Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng legendär Schoul feiert Gebuertsdag

50 Joer LTMA

Eng legendär Schoul feiert Gebuertsdag

De Péitenger Lycée huet eng ofwiesslungsräich Geschicht hannert sech. D'Schoul hat net ëmmer de beschte Ruff. Elo gëtt en halleft Joerhonnert Lycée Technique Mathias Adam gefeiert. Et weist sech, datt et vill Positives vun haut a vu gëschter z'erziele gëtt. Wéi en anere Lycée ka gläichzäiteg den aktuelle Schouldirekter an Educatiounsminister zu sengen fréiere Schüler zielen?

auto_stories

3 min

Um Enn vum Schouljoer 2016/2017 hat de Comité vun den "Anciens et Amis du LTMA" fréier Schülerinnen a Schüler, awer och Proffen invitéiert. Ënnert dem Motto "Kommt eng 50 maachen" hu si dem LTMA säi 50. Gebuertsdag gefeiert. Den LTMA ass de gréisste Lycée am Land. Dës Rentrée sinn 1943 Schüler ageschriwwen.

De Jeannot Scheer war Franséischproff, praktesch seng ganz Karriär iwwer huet hien am LTMA geschafft. No senger Pensionéierung konnt hien dem Péitenger Lycée net ganz de Réck kéieren an hien huet iwwer sozial Medien an am richtege Liewen eng Abberzuel vun Ancienen aktivéiert. E liewege Facebookgrupp an e Comité mam Numm AALTMA sinn eng Garantie fir vill Manifestatiounen am an ëm de Lycée.

Déi legendär Trap

Am September 1966 huet de Lycée am Gebai vun der aler Gendarmerie mat sechs Klassen an 129 Schüler ugefaangen, erënnert de Jeannot Scheer.

E Schüler vun der éischter Stonn erënnert sech, datt Jongen a Meedercher getrennt waren. "Dat war wierklech Abenteuer an allen Hisiichten", seet en anere Pionéier. Och d'Proffe wieren aus verschiddene Schoulen zesummegewürfelt ginn.

Dat aalt Gebai steet mëttlerweil net méi. "Den 11. Januar 2014 hate mir eisem ale Lycée mat enger leschter Foto op der Entréestrap Äddi gesot. Ier en dunn dem Buedem gläich gemaach gouf", seet de Jeannot Scheer.

Dës legendär Trapp hat an der Zäit en hierarchesche Wäert: Just déi allercoolst Schülerinnen a Schüler hunn op dëser hier Paus däerfe verbréngen.

Asozial an drogéiert?

Dem Lycée, dee säi Liewe laang géint seng schlecht Renommée gekämpft huet, ass e kloert Zeeche vu Sympathie gesat ginn. "Déi rout Schoul" ass se vernannt ginn, an der Zäit wou de Cornel Meder, en engagéierte Sozialist, Direkter war. "Drogeschoul", wou just di asozial hir Kanner hi schécken an all déi Aner mat an d'Verdierfnes stierzen, ass net just gepëspert ginn.

Ëm sou méi freet sech den aktuellen Direkter Pascal Marin iwwer déi positiv Resonanzen. "Mir gesi regelméisseg Ex-Schüler op eise Porte-Ouverten erëm. Anerer fannen de Wee zeréck an den LTMA an hirem Beruffsliewen."

Success Stories

De Pascal Marin war selwer Schüler vum Lycée Technique Mathias Adam, wou hien den Ofschloss op enger 13ème G gemaach huet. Vum Schüler zum Proff a vum Proff zum Direkter, alles am selwechte Lycée. Eng impressionnant Metamorphos.

D'Schrëftsteller Jhemp Hoscheit, Jean Portante, Mars Klein a Guy Wagner, de Politiker Muck Huss, d'Kënschtler d'Anne Recker a Marc May, de Psycholog Fari Khabipour fir just déi ze nennen, waren net just Proffen am LTMA, mee hunn och mat vill Engagement fir eng progressiv Entwécklung am Schoulsystem gewisen.

E weidere Personnage, deen am Péitenger Lycée d'Schoulbänk gedréckt huet, ass den Educatiounsminister Claude Meisch. Hien erënnert sech u "siwe wonnerbare Joren am Lycée Technique Matthias Adam." D'Ambiance wier familiär gewiescht, och mat den Enseignanten.

Am Hierscht wéilt och d'Direktioun nach Feierlechkeete fir den Anniversaire organiséieren, seet de Pascal Marin.