Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Trilogie, déi net geplangt war

Lëtzebuerger Schrëftsteller

Eng Trilogie, déi net geplangt war

"Perl oder Pica" aus dem Joer 1998, dann "Aacht Deeg an der Woch" aus dem Joer 2006 an elo 2018 "Wootleche Krich". Dräi Romaner, een Auteur: De Jhemp Hoscheit.

auto_stories

1 min

Den neie Roman "Wootleche Krich" ass den drëtten Deel vun enger Trilogie. 20 Joer leien tëschent dem éischte Roman an elo dem drëtten, et ass wuel eng Trilogie awer keng Chronologie.

Et wier dem Jhemp Hoscheit net bewosst gewiescht, datt 2018 nach en drëtt Buch géif erauskommen. "Perl oder Pica" spillt 1962, "Aacht Deeg an der Woch" spillt 1968, sou datt "Wootleche Krich" gutt an d'Joer 1965 eragepasst huet, erkläert de Lëtzebuerger Schrëftsteller. "Et ass praktesch eng Chronik, wann een déi dräi géif liesen, iwwer de Minett, iwwer déi Zäit an de 60er Joren."