Radioen

On air

Tockcity  |  Lee "Scratch" Perry & Shaun Ryder - Green Banana

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng mythologesch Figur am Joer 2078

Buchkritik

Eng mythologesch Figur am Joer 2078

D'Joer 2078 ass u sech net esou wäit ewech. Am Roman "Astrea" hëlt déi jonk Autorin Freya Daro eis awer an eng Zukunft mat, déi sech kee wënscht. Mir begéinen do enger ganz mystescher Fra mam Numm Astrea. E Roman, deen tëschent Surrealismus, Mystik, Dram an Dystopie net de Sënn fir d'Realitéit verléiert.

auto_stories

3 min

"Astrea" ass bei Editions Phi erauskomm.

"Eine Welt, in der alles, was einen am Leben hält, unterdrückt wird: Berührung, eigenständiges Denken, Lernen, freies Wachsen, Gefühle, Natur, unzensierte Ehrlichkeit" esou beschreift den Theo, e Schrëftsteller der aussergewéinlecher Astrea d'Welt an der hien am Joer 2078 lieft. Dat ass d'Kapselwelt, d'Astrea ass eng Aussenwelterin. Déi zwee sinn sech an engem Musée begéint an den Theo ass faszinéiert vun dëser friemer jonker Fra, ouni Vergaangenheet, ouni Erënnerung.

Mir kennen awer d'Astrea aus der griichescher a réimescher Mythologie: Duechter vum Zeus, respektiv vum Jupiter. Am Ovid sengen Metamorphosen verléisst si d'Äerd a Richtung Himmel, well d'gëllen Zäitalter eriwwer ass, an et kee Recht a keng Gerechtegkeet - fir déi si steet - méi op der Welt gëtt. Astrea oder Dike gëtt zum Stärebild Jongfra.

Am Freya Daro hirer Geschicht ass d'Astrea erëm op der Welt, déi och hiert gëllen Zäitalter hannert sech huet. Si versteet näischt vun dëser Welt. Si ass virwëtzeg an permanent hongereg, e bëssen e Pipi Langstrumpf, déi mécht, wat si Loscht huet, op den éischte Moment ganz lass geléist an onbeschwéiert eriwwer kënnt.

Si weess net, wou si hier kënnt, an et ass den Theo, deen jo Schrëftsteller ass, deen hier eng Vergaangenheet undicht. Mee ass et dës mystescht Liewen, dat der Astrea hiert ass, oder dat wat einfach op dem aneren Deel vun der Äerd geschitt, ausserhalb vun der Kapselwelt?

Tëschent Dram a Grausamkeet

Vill Sujeten ginn an dës Geschicht agepaakt. Mir begéine Sittewächter a Verréider enger Welt, déi zoubetonéiert ass. Wou et u Ressource feelt an och u Fraen, a wou Mënschen op der Flucht sinn. Et geet ëm Grausamkeet, ëm Ängschten an Onsécherheeten, ëm Dreem a batter Realitéiten, ëm Imaginatioun an der Sich no sech selwer.

Alles ass kontrolléiert, net just de Mënsch, mee och d'Natur.

"Ab 22 Uhr zog ein programméiert eisiger Wind durch die Strassen der Kapselwelt und drängte die Menschen zum Nachhause gehen."

Der Freya Daro hier Schreif ass immens dense, ofwiesslungsräich, mol ganz sachlech, da magesch a verspillt. Op alle Fall ëmmer originell ausformuléiert. Vill Wuertspill a Wuertwitz, geheimnisvoll an iwwerraschend, grad wéi hier Protagonistin.

Lyresch Passagen wiesselen sech of mat Prosa, déi awer grad esou poetesch ka sinn.

Eng jonk Autorin, déi sech op eng interessant Manéier mat der aktueller Gesellschaft an dem allgemengen Zoustand vun eiser Welt ausernee setzt. Si huet eng Kapselwelt erschaffen, déi eis leider guer net esou extrem vir kënnt an ebe weist, wéi et kéint weider goen, wa mir eis ëmmer méi vun deem, wat ronderëm eis geschitt, ofkapselen. D'Freya Daro ass op alle Fall eng literaresch Stëmm, déi ee muss am A behalen.