Radioen

On air

Resonanzen  |  Duke Ellington - Harlem - BBC National Orchestra of Wales

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En dogmatescht Wierk, e simpele Stil a previsibel Entwécklungen

Olga Tokarczuk - Ur und andere Zeiten

En dogmatescht Wierk, e simpele Stil a previsibel Entwécklungen

"Ur und andere Zeiten" ass ee vun de wichtegste Wierker vun der Olga Tokarczuk. Déi polnesch Schrëftstellerin huet de Literaturnobelpräis 2018 kritt. Eng Autorin, déi een onbedéngt virstelle soll, och wann een net esou begeeschtert vun hirer Literatur ass, fënnt d'Valerija Berdi.

auto_stories

5 min

Foto: picture alliance / NurPhoto

Der Engel sah Misias Geburt in einem ganz anderen Licht als die Hebamme Kucmerka. Ein Engel sieht die Dinge überhaupt immer anders. Engel sehen die Welt nicht in ihrer sichtbaren Gestalt, die immer wieder ensteht und sich selbst zerstört, sondern in ihrem Wesen und in ihrer Seele.

Schutzengelen, Äerzengelen oder ganz einfach Engelen, de Gott an d'Maria a soss biblesch Gestalte sinn d'Essenz, aus där der Olga Tokarczuk hir Geschichte gemaach sinn.

"Ur und andere Zeiten" aus dem Joer 1992 gehéiert zu den Haaptwierker vun der Literaturnobelpräislaureatin 2018. E Präis, deen awer eréischt dëst Joer vergi gouf an nieft der ganzer Opreegung ronderëm de Peter Handke, dem dësjärege Laureat, war déi polnesch Schrëftstellerin bal ënnergaangen.

D'Olga Tokarczuk, a Polen e Star, ausserhalb ville Leit onbekannt

Elo huet si e Monumentalwierk erausbruecht: "Die Jakobsbücher", e Wälzer vun iwwer 1.000 Säiten. Mee zréck bei dat eelert Wierk "Ur und andere Zeiten".

Ur, e Kaff a Polen, tëschent den zwee Flëss, die Weisse an die Schwarze Przemsa, gëtt vun de véier Äerzengele bewaacht. Datt dëst Bewaachen net immens gutt klappt, weist d'Geschicht. Éischte Weltkrich, Zweete Weltkrich an all weidert Ongléck, dat dem Mënsch passéiert: Krankheet an Doud, Verloscht, Aarmut, Bedruch, Veruechtung.

D'Olga Tokarczuk erzielt e Joerhonnert an dësem fiktiven Duerf, an et ass d'Zäit, déi eng grouss Roll spillt, d'Zäit vun den eenzelen, sëllege Protagonisten.

Mir begéinen d'Geniwefa, déi mam Michal bestuet ass a mat him eng Mille besëtzt. De Michal gëtt an den Éischte Weltkrich agezunn an där Zäit bréngt d'Geniwefa hiert Meedchen Misia op d'Welt a hält d'Millen um Lafen. A wéi all Personnagen an dësem Roman, déi no Engelen, aner bibleschen oder helleg gesprachene Figure benannt sinn, sou huet sech d'Olga Tokarczuk hei warscheinlech bei der Genoveva vu Brabant inspiréiert. E Sënnbild fir Treisinn an de Glawen, Patréinerin vun der Stad Paräis, vun de Fraen, vun den Hierten, an der Tokarczuk hir Genowefa gëtt grad wéi déi vu Brabant der Tentatioun ausgeliwwert, sech engem jonken Aarbechter hinzeginn, wärend hire Mann am Krich ass.

Dräi Kapitelen

De Popielskien gehéiert dat ganzt Duerf an obwuel de Freiherr Popielskie räich ass, eng Fra a Kanner huet, sicht hien nom Sënn vum Liewen a gëtt ëmmer méi onglécklech.

Dann hu mer d'Ähre, eng jonk Fra, déi keen doheem huet a sech prostituéiert fir e Wupp Zoossiss, fir kënnen ze iwwerliewen a kuckt hir spéider Duechter Rute sou gutt si kann ze versuergen.

