Radioen

On air

Tockcity  |  Caribou - Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En attendant Bojangles: Samuel Beckett vs. Nina Simone

Literatur

En attendant Bojangles: Samuel Beckett vs. Nina Simone

"En attendant Bojangles" vum Olivier Bourdeaut bréngt direkt zwee Schwéiergewiichter aus Literatur a Musek an d’Spill. Op der enger Säit steet dem Samuel Beckett säi Stéck "En attendant Godot". Op der anerer Säit der Nina Simone hir musikalesch Interpretatioun vu "Mr. Bojangles"

auto_stories

5 min

"En attendant Bojangles" ass eng Geschicht baussent der Norm.

Am Olivier Bourdeaut sengem Roman geet et ëm eng Famill, déi sech all de konservative Kontroverse vum Liewen entgéintsetzt a probéiert glécklech ze sinn. D'Mamm kritt all Dag vun hirem Mann en anere Virnumm. De Papp ameséiert sech domat, fir sech selwer nei Liewensgeschichten z'erfannen. An de Bouf probéiert, dat aussergewéinlecht Liewe vu sengen Eltere mat der Realitéit an der Schoul ënnert een Hutt ze kréien.

Dobäi kommen den Hausvugel, eng Hoergäns mam Numm "Mademoiselle Superfétatoire". An de Kolleg vum Papp, genannt "L'Ordure". Deen ass wuel Senator am Palais du Luxembourg zu Paräis. Hien ass awer vill léiwer mat der droleger Famill zesummen a genéisst d'Liewen. De Roman erzielt eng Geschicht baussent der Norm, déi den Eescht vum Liewen awer net ganz ignoréiert.

De Godot an de Mr. Bojangles

"En attendant Bojangles" verweist op zwee Klassiker aus Literatur a Musek. Engersäits dem Samuel Beckett säin "En attendant Godot". D’Stéck an dem déi zwee Vagabunden Vladimir an Estragon op de Godot waarden, deen ni kënnt a vun deem och kee wierklech weess wisou hien erwaart gëtt.

An der Nina Simone hir Versioun vum Jerry-Jeff-Walker-Song "Mr. Bojangles". Dëst Lidd erzielt déi melancholesch-schéi Geschicht vun engem ale Mann, deen am Prisong danzt wéi e jonke Prënz. Et ass e Lidd, dat swingt awer och iwwer d'Condition humaine nodenke léisst. An doriwwer, datt ee sech et grad a schwierege Situatiounen net soll huele loosse fir frou ze sinn an dat Bescht doraus ze maachen. De Sechs-Aachtel-Walzer Bojangles erkléngt am Olivier Bourdeaut sengem Buch all Owend vum Plackenteller. D'Mamm vum Haus ass verréckt no dësem Lidd a kann et kaum erwaarde fir mat hirem Mann dorop ze danzen. Fir si ass et eng alldeeglech Situatioun. .

Alles anescht wéi Normal

Normal am Sënn vu gewéinlech ass an dëser Geschicht nëmme wéineg. De Papp ass ee grousse Geschichtenerzieler an ënnerhält domat d'Leit. Emol ass de Georges den Nokomme vun engem ungaresche Prënz, dee sengerzäit de Graf Dracula frequentéiert huet. Eng aner Kéier ass hien de Fils vun engem autisteschen, räichen Detroiter Industriellen. D'Mamm huet hien op enger Soirée kenne geléiert:

J'allais prendre congé de cette belle assemblée - avant que mes folles histoires ne se télescopent sur le mur des confrontations, autour de la piscine, oú devaient se retrouver tous les invités - lorsqu'une jeune femme, la tête emplumée, en robe blanche et légère, tenant à l'extrémité de son bras ganté, le coude levé et la main inclinée, une fine et longue cigarette non allumée, se mit à danser les yeux fermés. Alors que l'autre main jouait avec un châle en lin blanc dans une frénésie de mouvements qui le transformait en partenaire de danse vivant, j'étais resté fasciné, par l'ondulation de son corps, les mouvements cadencés de sa tête remuant les plumes de sa coiffe, ce drôle toupet qui virevoltait silencieusement. Alternant au gré des rythmes entre la grâce d'un cygne et la vivacité d'un rapace, ce spectacle m'avait laissé bouche bée et pétrifié sur place.

