Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Destroyer - It Takes A Thief

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng nei Biografie iwwer d'Aline Mayrisch

Germaine Goetzinger

Eng nei Biografie iwwer d'Aline Mayrisch

D'Germaine Goetzinger am Gespréich iwwer hir Biografie: Aline Mayrisch de Saint Hubert - Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur (Editions Guy Binsfeld). D'Valerija Berdi huet mat der Germaine Goetzinger iwwer hir Motivatioun, hir Methoden, hir Recherche an hir Vue op d'Aline Mayrisch geschwat.

auto_stories

2 min

Den Interview mat der Germaine Goetzinger lauschterenplay_arrow


Mat dëser ausféierlecher Biografie huet d'Literaturwëssenschaftlerin Germaine Goetzinger e wichtegt Buch verfaasst, dat eng enorm Viraarbecht verlaangt huet.

Dëst Buch ass ronn 500 Säiten déck an beliicht ganz verschidden Aspekter vun der Aline Mayrisch hirem Liewen, hirem Wierken, hiren Interessen an hire Widderspréch.

Biografie mat historeschem Kontext

D'Germaine Goetzinger huet déi eelef Kapitelen ëmmer an den historesche Kontext gesat, an esou liest een net just, wéi d'Liewe vun enger gutt-biergerlecher Fra a Famill war, mee och wéi d'Liewen zu Lëtzebuerg allgemeng war. D'Aarbechterklass vun Diddeleng huet och seng Plaz hei, awer och wéi réckstänneg Lëtzebuerg a ville Beräicher war.

D'Aline Mayrisch huet net just esou vill an der deemoleger Situatioun fir d'Fraen erreecht, mee et waren nohalteg Fortschrëtter, déi net esou richteg ze Lëtzebuerg bekannt sinn. Déi ginn an dëser Biografie ganz minutiéis duergeluecht.

Awer och déi komplizéiert Relatioun mat der Duechter, déi trotz dem progressiven Denke vun der Aline Mayrisch deelweis ganz konservativ erzu gouf, gëtt analyséiert, esou wéi och hir Relatioun mat groussen Nimm aus der Literatur a Kultur, onverëffentlecht an onbekannt Korrespondenzen, hier Spiritualitéit an d'Liewen an Iwwerliewe vum Zweete Weltkrich.