Radioen

On air

Notturno  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng onmoosseg Enttäuschung

Viviane Daman - Kanner, Bicher an e Feier

Eng onmoosseg Enttäuschung

Et gëtt Bicher, déi d'Welt net braucht, eent dovun ass dat neit Kannerbuch vun der Viviane Daman. D'Valerija Berdi huet "Kanner, Bicher a Feier" gelies a war onmoosseg enttäuscht. Weder de Plot nach d'Personnagë konnte si iwwerzeegen

auto_stories

3 min

Kannerbicher si wichteg. Flott Geschichten, déi de Kanner hir Fantasie befligelen an déi d'Empathie fërdere si genuch um Maart, et gëllt da just d'Kanner fir d'Bicher ze begeeschteren an hir Liesloscht ze këddelen.

Et ass och flott, datt et nawell ëmmer méi Kannerbicher op Lëtzebuergesch gëtt, sief et Iwwersetzungen awer och direkt op Lëtzebuergesch geschriwwen.

Mee trotzdem: et geet net duer e Kannerbuch ze schreiwen an ze publizéieren, dat Kannerbuch muss och minimal Qualitéitskrittären entspriechen, well mat schlechte Kannerbicher erreeche mir jo just de Géigendeel vun deem, wat mir wëllen.

Mir dreiwen de Kanner d'Flemm an, an esou eng Gefor ass dat lescht Buch vun der Viviane Daman: "Kanner, Bicher an e Feier". E Krimi fir Kanner soll et sinn, dat siwent Band vun enger Serie.

E langweilege Plot

D'Sarah, de Pol, de Steve an de Pascal si Primärschoulkanner an an dësem Band solle si eng Geschicht fir e Buch schreiwen, dat publizéiert gëtt. Donieft gëtt an hirem Wunnuert eng nei Bibliothéik ageweit, wou ee sech dann dëst Buch ausléine kann.

D'Kanner schreiwen d'Geschicht vun enger fréierer Aventure an déi gëtt dann natierlech gedréckt. Bei der Aweiung vun der neier Bibliothéik, dem fréieren Haus vun enger verstuerwener Spillschoulsjoffer kënnt et zu engem Feier, an d'Sarah fënnt eraus, datt et sech ëm Brandstëftung handelt.

Et kënnt zu engem zweete Feier an do geléngt et de Kanner de Brandstëfter ze fänken. Et ass iergend een Typ, mat enger Kaputzejackett, deen Drogen hëlt a Geeschter gesäit.

D'Buch ass voller Klischeeën

Wat eng topeg Geschicht, wat e langweilege Plot, wat eng Usammlung vun ofgelutschte Klischeeën, wat eng Zoumuddung fir d'Lieserinnen a Lieser. E Krimi? Ouni e Verdächtegen? Ouni de jonke Lieserinnen a Lieser d'Méiglechkeet ze gi mat ze rätselen, eng Spur ze verfollegen, matzedenken an ze féiweren?

An natierlech ass d'Sarah dat, wat fläisseg, propper an uerdentlech ass, natierlech sinn d'Jonge well a just u Fussball interesséiert, natierlech sinn et d'Fraen, déi sech iwwer de Knascht op der Strooss opreegen, natierlech ass et d'Mamm, déi sech ëm d'Kanner këmmert.

Géif d'Sarah net mat engem Handy Blimmercher fotograféieren a wier net e Computer erwäänt, da kéint sech déi ganzen Aarmut och an de 50er Joren ofspillen.

An nieft der Langweil, de Klischeeën, ass och de sozialen Aspekt ënner aller Klarinett. Happy Familiy, perfekt Kanner, d'Sarah, d'Oberstreberin an de béisen ass natierlech en Drogesüchtegen, déi hu jo och ëmmer d'Kaputz iwwer de Kapp gezunn a fuebele vu Geeschter vu verstuerwene Spillschoulsjofferen.

D'Viviane Daman verpasst et dann awer och net an dësem knapp 40-säitege Bichelchen zweemol op aner Bicher vun hir ze verweisen. Nee, et ass net just peinlech, och dës Verweiser maachen net Loscht, déi aner sougenannten Aventuren ze entdecken a wann een engem Kand wëll Freed um Liese verdierwen, da muss een him einfach "Kanner, Bicher an e Feier" schenken.