Radioen

On air

Resonanzen  |  Mariano Mores (arr. Werner Thomas-Mifune) - Cafetin de Buenos Aires - Mandelring Quartett

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Foire, keng Ausstellung

Luxembourg Art Week

Eng Foire, keng Ausstellung

Op der zweeter "Luxembourg Art Week" deele sech 23 Galerien déi affordable-Art-Fair "TAKE OFF" an de Salon vum Cercle artistique. Op 4000 Quadratmeter ginn et Féierungen, Konferenzen a Concerten. Zu Lëtzebuerg kennt jidderee jiddereen. Muss een do dann iwwerhaapt eng "Luxembourg Art Week" ënnert dem Motto "Einfachen Zougang zu der Konscht" organiséieren?

auto_stories

3 min

De Kingsley Ogwara krut de "Prix Pierre Werner" fir säi Wierk "Impasto Design"

Fir d’Kënschtlerin Trixi Weis, déi mat hirer Association des Artistes Plasticiens du Luxembourg, kuerz AAPL, op der zweeter Editioun vun der "Luxembourg Art Week" präsent ass, gehéiert de Motto "Einfachen Zougang zur Konscht" nach ëmmer zum Flichtprogramm. Si seet, datt een de Grand-Public sensibiliséiere misst, well grad dat géif zu Lëtzebuerg feelen. "Et geet drëms dat romantescht, marginal Bild vum Kënschtler an der Lëtzebuerger Gesellschaft z'änneren."

Accessibilitéit, en Dialog tëscht Galerien, Institutiounen, Kënschtler a Grand-Public schafen – dorop sinn och de Premier- a Kulturminister Xavier Bëttel, d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer an den neie President vum Cercle artistique, de Marc Hostert, an hire Rieden um Vernissage vun der Konschtfoire agaangen. Fir déi bildend Kënschtlerin Martine Feipel ass dat awer "keen Thema", well déi meescht Kënschtler während der Luxembourg Art Week op der Plaz wieren.

En Iwwerbléck

"E Sammelsurium mat grousse Qualitéitsënnerscheeder" war vu verschiddenen institutionelle Vertrieder am Off ze héieren. Fir de Kënschtler ass Roland Quetsch näischt Negatives, well fir hien eng Foire haaptsächlech en Iwwerbléck iwwert Tendenzen op klengstem Raum bidde soll. "Et ass e Choix deen e mécht, fir entweder vill Positiounen oder manner Positiounen ze weisen, an ze kucken 'wéi notzen ech mäin Espace'", esou de Roland Quetsch. Et dierft een net vergiessen datt d'Luxembourg Art Week eng Foire a keng Ausstellung wier.

Dat bedeit, datt een och déi nei, jonk Kënschtler entdecke kann. Wéi d’Sandra Lieners, déi bis d’lescht Joer zu Wien gelieft huet. Wéi eng ganz Rei aner Artisten ass si direkt op e puer Stänn: D’Molerin presentéiert hire Stil an dräi Aarbechten um Salon vum Cercle Artistique du Luxembourg. Si ass awer och bei der affordable Art Fair "TAKE OFF" an um Stand vun der Netzplattform "Art Work Circle” dobäi. Wann een op méi Plaze vertruede wier, hätt een d'Méiglechkeet, méi eng grouss Palette ze presentéieren, "vun deem wat een un Potential huet, vun deem wat een ubidde kann", seet d'Sandra Lieners.

De Kingsley Ogwara ass ukomm

De Kingsley Ogwara ass de stralende Gewënner vun der Luxembourg Art Week. Den Artist lieft zanter 12 Joer zu Lëtzebuerg. Fënnef Mol hat hie seng Aarbechte fir de CAL-Salon eraginn, war awer ni ugeholl ginn. Dëst Joer gouf et eng Zouso. An da krut hien direkt och nach de "Prix Pierre Werner", fir säin Triptyque "Impasto Design" uewendrop.

De Kingsley Ogwara huet sech onheemlech iwwert de Präis gefreet. Et wier méi ewéi eng einfach Auszeechnung. De Präis géif bedeiten, datt hien als Afrikaner an der Lëtzebuerger Konschtzeen ukomm wier. "A mir bannendra spruddelt et", huet sech de Kingsley Ogwara gefreet.


D’Luxembourg Art Week ass vum 9.bis 13. November an de Victor Hugo-Halen um Lampertsbierg