Et dauert net laang, bis de Papp, de Georges sech hoffnungslos a si verléift:

Le temps d'un cocktail, d'une danse, une femme folle et chapeautée d'ailes, m'avait rendu fou d'elle en m'invitant à partager sa démence.

E Liewe wéi am Mäerchen

D'Mamm ass psychesch krank an hiren Zoustand verschlëmmert sech. Um Enn weess si keen Auswee méi. Dat hält de Georges awer net dovun of, dat Bescht aus hirem Liewen erauszehuelen. Schonn eleng, well hie sech vis-à-vis vum gemeinsame Bouf responsabel spiert.

Also lieft d'Famill wéi an engem Mäerchen. De ganzen Dag gëtt gemaach, wourop ee Loscht huet. Owes gëtt gedanzt, gefeiert an och gedronk. D'Bréiwer déi mat der Post komme fléien op e Koup, dee mat der Zäit sou grouss gëtt, datt de Bouf sech kann drop fale loossen ouni sech wéi ze doen. De Papp keeft e Schlass a Spuenien. A wann de Geck si paakt fueren déi dräi mat der "Mademoiselle Superfétatoire" a dohin.

Eng speziell Erzéiung

D'Mamm dierzt jiddereen, souguer hire Fils. Si erzitt de Bouf esou, datt hien eng enorm Frëndlechkeet a Galanterie besonnesch vis-à-vis vu Fraen un den Dag leet, wéi wann dat dat Normaalst vun der Welt wier. Hie begréisst Damme mat engem Handkuss a behëlt sech mondän. A tel point, datt aner Mammen, wa si dee Klenge gesinn, sech froe wien elo normal a wien aussergewéinlech ass. Hir kleng Bouwe mat Grimmele vu Kichelcher ronderëm d'Schnuff. Oder dee klenge Fils vun der Mamm, déi eng Hoergäns un der Léngt spadséiere féiert.

Detailer zielen

Dëst Buch am Kuerzen ze beschreiwen ass guer net méiglech an et wier ze schued. Dem Bouf seng Iwwerleeungen, datt hie bei der Schouljoffer anescht argumentéiere muss wéi doheem. De Papp, dee Geschichten erzielt. D'Mamm, déi all Nuecht, esou versteet de Bouf et, fir den Traiteur kacht an d'Iessen den drop nees dohi siche geet. Oder de Coup, deen d'Mamm an de Papp orchestréiere wann d'Saach aus de Fuge geréit, well der Mamm hier Krankheet akut gëtt ...

All déi kleng Detailer déi ee schmunzelen doen, maachen aus dem Olivier Bourdeaut sengem Buch "En attendant Bojangles" ee modernt Mäerchen.

E Roman mat Liichtegkeet, Muttwëllegkeet a Fräiheet

Et ass eng exzellent Fabel, déi sech liicht liest a vill Freed mécht. Anerersäits bréngt si de Lieser dozou nozedenken. Doriwwer, ob dat wat een am Alldag als normal, gutt a gewéinlech ëmpfennt, et wierklech ass. D'Geschicht ass eng Opfuerderung fir dat "Normaalt" aus engem anere Bléckwénkel ze kucken. An d'Erzielung stellt d'Fro, ob d'Gesellschaft, wéi si haut fonctionnéiert, iwwerhaapt prett ass dat auszehalen, wat si ville Mënschen undeet. Ass d'Gesellschaft bereet, Mënschen z'integréieren, déi aus der Rei stiechen? Oder gesäit si si léiwer wäit ewech, zum Beispill an engem Schlass a Spuenien?

Dëst Wierk vum Olivier Bourdeaut huet trotz sengen eeschten Themen eng immens Liichtegkeet, eng Zort positiv Muttwëllegkeet a Fräiheet, déi een am Alldag dacks vermësst. Einfach ze maache wourop ee Loscht huet, de Courrier Courrier sinn ze loossen an d'Liewen ze genéissen ... Et ass e Genoss an déi farfelu Welt vun dëser Famill anzedauchen. A net vu vireran ze wëssen ob de Godot sech weist. A wa jo, wéini a wisou.


Dem Olivier Bourdeaut säin Debut "En attendant Bojangles" ass an den "Editions Finitude" erauskomm.