Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Komedie, déi d'Fräiheet zelebréiert

Rusty Boys

Eng Komedie, déi d'Fräiheet zelebréiert

"Rusty Boys" heescht deen neie Film vum Andy Bausch. En erzielt d'Geschicht vu Leit, déi sech hiert Liewe laang net draschwätze gelooss hunn. An och wa si elo al sinn, soll dat sech net änneren.

auto_stories

4 min

Eigentlech hat den Andy Bausch ee ganz anere Film wëlles, wéi hien dem Produzent Paul Thiltges säi jéngste Projet wollt virstellen. "Dat war méi Twin Peaks meets Waasserbëlleg Affär", erënnert sech de Realisateur. Dee Moment wier awer schonn een anere Krimi ugelaf: "Doudege Wénkel".

Eng Komedie, bëssen am Genre vu "Le Club des Chômeurs", dat war dunn d'Zil. An dat gouf erreecht. Op Propos vum Filmfong hin huet de Cineast sech mam Fränk Feitler zesummegesat, fir d'Dréibuch nach emol z'iwwerschaffen.

Den Dram no Selbstbestëmmung

D'Resultat ass e Film, deen d'Fräiheet zelebréiert. Awer an deem d'Dreem vun de Figuren no Selbstbestëmmung, a wat si sech soss nach esou vum Liewen erhoffen, ëmmer nees a Fatze fléien. Wann d'Realitéit si erëmhëlt, a si nees enniichter ginn.

Mä si gi sech net. Si struewele fir eng Solutioun ze fannen. Eng autonom geréiert Kommune amplaz vum Altersheim, an deem si kujenéiert ginn. Einfach ëmsetzbar ass hire gemeinsame Projet net. An hir jeeweileg privat Dramae leien als zousätzlech déck Steng am Wee. Et ass eng Komedie, et muss gutt ausgoen. Mä och d'Léisung kënnt um Schluss zu engem gewësse Präis.

Queesch Louderen a granzeg Rebellen

Den Änder Jung spillt den Nuckes, de Concierge am Altersheim, deen ëmmer weess, wéi et weidergoe soll. Säi Personnage mécht déi gréissten Evolutioun. "Hien huet riseg Problemer doheem. Hien huet riseg Problemer mam Beruff. An hien huet riseg Problemer mat sengen Usiichten, wat d'Mënschlechkeet ugeet", erkläert den Änder Jung. Dat géif alles openee prallen an den Nuckes misst ee laange Wee maachen.

De Marco Lorenzini ass de Fons: eng queesch Louder, deen net fir d'éischt aus sou enger Institutioun erausflitt. Et wier awer eng Figur, déi ee ganz eeschten Hannergrond hätt, sou den Acteur. "De Fons ass net nëmmen een, dee Spréch vu sech léist. Hien huet och ee ganz grousst Häerz."

Rebellesch ass och de Lull, gespillt vum Paul Greisch. E pensionéierten Zänndokter, dee sech näischt soe léisst. An dee sech an d'Nelly, gespillt vun der Josiane Peiffer, verléift.

Picon-Béier fir de Casting

Zur Band gehéiert nach de Jängi, oder Fernand Fox, deen eigentlech ganz idyllesch an enger Hütt an enger Gaardekolonie wunnt. Mä hei soll geschwënn de Bagger kommen. Hien huet am Film dee schéine Saz: "Ech gi schonn 10 Joer net méi eleng eens."

Nieft deene véier raschtege Kadetten huet den Andy Bausch quasi de gesamten Who's Who aus der Lëtzebuerger Schauspillerlandschaft engagéiert. Ënner anerem d'Valerie Bodson, déi vum Cineast gezwonge gouf, Lëtzebuergesch ze schätzen. "Ech hu Picon-Béier gedronk, dofir huet hie mech acceptéiert", laacht d'Actrice.

Den Tournage vu Rusty Boys am Studio

Et mécht Freed, de Personnagen am Film nozekucken. Zemools bei deene grousse Rolle spiert een, datt se op d'Mooss geschriwwe goufen, an datt vill Komplizitéit a Clin-d'oeilen drabruecht goufen. D'Baupsereien an d'Frechheete si gutt geroden.

Sanavia amplaz Tonnar

Eng aner grouss Stäerkt vum Film ass seng Musek, vum Jeannot Sanavia. Et wier bëssen aussergewéinlech fir hie gewiescht, well hien aus dem klasseschen Eck géif kommen, erkläert de Komponist. Awer et wier net schwéier fir hie gewiescht: "Et ass ëmmer d'Saach vun der Iddi." Hie géif ëmmer vun enger Instrumente-Faarf ausgoen. An dësem Fall wier et Banjo a Gittar a Blues gewiescht.

Fir de Produzent Paul Thiltges war d'Zesummenaarbecht mam Jeannot Sanavia eng iwwerraschend, awer positiv Entscheedung vum Andy Bausch. Normalerweis géif de Realisateur nämlech ganz gär mam Serge Tonnar schaffen.

"Wann de Serge d'Musek mécht, dann ass et dem Serge Tonnar seng Musek, déi do leeft, an net iergendeng Musek", erkläert den Andy Bausch. "Hie ver-Tonnart ëmmer alles direkt." Ausserdeem hätt hien och gär Sträicher gehat. An an deem Beräich wier de Jeannot Sanavia dee bessere Choix gewiescht.

D'Musek vum Jeannot Sanavia ass eng grouss Stäerkt vum Film

"Op Roulettë gelaf"

Och wann d'Schauspiller deels wäit iwwer 80 Joer hunn: et schéngt, wéi wa grad déi Maturitéit d'Dréiaarbechten agreabel gemaach hätt. "Dat ass op Roulettë gelaf", seet de Paul Thiltges. Am ganze wieren um Tournage zwou Iwwerstonne gemaach ginn.

Den Andy Bausch felicitéiert den Acteuren an Actricë fir hiert Duerchhaleverméigen. "Ech mengen, si waren éischter relativ traureg, wéi et eriwwer war."