Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En hoffnungslose Film

Ayka vum Sergei Dvortsevoy

En hoffnungslose Film

Datt Komedien oder op mannst Filmer mat komödianteschen Usätz zu Cannes mat de wichtege Präisser ausgezeechent ginn ass éischter eng Ausnahm ewéi datt et eng Reegel wier. Dofir huet Cannes éischter e Faibel fir Filmer ewéi Ayka. Dësen hoffnungslose Film gouf lescht Joer do ënne mam Interpretatiounspräis priméiert. Ayka leeft zanter leschtem Mëttwoch sporadesch am Ciné Utopia.

auto_stories

3 min

Et gëtt eng Rëtsch vu Stied, déi een onbedéngt emol besichen, mee am Wanter absolut evitéiere sollt. De Berliner Wanter zum Beispill soll ganz nefast Auswierkungen op d'Gemitt vun de Visiteuren hunn. Vun den Awunner guer net ze schwätzen, déi mat engem méintelaange Vitamin D Mangel geplot sinn.

Wann de Sergei Dvortsevoy mat sengem Film Ayka eppes onmëssverständlech wëllt mat op de Wee ginn, dann ass et genee dat. Moskau ass eng grujeleg Stad. Virun allem am Wanter. Naass, kal, gro. An nach méi kal, an nach méi naass an nach vill méi gro. Esou oder esou muss ech d'Ayka - Haaptprotagonistin vum Film mam nämmlechten Numm - während 100 Minutten duerch dës ageschneite Stad schleefen. Mee op d'Barrièren, déi d'Natur der Figur an de Wee stellt, komme mir geschwënn nees zeréck.

Mat den Naturgesetzer briechen

De Film start an enger Maternité, an där d'Puppelcher ewéi um Lafband um Weenche vu Punkt A op Punkt B gefouert ginn. Déi frësch Mamme leien a kréie vun de sëllechen Hiewanen hir Kanner un d'Broscht gesat. Just eng Fra - d'Ayka, sou hiren Numm, ewéi sech méi spéit am Film erausstellt - brécht mat deem System a béchst aus. Klëmmt am Buedzëmmer mat Krämpes aus enger mat Tape zougemaachtener Fënster. Optéiert éischter fir de russescher Wanter dobaussen, ewéi fir hir eegent Kand dobannen. Domadder brécht d'Fra an den éischte Minutte vum Film mat engem sougenannten Naturgesetz. An zwar deem vum Lien tëscht Mamm a Kand.

De Spectateur suivéiert der Ayka hir Désambulatiounen duerch d'Moskauer Tristesse, ewéi si sech ënner vill Péng vun engem Job zur nächster Aussiicht vun engem aneren Job schleeft. Permanent geet den Telefon. Permanent gëtt iergendeen Creancier op den Dag drop vertréischt. An iergendwann versteet een, datt dem Ayka hiert Aarbechtsvisum scho laang ofgelaf ass an datt si - eng Kirgisin - ouni Pobeier an där riseger russescher Stad ronderëmgeeschtert. Mee wouhinner? A mat wat fir enger Finalitéit?

Ee Joer no Cannes also elo bei eis am Kino. Esou e kale Film, een Träpplek ewech virum Summer. Den Dvortsevoy filmt seng Protagonistin, ewéi d'Dardennen d'Rosetta gefilmt hunn. Mat verwackelte Schëllerkamerabiller, déi en angoissant beklemment Bild ofginn an déi d'Aussiichtslosegkeet vum Ayka verstäerken.

Ayka ass e Cannes-Film duerch an duerch. Huet Usätz vun Aarmutspornografie, engem Cannes Symptom fir respektéiert Filmer. D'Aussiichtslosegkeet ass awer beim Kazakh Dvortsevoy keng exklusiv sozial. Natierlech leeft si am Zick-Zack, leeft si virun Ëmstänn fort, well et ëm d'Iwwerliewe geet. Mee mat russesche Stilmëttel vu bal russeschem Symbolismus, kënnt de Wanter an de Schnéi net vun ongeféier. Dee steet a fir d'mënschlech Keelt vun enger russescher Gesellschaft, déi de Personnagen um Bord awer och keen Zantimeter ze hëllefe weess oder wëll. An dann ass do deen eegene Kierper, dee Krämp huet, dee blutt, dee Péng huet - wéi am Fall vum Ayka, där hir Broscht ëmmer kuerz virum explodéiere ze si schéngt, well si hiert verloossent Kand net niert.

De Film gënnt engem keng Verschnaufpausen

Bei aller Dardenne-Imagerie geléngen dem Realisateur bildlech grandios Sequenzen, déi esou d'Dardennen ni gesicht hunn. Stéchwuert: Pouleten, Veterinär an natierlech de Schnéi.

D'Schauspillerin Samal Yeslyamova - zu Cannes priméiert - hëlt de ganze Film op hir Schëller, fréiert sech erduerch a léisst mat sech maachen. Wat u sech, mat där Grimmel-Expositioun an dem schwéieren Zougank zum Personnage impressionnant ass. Virun allem och well de Film bei aller Proximitéit zum Personnage vum Ayka op Distanz bleift. Ayka ass en ongemittleche Film, dee senger Protagonistin a engem selwer als Spectateur wéineg Verschnaufpausen an/oder waarmen Téi gënnt.