Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Fra geet hire Wee: "Gilgi, eine von uns"

Literaresch Rares

Eng Fra geet hire Wee: "Gilgi, eine von uns"

Eng jonk Fra, déi refuséiert sech de gesellschaftlechen Normen ze fügen. Déi wëll onofhängeg sinn an hire Wee goen, an engem Land, dat virum Ënnergang steet. Dat erwaart de Lieser an der Irmgard Keun hirem Roman.

auto_stories

5 min

Als "Asphaltliteratur" hunn d'Nazien "Gigli, eine von uns" beschriwwen.

"... Humor wie ein dicker Mann", sot de Kurt Tucholsky iwwer den éischte Roman vun der Berliner Schrëftstellerin Irmgard Keun, dee si 1931 mat knapps 26 Joer publizéiert huet. Protagonistin ass d'Gilgi, déi a Wierklechkeet Gisela heescht, 21 Joer huet an am Gaangen ass, hir Welt an hir Fräiheeten z'entdecken.

Hir Welt ass d'Liewen zu Köln an der Zäit, an där d'Weimarer Republik hirem Ënnergang entgéint gerannt ass. An hir Fräiheet ass, als jonk Fra op gesellschaftlech Konventiounen a moralesch Regelen ze päifen. An hirer Weiblechkeet, hirer Loscht an hire Besoinen no ze liewen.

E neit Fraebild

D'Gilgi gëtt gewuer, datt si adoptéiert ass a mécht sech op d'Sich no hirer Mamm. Si fënnt eng verkomme Fra, déi an hirer Aarmut an an hirem Misär ënnergeet. Déi erzielt hir, datt hir richteg Mamm eng Fra aus der Bourgeoisie ass, déi si ewech ginn hat fir hire gudde Ruff net ze schiedegen. Do decidéiert d'Gilgi, datt si guer keng Loscht huet, dës Fra kennen ze léieren.

D'Gilgi verléift sech an e Mann, deen iwwer 20 Joer méi al ass wéi si, dee seng Nuechten dacks mat Schreiwe verbréngt, a weder e feste Wunnsëtz, nach eng Aarbecht huet. An deen un dëser Situatioun och näischt ännere wëll. D'Gilgi ass faszinéiert vu sengem Intellekt a sengen Zäertlechkeeten. Si genéisst engersäits dës Léift. Si gëtt sech awer och der emotionaler Ofhängegkeet bewosst an doriwwer, datt si hiert Liewen ëmmer manner am Greff huet. Wéi si op emol schwanger gëtt, verléisst si de Martin a reest op Berlin fir do eleng fir sech an hiert nach net gebuerent Kand ze suergen.

D'Gilgi ass kee verwinnt Meedchen, dat just no sech kuckt. Si ass e gudde Mënsch, deem Frëndschaft, Solidaritéit a Matgefill vill bedeiten. D'Irmgard Keun beschreift a "Gilgi, eine von uns" net just eng emanzipéiert Fra, mee virun allem en neie Genre vu Fra. Och wann an der Weimarer Republik vill verstëbsten an traditionell gepräägte Virstellunge vun der Roll vun der Fra opgeweecht waren, war dësen emazipatoresche Prozess nach laang net an de Käpp vun alle Leit ëmmer ukomm. D'Fraen haten d'Recht schaffen ze goen, well si virun allem am Commerce an hannert der Schreifmaschinn, einfach gebraucht gi sinn. Mee si hu vill manner verdéngt, a wéi d'Aarbechtslosegkeet an d'Luucht gaangen ass, waren et erëm d'Männer, déi virgezu gi sinn.

En emanzipéiert Liewen

Der Keun geet et net prioritär em d'Gläichberechtegung, mee einfach ëm d'Fra, déi trotz all de Barrièren an Ongerechtegkeeten hiert Liewen onofhängeg vun engem Mann féiert.

Et ass e Roman, deen den Zäitgeescht vun de fréien 1930er Joren an Däitschland zeechent. D'Opkomme vum Nationalsozialismus, d'Aarbechtslosegkeet an déi terribel Aarmut, déi duerch d'Inflatioun geklomme sinn, den Ëmgang mam Thema Ofdreiwung, d'Prostitutioun, moralesch Wäerter an de Broch mat traditionelle Liewensforme sinn d'Sujeten, déi ganz pragmatesch beliicht ginn. Et geet awer och ëm de Liewenshonger, den Optimismus, d'Responsabilitéit an d'Energie vun der jonker Fra, déi all dës Obstakelen iwwerwënnt.

Ach, der Franzi! Eifersüchtig war er wie ein Dreigroschen-Othello. So'n gescheiter Mann, aber - mach' was - da, wo die Männlichkeit anfängt, hört die Gescheitheit auf. Ganz rammdösig bin ich geworden. Immer Krach, Krach, Krach - um nichts. Von oben nach unten sollt' ich nicht gucken, von unten nach oben nicht, und von der Seite mal gar nicht. Irgendwie muss doch ein Mensch gucken dürfen. Ich bekam schon die ersten Kummerfalten, alle Humorreserven waren aufgebraucht, alle...

"Asphaltliteratur"?

Wat dësen, esou wéi och aner Romaner vum Irmgard Keun sou aussergewéinlech mécht, ass och hir Sprooch. D'Irmgard Keun benotzt Beschreiwungen a Biller, deenen ee soss net begéint, déi aussergewéinlech sinn an awer stëmmeg. De Martin huet "lebenshungrige Zähne", d'Schrebergäert gesi "lustmörderartig" aus an d'Iessen an de Lokaler gesäit aus, wéi wann et aus der Vitrinn geholl a "mit den Wischlappen abgestaubt" gi wär. Déi Kölner Alstad beschreift si mat "krumm gezogene, altersschwache Häuser" an d'Aueren hätten "ein heiliges Gelübde abgelegt, nicht zu gehen".

Der Irmgard Keun hir Romaner sinn an den 1930er Jore virun allem a Frankräich ganz beléift gewiescht a "Gilgi, eine von uns" gouf 1932 och verfilmt. Mat der Muechtergräifung vum Hitler gouf der Keun hir Literatur verbueden. "Asphaltliteratur mit antideutscher Tendenz", esou hunn d'Nazien de Roman beschriwwen. D'Irmgard Keun goung an d'Exil, wou si eng Zäit mam Stefan Zweig, Egon Erwin Kisch, Ernst Toller a Joseph Roth zu Ostende gelieft huet.

Nom Krich ass der Keun hir Literatur net méi richteg beuecht ginn, dëst Fraebild huet och net an dem Adenauer säin Däitschland gepasst.