hie wichteg an der Gesellschaft sinn.

"Weibchen, Männchen, Ananas - es ist doch egal, was man lieber mag. Hauptsache man mag überhaupt irgendwas." - e Saz, dee wuel am Beschten d'Stéck "Ein Känguru wie du" resuméiert. E wäissen Tiger, deen net ganz hell ass, e schwaarze Panther, dee Vegetarier ass, en Dompteur, dee seng Déiere verwinnt.

Et ass schonn eng komesch Welt an dësem Kannerstéck, dat sou muench erwuesse Gemidder erhëtzt huet. Mee et ass net de vegetaresche Puma, net d'Déieren, déi schwätzen an och net, datt se vum Mier a Plage dreemen, dat hei zu Lëtzebuerg souguer eng Question parlementaire ausgeléist huet, mee et ass alles dem Känguru seng Schold, well de Känguru, dee mir hei begéine schwul ass.

Ee schwule Känguru, dee jiddweree boxt

Déi zwou, alles anescht wéi wëll Kazen, übe schonn zanter engem Joer mat hirem Trainer sëtzen, leien, Männche maachen an duerch e Feierreef sprange fir den éischte Präis bei engem Concours ze gewannen. Si fille sech och ganz wuel bei hirem Trainer, bis se de Verdacht kréien, hiren Trainer wier schwul.

Et gëtt fir déi zwee just eng Léisung, fort vun deem. Si lafe fort, mee owes si se guer net méi frou, si hunn Honger, si midd a kee Sou an der Täsch. Do begéine si dem Känguru, dee staark ass, dee jiddwereen nidderboxt, mee deen eleng an traureg ass. De Känguru verplappert sech a verréit, datt hie schwul ass, mee déi zwou Kätzercher sinn esou vun him faszinéiert, datt si hie mat huele bei hiren Trainer, well se gemengt hunn, déi zwee wieren dach eng flott Koppel.

Mat engem hu se awer net gerechent. Datt hiren Trainer net just schwul ass, mee och nach voller Viruerteeler stécht a mat Roserei, Eekel an Ofweisung reagéiert. Mat wuelbekannten Argumenter.

Verschidde Reaktiounen op d'Stéck

Ee Stéck, dat bis elo 35 mol opgefouert ass, eng Virlag, déi mat sëlleche Präisser ausgezeechent gouf. Wéi waren dann d'Reaktiounen an Däitschland? De Regisseur Florian Burg:

"In Deutschland gab es keinen Widerstand in der Politik. Es gab schon Fragen von besorgten Eltern, ob der Stoff geeignet wäre für die Kinder und die teilweise die Schulleitungen unter Druck gesetzt haben und mit Klagen gedroht haben. Dann haben sich aber über Einverständniserklärungen des Besuchs die Schulleitungen abgesichert und es sind nur wenige Kinder fern geblieben. Bedauerlicherweise, denn es ist ein wunderbares Stück."

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet a senger Question parlementaire un den Erzéiungsminister Claude Meisch ënner anerem gefrot, ob d'Kanner missten Theaterstécker iwwer Homosexualitéit kucke goen. Elo haten déi jonk gréng dem Fernand Kartheiser een Entréesbilljee geschéckt, fir datt hie sech mol "Ein Känguru wie du" sollt ukucken. De Fernand Kartheiser huet dës Aluedung net ugeholl, mat enger Rei Argumenter, een dovun, datt hien e Katholik wier.

De Regisseur Florian Burg mengt dozou, datt souguer de Bistum, also déi kathoulesch Kierch, eng Veranstaltung reservéiert hätt. "Man kann schon sagen, dass das Thema tatsächlich in der Gesellschaft angekommen ist, und das freut uns natürlich sehr."

Solle Kanner e Stéck iwwer Homosexualitéit kucke goen?

Kann ee Grondschoulkanner dann en Theaterstéck iwwer Homosexualitéit zoumudden, Florian Burg?

"Also wir sehen ja die Begeisterung der Kinder nach den Vorstellungen. Tatsächlich, diese Fragestellung, die wir Erwachsenen uns stellen, können Kinder das vertragen, können Kinder das verstehen, die stellen die Kinder überhaupt nicht und reflektieren da auch gar nicht, sondern sehen es, wie es auch im Stück schön vorgelebt wird, als etwas ganz selbstverständliches, ganz natürliches und wie sagte das Känguru: Ich bin so geboren, so wie ich Linkshänder bin. Das wird von den Kindern verstanden und akzeptiert und das finden wir natürlich toll."

Mee eent muss een awer nach soen: "Ein Känguru wie du" ass net op éischter Linn e Stéck iwwer Homosexualitéit, et ass e Stéck iwwer Frëndschaft an Elengsinn, iwwer Klischeeën, iwwer Gefiller a Léift, iwwer Exklusioun an iwwer Zesummenhalt. E subtilt, witzeg, sensibelt a beréierend Stéck. E Stéck mat engem Happyend, wou eben, wéi scho gesot, just eent zielt: "Weibchen, Männchen, Ananas. Es ist doch egal, was man lieber mag. Hauptsache man mag überhaupt irgendwas."

An de Rot vun enger Enseignante:

"Ech géif deene Politiker mol uroden, sech mat Kanner doriwwer ze ënnerhalen. Well ech mengen, si (d'Politiker) sinn déi, déi d'Viruerteeler am Kapp hunn a mir sinn et, déi d'Viruerteeler un d'Kanner weiderginn. Wa mir opbleiwen, wéi d'Kanner, virwëtzeg, da passéiert dat doten net. Dat Wuert Toleranz, vun deem Wuert kann een halen, wat ee wëllt, mee Toleranz ass de Respekt an dat Zesummesinn mat deenen Aneren. Grad Politiker missten dat jo maachen, well si si jo stellvertriedend gewielt an ech denken, si misste sech dat Stéck ukucke goen, mat de Kanner zesummen an dann eng Diskussiounsronn maachen. Dat géif vläicht de Politiker hëllefen, d'Vu vun de Kanner ze adoptéieren, wat vläicht fir d'Politiker net schlecht wier."