Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng sexuell geluede Kinoswoch

Nei Filmer

Eng sexuell geluede Kinoswoch

Testosteron gelueden Action a scheinbar Asexuelles aus den USA, eppes fir d'Libido aus Spuenien, an eppes ganz Aneres aus Frankräich. An dann zu gudder Lescht eng franséisch Komedie, déi eng vun de Suiten thematiséiert, wann een ze vill ongeschützte Verkéier hat.

auto_stories

4 min

"Kiki, el amor se hace" Foto: Vértigo Films

Wien hätt geduecht, datt grad während der Fouer dat interessantst Fudder fir d'Cinéphilen am Kino leeft. No Toni Erdmann d'lescht Woch, ass et elo un de Fransouse fir vläicht ee vun hire villverspriechendste Filmer an de Kinoen ze weisen.

Rester Vertical

"Rester Vertical" ass e Film vum Alain Guiraudie, dee virun dräi Joer mat "L'Inconnu du lac" an der Selektioun vun Un Certain Regard zu Cannes ausgezeechent gouf.

Am franséische Lozère mécht sech den Haaptpersonnage op d'Sich no Wëllef. Hie léiert awer eng Fra kennen, mat där hien dann e Kand kritt. Enges Daags verléisst si de Protagonist an hien ass eleng mam Kand.

Gesellschaftskritik a Sexualitéit goufe bis elo erfrëschend anescht vum Guiraudie thematiséiert. Och "Rester Vertical" versprécht deen Een oder Aneren ze versteieren.

Kiki, el amor se hace

Och de Spuenier Paco León thematiséiert a sengem neie Long-Métrage "Kiki, el amor se hace" d’Sexualitéit vu senge Matmënschen. Dat op eng méi witzeg Manéier a mat méi Empathie fir seng Personnagen.

Unhand vu fënnef Liebesgeschichte behandelt de León déi verschiddenst sexuell Preferenze vu Jidderengem. De Film spillt zu Madrid.

Equals

Ëm dräi Ecke geet et dorëms och bei "Equals". An enger dystopescher Zukunft sinn d’Sexualitéit an d’Léift net erlaabt.

D’Kristen Stewart an de Nicholas Hoult kämpfen an engem Iwwerwaachungsstaat dofir, hir KLéift kënnen ze liewen. Et ass eng Zort Romeo a Julia, vermëscht mam Orwell sengem 1984. E weidere Schauspiller an dësem Film ass de Guy Pearce.

C'est quoi cette famille ?!

D'franséisch Komedie vun der Woch heescht "C'est quoi cette famille ?!" an ass vum Gabriel Julien-Laferrière.

Wéi den Titel et undeit, geet et ëm eng Famill, déi an hirer Gréisst jidderengem seng eege Cousinen a kléng Cousinen an de Schied stellt. En 13-järege Jong ass am Mëttelpunkt vun engem Film, an deem hien eng hallef Doze Geschwëster an Hallefgeschwëster a virun allem 8 Elterendeeler huet.

Wéinst deene ganz komplizéierte Relatioune vun den Eltere mussen d'Kanner all Weekend oder d'Woch iwwer hin an hir plënneren. Bis datt d’Kanner iergendwann entscheeden, datt et elo duer geet. Si squatten eng Wunnéng a suergen dofir, datt sech déi Erwuessen deplacéieren.

Bekannt Nimm am Film: Julie Dépardieu a Julie Gayet.

War Dogs

Zwee testosterongeluede Filmer an den Utopolissen.

"War Dogs" vum Hangover-Realisateur Todd Philipps erzielt d’Geschicht vun zwee jonken Typpen, déi iwwer Ëmweeër u Waffekontrakter vum Pentagon kommen. Dat bréngt si an déi geféierlechst Ecke vum Planéit. Gespillt ginn déi Zwee vum Miles Teller a Jonah Hill. Zynesch a witzeg ass dëse Film a vläicht souguer an der Oder vun engem "Lord of War" vun 2005.

Central Intelligence

"Central Intelligence" ass eng Buddy-Cop-Comedy vum alen amerikanesche Schlag mat den Hären Dwayne Johnson a Kevin Hart.

Déi zwee gesi sech am Virfeld vun engem Konveniat erëm. Et stellt sech eraus, dat dee Coole vu fréier, dee Faule vun haut ass. Hien ass Comptabel ginn. Dat gehänselt Kand ass dogéint e Kleederschaf vu CIA-Agent ginn. Dëst Duo kéint d'Welt vum Spionage e bëssen op de Kapp geheien.

Realiséiert gouf de Film vum vum Mann hannert "We’re The Millers", dem Rawson Marshall Thurber.