Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Emmanuel Ruben - Sur la route du Danube

Buch-Tipp fir de Summer

Emmanuel Ruben - Sur la route du Danube

Nom Claudio Magris sengem monumentale Wierk "Danubio" huet sech de franséische Schrëftsteller Emmanuel Ruben mam Vëlo op de Wee laanscht Donau gemaach. Dobäi ass e Wierk entstanen, dat fir d'Valerija Berdi net just d'Buch vum Summer, mee sécher och d'Buch vum Joer ass. Et ass net d'Rees, mee dem Ruben seng Sprooch, seng akribesch Observatiounen an d'Léift fir dëse Floss an d'Mënschen, déi do liewen, déi faszinéieren. D'Valerija Berdi mam Buch-Tipp fir de Summer: "Sur la route du Danube."

auto_stories

3 min

D'Odyssee vum Emmanuel Ruben a sengem Kolleeg Vlad fänkt zu Odessa an un féiert bis op Stroossbuerg.

Eng Rees mam Vëlo, wou de Vëlo awer u sech guer keng Roll spillt, ausser datt en mol fir méi lëschteg Momenter an dësem 600-Säite Wierk suergt.

Och wann Odessa u sech den Depart ass, sou ass d'Donau mat hiren 2.857 Kilometer deen zweetlängsten europäesche Floss, déi dann net de roudn,e mee de bloe Fuedem ass. Den Emmanuel Ruben ass Geograf an als solchen huet hien och dëse Roman geschriwwen, eng Zort Vermiessung vun den Ufere vun der Donau. An dat mat alle Facetten. De literareschen an historeschen, de geographeschen a virun allem de humanisteschen. Egal wéi grouss dem Ruben seng Passioun fir d'Geografie ass, si ass ëmmer nach eng Grëtz méi grouss fir dat Mënschlecht. An esou léiert ee beim Liesen net just déi zéng Länner kennen, déi d'Donau duerchsträift oder déi se verbënnt, mee virun allem d'Mënschen, déi do liewen. Den déiwe Respekt virun all eenzele Mënsch, deem de Ruben begéint, seng onmoosseg Kenntnisser vun der Kultur an d'Begräife vun de sozialen a politeschen Ëmstänn an Zesummenhäng sinn esou erfrëschend, beandrockend a faszinant.

Humor, Sehnsucht, mee e melancholeschen Toun um Fong

Dotëschent ëmmer Momenter voller Humor, de Fong gëtt awer an engem melancholeschen Toun gehalen.

Je pense au chant XI de l'Odyssée, je pense aux cinq fleuves des Enfers, je pense au Styx, le fleuve de la haine: je pense à l'Achéron, le fleuve du chagrin; je pense au Cocyte et au Phlégéthon, fleuves faits de larmes ou de flammes; je pense au Léthé, le fleuve de l'oubli; je pense à toutes ses rivières mythologiques convergeant dans le monde souterrain morbide et pestilentiel.

Eng eklatant Sehnsucht, déi awer net ze faassen ass bënnt ee mat enger enormer Intensitéit un dest Wierk, e Gefill, dat ech bis elo praktesch nëmme bei grousse Klassiker empfonnt hunn.

Den Emmanuel Ruben consacréiert de groussen Deel dem ëstlechen Deel vun der Donau, hie selwer huet eng Zäit an der Vojvodina gelieft an hien ass a ville slawesche Sproochen doheem. Et ass dann och dësen éierlechen Interessi fir de Balkan, deen ee beim Liese constatéiert an deen zu dëser magescher Atmosphär bäidréit. Liewensfreed trëfft op Morbiditéit, Magie op knallhaarde Realismus.

Désormais, je sais pourquoi nous roulons à contre-courant. Descendre un fleuve, c'est aller vers la mort.

D'Chance Géigenden nees positiv ze gesinn

Effektiv ass et aussergewéinlech, de Floss vu senger Mëndung an net vu senger Quell aus ze begleeden, mee et ass net just dat romantesch-morbid Bild, dat fir de Ruben d'Argument ass. Et war fir hien och wichteg, de Wee vun den Immigranten ze maachen, net just den aktuellen, mee allen an der Geschicht vun Europa.

An dann all Duerf, all Stiedche gëtt Raum fir Iwwerleeungen, mol literaresch, mol philosophesch, mol politesch:

J'ai le blues du Danube alors je traverse Pozarevac en coup de vent, je n'irai pas me recueillir sur la tombe de Milosevic, je ne tiens pas à creuser la terre à la recherche de la vérité historique, moisir dans le cauchemar de l'histoire n'est pas mon affaire - la seule chose qui m'interesse, c'est la géographie, la géographie qui se mange et qui se boit, la géographie qui parfume l'asphalte, ...

Den Emmanuel Ruben huet dëse vill beschriwwene a besongene Floss an engem wierklech aussergewéinleche Kader agefaangen, e Buch, dat een absolut liese soll, well et engem déi grouss Chance gëtt nei a positiv Säite vu Géigende kënnenzeléieren, déi an eise Käpp dacks just nach negativ konnotéiert sinn.