Radioen

On air

Notturno  |  Florence Besch - Weak

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En amerikaneschen Donateur fir de Mudam

American Friends of Mudam

En amerikaneschen Donateur fir de Mudam

Eng Hellewull Institutioune gi vun Amis'en ënnerstëtzt, Lëtzebuerger Muséeën zum Beispill vun den Amis des Musées, e lokale Support. Et existéieren awer och transatlantesch Initiativen, wéi d'American Friends of the Tate oder d'American Friends of the Pompidou. Enn Mee 2019 goufen zu New York d'American Friends of Mudam gegrënnt. An iwwer si huet den New Yorker Konschtsammler Raymond J. Learsy dem Mudam en Don vu 16 Konschtwierker gemaach.

auto_stories

4 min

Vue de la présentation Donations et dépôts récents, 21.09.2019 - 13.04.2020, Mudam Luxembourg © Photo : Rémi Villaggi | Mudam Luxembourg

De Raymond Learsy huet d'Erfarung gemaach, datt engem zu Lëtzebuerg eleng schonn duerch e "Moien" vill Sympathien zoufléien. Hien ass zu Lëtzebuerg op d'Welt komm, mee déi jiddesch Famill Learsy ass ufangs vum Zweete Weltkrich an Amerika geflücht. Dohannen huet de jonke Raymond erfollegräich d'Wharton School, also d'Business School vun der University of Pennsylvania, ofgeschloss, op där zum Beispill och den Donald an d'Ivanka Trump, den Elon Musk oder de Warren Buffett studéiert hunn.

No den Etüden huet de Raymond Learsy fir d'éischt eng Passioun fir d'Oper entwéckelt, an no an no huet hien ugefaangen, Konscht ze sammelen. A sengem professionelle Liewen huet hien der chemescher- an der landwirtschaftlecher Düngerindustrie Masseréistoffer verkaf, hien huet mat Ueleg a Gas gehandelt. An zwar net just an den USA, mee och a Kanada, Europa, am Noen Osten, Südamerika an Afrika.

D'Geschicht vun de Leit simultan erliewen

Ufangs der 1980er ass hie Privatinvestisseur ginn an huet sech tëschent 1980 an 1986 an der Reagan-Administratioun am National Endowment for the Arts, eng staatlech Konscht- a Kulturfondatioun, engagéiert. Hien ass och Administrateur vum Whitney Museum, wou och seng am Joer 2015 verstuerwe Fra Melva Bucksbaum immens aktiv war. Konscht ass fir de Raymond Learsy net just kënschtlech.

"Wéi aner Populatioune liewen, kënne mir duerch d'Konscht vun hire Kënschtler verstoen. Mir hunn haut d'Méiglechkeet, wéi ni virdrun an der Geschicht vun der Mënschheet, quasi simultan matzeerliewen, wat an Nigeria, Indonesien, a Japan, zu San Francisco oder Buenos Aires, wat zu Paräis geschitt. Mee fir d'Informatioune richteg ze verstoen, ze realiséieren, wat eis Ënnerscheeder sinn, respektiv wat unique ass un deene verschiddene Kulturen, mat deene mir konfrontéiert sinn, ass et a mengen Aen am sënnvollsten, sech mat der zäitgenëssescher Konschtwelt ze beschäftegen."

De Raymond Learsy mécht reegelméisseg Donatiounen - an Amerika. Do gëtt hie vill a gären: un de Whitney Museum, de Moma, an anerer. D'Schenkung fir de Mudam huet mat der Plaz, manner mat enger Kollektioun ze dinn.

"Ech war fënnef Joer al, wéi mir Lëtzebuerg verlooss hunn, mee mir sinn nom Krich reegelméisseg hei gewiescht, fir Frënn a Famill ze besichen. Deemools war ech nach net esou engagéiert a Saache Konscht. Mee viru 40 Joer hunn ech alt dach vun Zäit zu Zäit geduecht, datt et fir Lëtzebuerg gutt wier, en zäitgenëssesche Konschtmusée ze hunn. An op eemol war en do, an en ass wonnerbar, aussergewéinlech. An da seng Positioun am Zentrum vu Westeuropa! Paräis, Amsterdam, Bréissel, Frankfurt si quasi ëm den Eck. Dee Musée ass e Cadeau an a gewësser Hisiicht eng Obligatioun. Mat engem Musée vun dëser Qualitéit, mat Mënschen, déi esou oppe sinn, wéi d'Lëtzebuerger et sinn, a mam Talent vun enger Susan Cotter an hirer Equipe, do kann d'Institutioun dach nëmmen ee vun den Zentre vun der zäitgenëssescher Konscht weltwäit ginn, net just vun Europa."

En Don fir de Mudam

D'American Friends of Mudam goufe gegrënnt, well de Raymond Learsy dem Mudam eng Donatioun maache wollt. D'Statute vun der Asbl erlaben et Amerikaner bei engem Konschtdon vun enger Steierbefreiung ze profitéieren. An deene meeschte Staate muss de Beneficiaire vun enger Schenkung Taxe bezuelen, an den USA ass et den Donateur. De Raymond Learsy huet deemno den American Friends of Mudam eng Donatioun vu 16 Wierker gemaach, an de Mudam dierf se an enger éischter Phas fir dräi Joer halen.

"De Museum of Modern Art, de Moma zu New York, ass ëmstrukturéiert ginn; d'Kollektioun presentéiert sech elo mat méi Weltsiicht. Mee natierlech vergësst de Moma net seng Verflichtungen de lokale Communautéite géigeniwwer. Lëtzebuerg huet wonnerbar Kënschtler, mee de Musée hei huet och eng Onofhängegkeet, vun där e profitéiere soll. An do knäppen ech mat menger Donatioun un: ech vermaachen dem Mudam net just amerikanesch, mee och belsch, franséisch, däitsch, iranesch, englesch Konscht. Ech wollt sécher goen, datt de Cadeau net lokaliséiert kéint ginn, datt d'Donatioun wierklech Attitüden aus der ganzer Welt reflektéiere géif."

Den amerikanesche Businessman mat de Lëtzebuerger Originnen huet awer dach och Kënschtler mat Lëtzebuerger Originne gesammelt:

"Meng Selektioune baséieren op de Krittäre "gutt oder schlecht", "Virléiften" an "Interessien". Effektiv ass e Michel Majerus bei der Donatioun dobäi, hien ass e wonnerbare Kënschtler; an de Steichen ass ee vun de grousse Fotografen. De Musée hei huet sech natierlech un deene Wierker interesséiert gewisen, an dat ass ok, ech klameren dat dann net aus. Mee du muss d'Kapassitéit hunn, fir all aneres och oppen ze bleiwen."