D'Eltere ginn Grousselteren, d'Kanner bestuede sech a kréien eege Kanner, an an dëser ganzer Welt vun Ur sinn et de Gott, d'Engelen, de Paschtouer an d'Bild vun der Muttergottes an der Kierch, déi alles leeden a féieren.

De Roman ass ënnerdeelt a kuerz Kapitelen, an all Kapitel ass den eenzele Figuren dediéiert: Die Zeit Ähres, die Zeit Michals, die Zeit Genowefas, die Zeit des Pfarrers, die Zeit der Muttergottes, die Zeit Gottes:

Es ist sonderbar, dass sich Gott, der jenseits aller Zeit ist, in der Zeit und ihrem Wandel offenbart. Wenn man nicht weiss, wo Gott ist - und solche Fragen stellen die Menschen zuweilen - muss man all das betrachten, was sich wandelt, was sich in keine Gestalt fügt, was sich auf und ab bewegt und verschwindet ...

Eng mystesch Rees duerch dat vergaangent Joerhonnert

D'Olga Tokarczuk huet eng ganz besonnesch Erzielmanéier. An enger Form, déi ganz staark un d'Bibel, virun allem un dat Aalt Testament erënnert. Et ass alles ganz simpel, ganz genee, mat Widderhuelungen, wéi e Reigen. E Beispill:

All Joer am Ufank vum Summer ginn dem Paschtouer seng Wise vum Schwaarze Floss iwwerschwemmt. De Paschtouer ass rosen doriwwer an hie freet de Gott ëm Rot. De Gott seet him:

Grenze den Fluss von deinen Wiesen ab. Schaff Erde herbei und bau einen Schutzwall, der den Fluss in seinem Bett hält."

De Paschter seet Merci a geet Leit an d'Duerf Leit siche fir him dës Aarbecht ze maachen. Mee den zweeten Dag kënnt keen.

Beim Abendgebet fragte er wieder Gott um Rat. Und Gott antwortete: 'Bezahl sie!'

Do kommen der dann e puer méi, mee och du geet d'Aarbecht net gutt genuch weider.

Wieder bat er Gott um Rat. 'Zahl ihnen mehr', sagte Gott.

En immens dogmatescht Wierk, e ganz simpele Stil a previsibel Entwécklungen

An do huet et dann och geklappt mam Damm.

Et ass eng mystesch Rees duerch dat vergaangent Joerhonnert. Engersäits erzielt d'Tokarczuk ganz pragmatesch d'Liewe vum einfache Vollek, hir Freed a Suergen, de Misär wärend den zwee Kricher a wéi d'Liewen awer weidergeet. D'Erzielung ass awer vum reliéisen Denken duerchwuess. Net philosophesch, mee ganz bildlech, vereinfacht, wéi an den ale Märercher.

All Saz ass vun engem Geheimnis, eppes Onbestëmmtem, Onfaassbarem ëmginn.

Die Flüchtigkeit der Zeit machte Misia vor allem im Mai zu schaffen. Der Mai drängte sich mit Gewalt an seinen alten Platz in der Reihe der Monate und explodéierte. Alles begann zu wachsen und zu blühen. Alles zugleich.

Am Feuilleton gëtt d'Tokarczuk mam Gabriel Garcia Marques verglach. Och no laangem Liesen an Iwwerleeën ass mir dee Verglach net schlësseg. Grad esou wéineg wéi deen, datt hire Stil dem magesche Realismus zougeuerdent ka ginn. Et sinn effektiv magesch Momenter dran, an et feelt och net u Realismus, mee "Ur und andere Zeiten" huet mam magesche Realismus absolut näischt ze dinn. Fir mech geet et éischter an eng esoteresch Richtung, eng Welt, mat där ech net vill ufänke kann, an esou fält et mir schwéier, trotz den interessante Momenter an Entwécklunge mech fir d'Olga Tokarczuk ze begeeschteren. Fir mech sinn hei vill Elementer aus dem Alen Testament an dat lescht Joerhonnert transferéiert ginn. En immens dogmatescht Wierk, e ganz simpele Stil a previsibel Entwécklungen.