Literaresch Rares Eng intergalaktesch Vakanz
Science-Fiction ass net onbedéngt e Literatur-Genre, dee jidderee begeeschtert. Mee wann ee mam Pilot Pirx op d'Rees geet, dann erlieft een eng Aventure, déi een net sou séier vergësst.
Zu enger vun de léifste Gestalten, déi de polnesche Schrëftsteller Stanislaw Lem kreéiert huet, gehéiert de "Pilot Pirx". Dat steet um Ëmschlag vum Buch mat den zéng Erzielunge vum bedeitende Science-Fiction-Auteur.
Esou witzeg, wéi den Ijon Tichy aus dem Stanislaw Lem sengen "Sterntagebücher" ass de Pirx sécher net. Dofir ass d’Rees duerch de Weltall an enger net definéierter Zukunft mat dëser origineller Romanfigur ganz spannend. Et muss ee weder grousse Fan vun der Science-Fiction-Literatur sinn, nach e grousse Kenner vun der astronomescher Komplexitéit, fir mat an dem Pirx säi Raumschëff ze klammen a mat him sëllech geféierlech Aventuren z'erliewen an z’iwwerliewen.
Mat Intelligenz a Chance duerch d'Galaxien
An der éischter Erzielung mam Numm "Test" ass de Pirx nach e Kadett an der Ausbildung a mécht säin éischte Fluch ganz eleng. Eng topesch Méck suergt fir Chaos a bréngt den aarme Pirx a Liewensgefor. Mee him geléngt et am leschte Moment en Zesummestouss mam Mound ze verhënneren ...
Ohne noch einmal die Hilfe der Augen in Anspruch zu nehmen, packten seine Hände ganz von selbst die richtigen Hebel. Der Reaktor, der bisher im Leerlauf gearbeitet hat, gab, jäh aufgeschreckt, blitzartig Schub. Die Beschleunigung drückte Pirx tief in den Schaumgummisessel. Auf den Leuchtschirmen gerieten die Sterne in Bewegung, die Milchstrasse flog schräg nach unten wie eine wirkliche Straße aus Milch, dafür rührte sich nun das Pünktchen nicht mehr vom Fleck - der Bug der Rakete nahm es genau aufs Korn und stiess zu wie die Nase eines Jagdhundes, der einen Rebhuhnschwarm im Gebüsch aufstöbert. Tja, gelernt war gelernt.
An der zweeter Erzielung muss de Pirx eleng um Mound landen an op d’Äerd zréck kommen. Eng weider Prüfung, éier hie sech als Pilot bezeechnen däerf.
Natierlech packt de Pirx all seng Tester an hien däerf sech mat bedeitende russesche Wëssenschaftler méi laang um Mound ophalen. Hie gëtt an déi elitär Kreesser opgeholl, éier hien op weider Missioune geschéckt gëtt.
En delabréierte Roboter mam Numm Terminus kommunizéiert mam Pirx mat Morsezeechen. E weideren dréint duerch am "Mare Tranquillitatis" an natierlech ginn an de wäite Sphäre vum Kosmos och kromm Geschäfter gedréint. Et gi Rebellen an Amokleefer. Alkohol a Cannabis suerge fir munch Opreegung.
Mee de Pirx meeschtert all Gefor, net well hien esou onmoosseg couragéiert an e groussen Held ass. Mee mat vill Intelligenz an e bësse Chance kritt hien all tragesch Situatioun op den transgalaktesche Strecken an de Grëff.
"Gutt Bicher sinn ëmmer wouer"
Mee et sinn net just spannend Aventuren, déi de Lieser hei mat erlieft. Et gi Froen iwwer d’kënschtlech Intelligenz opgeworf an d’Zukunft vum Mënsch an der Mënschheet ginn thematiséiert. Et fënnt een de Philosph Stanislaw Lem an de Geschichten erëm.
Sou och an der Erzielung "Pirx erzählt". Et ass déi eenzeg Geschicht, déi an der Ech-Form verfaasst ass. Si geet un, mat der Ausso vum Pirx, datt hien utopesch Bicher gär huet. Awer just déi schlecht, déi déi net wouer sinn. Déi géif hien am Weltall liesen.
Déi gutt Bicher géif hie just op der Äerd liesen. Gutt Bicher wären ëmmer wouer, och wann dat, wat dra steet, ni geschitt ass an ni wäert geschéien.
E Medeziner dee schreift
Den 1921 gebuerene Stanislaw Lem huet Medezin studéiert an huet a Polen an der Fuerschung geschafft. Nieft de ronn 20 Science-Fiction-Wierker huet hie sech ethesch a philosophesch mat den zukünftegen Auswierkunge vun der technescher Evolutioun op d'Mënschheet befaasst.
Den 2006 verstuerwene Stanislaw Lem huet seng Science-Fiction-Geschichten tëschent 1946 a 1987 geschriwwen. Si wierken natierlech liicht verstëbst, mee do kann ee just soen: De Pilot Pirx ass einfach Kult!