Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Beck - Orphans

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En indescht Mathe-Genie zu Cambridge

The Man Who Knew Infinity

En indescht Mathe-Genie zu Cambridge

An deene leschte 15 Joer hu sech eng ganz Rei filmesch Biographië ronderëm grouss Wëssenschaftler ugeheeft. "The Man Who Knew Infinity", e Biopic iwwert en indescht Mathe-Genie, schreift sech ganz kloer an dës rezent Traditioun an.

auto_stories

3 min

"The Man Who Knew Infinity" erzielt d'Geschicht vum Mathematiker Srinivasa Ramanujan (Foto: Warner Bros)

"The Theory of Everything", "The Imitation Game", "A Beautiful Mind" an elo "The Man Who Knew Infinity". Biopics iwwer grouss a bekannte Wëssenschaftler hunn Héichkonjunktur am Kino.

Bis elo waren dës Filmer bei de groussen amerikanesche Präisser am Rennen. "The Man Who Knew Infinity" mam Dev Patel a mam Jeremy Irons leeft awer am Summer. Wäit ewech also vun der Awards-Hysterie, an där vill Leit op engem A blann sinn. Dat seet Villes aus iwwert d’Problemer, déi dës Filmer hunn.

Fir d'Mathe a Groussbritannien

Am indesche Madras vun den 1910er Jore lieft de jonke Srinivasa Ramanujan mat senger nach méi jonker Fra a senger Mamm an enger neier Wunneng. De Ramanujan schafft als Comptabel an engem vu Briten iwwerwaachte Betrib. Nieft senger Aarbecht ass hien a seng Carnete verdéift, an deenen hie Säiten a Säite vu mathematesche Formelen opschreift. No engem Gespréich mat sengem indesche Chef setzt hien et sech an de Kapp, fir mat senge Formelen a Groussbritannien ze reesen. Hie wëll mat Hëllef vun der lokaler "Academia" publizéiert ginn.

Mat schwéierem Häerze verléisst hien op Invitatioun vum Cambridge Professer G.H. Hardy Fra a Mamm. Déi nächst 5 Joer wäert de Mathematiker net nëmme mam 1. Weltkrich an Tuberkulos, mee och mat institutionellem Rassismus, Verlaangeren, Net-Verstaaneginn a rëffegem prä-Jamie-Oliver engleschem Iessen ze kämpfen hunn. Mee bei allem Misère stinn him de Bertrand Russel, den John Edensor Littlewood an den G.H. Hardy zur Säit.

Wëssenschaft wéineg thematiséiert

Et wonnert keen, datt ee Film iwwert ee Mathematiker am englesche Cambridge zur Zäit vum 1. Weltkrich eventuell eng Grëtz méi konventionell kéint ginn. Kostümer hei, all Gemaier do. D’Englänner hunn dofir, wann ee wëll, eng laang Traditioun.

D’Crux läit an dësem Film, dee vun den Hären Irons a Patel bei aller dramaturgescher Schwieregkeet wonnerbar gedroen a schlussendlech erdroe gëtt, vill méi déif. Biopics iwwer grouss Wëssenschaftler, di sech schwéier, fir wëssenschaftlech Theorië visuell opzeschaffen oder mat Respekt ze vulgariséieren, fir datt déi grouss Mass se verstoe kann. D’Cineasten huelen dacks einfach de Choix, se guer net ze thematiséieren.

"A Beautiful Mind" huet sech just mam John Nash senger Schizophrenie beschäftegt, de Stephen Hawking Biopic mat senger Krankheet. A bei dësem Film geet et ëm de Culture Clash tëschent dem Ramanujan an England a sengen akademesche Manierismen am klénge Sënn an dem G.H. Hardy am grousse Sënn. An "The Man Who knew Infinity" gëtt op d'mannst de Versuch ënnerholl, déi Theorien z’erklären. Mee d’Tatsaach ass, datt negativ Valeure vun Integralen a Partitiounen engem séier iwwert de Kapp klammen.

Dee ganzen awer ganz kurzweilege Film laang, huet ee gutt Zäit doriwwer nozedenken, ob weltbeweegend Theorien a philosophesch Traktater am Medium Film kënnen a solle portraitéiert ginn. Vläicht ass de Medium Film a senger Approche ganz einfach e Medium vum einfache Mann, vun den zwëschemënschleche Relatiounen. Net awer iwwer a fir déi akademesch Elite. Ass Film hannert senge kapitalistesche Produktiounsmëttel net awer zudéifst marxistesch?