Radioen

On air

De Moien  |  Bryan Ferry - Let's Stick Together

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Welt, an déi een eragezu gëtt

Anja Di Bartolomeo - Nicht zu spät

Eng Welt, an déi een eragezu gëtt

Nom Erzielband "Chamäleons" huet d'Lëtzebuerger Autorin Anja Di Bartolomeo nei Kuerzgeschichten ënner dem Titel "Nicht zu spät" erausbruecht. Wat heescht "ze spéit" an ass ze spéit ëmmer schlecht? D'Valerija Berdi huet d'Buch gelies a war ganz positiv iwwerrascht vun de mol béisen, mol trauregen awer och beréierende Geschichten.

auto_stories

3 min

Néng, ganz ënnerschiddlech Geschichten huet d'Anja Di Bartolomeo an hirem neie Buch zesummebruecht. Een Thema ass awer de roude Fuedem, d'Fro, ob et ze spéit ass. Eng Fro, mol ganz explizit gestallt, mol ass se einfach den net ausgeschwate Fazit. Heiansdo ass et och gutt, wann et ze spéit ass, wann et zum Beispill dorëms geet, enger penibeler Persoun lass ze ginn.

An der Erzielung "Pralinen für Poldi" kritt een eng Rees an d'Vergaangenheet gebueden, et gëtt een drun erënnert, wéi gemeng a grausam Kanner kënne sinn, a wéi selbstverständlech et ass, och wann ee scho bal um Buedem läit, oder virun allem dann, deen nach méi no ënnen ze trieden ...

"Es hätte ein anderes Ende nehmen können. Vielleicht. Wer weiss. Ich habe mich oft geschämt. Viele Jahre danach. Als längst alles zu spät war. Poldi Pfannkuch hatte keine Chance. Nicht gegen Frau Semmelmeier. Nicht gegen uns."

Kuerz a knapp Sätz

Nieft den eigentleche Geschichten, déi Erënnerungen un d'Kandheet sinn, Bezéiungen, Liewensmiddegkeet, den Alter thematiséieren, ass virun allem der Anja Di Bartolomeo hire Stil an hir Approche, déi ee ganz déif an hir Geschichten eranzéien.

D'Anja Di Bartolomeo bedéngt sech bal enger reduzéierter Sprooch, hir Sätz si kuerz, knapp. Doduerch entsteet en ofgehaakte Rhythmus, deen eng hypnotiséierend Wierkung huet an esou liest een net just, mee et gëtt ee reegelrecht an d'Welt vun der Anna, der Marlene oder der Elisa eragezunn.

"Besoffen von Elisa. Wie ich damals. Wie damals. Am Ende dieses Tages aller Tage, an dem es nicht mehr schlimmer werden konnte. Der Auftrag weg, das Geld futsch, der Vater tot."

Atmosphärescht Schreiwen

"Elisa tanzt nicht mehr" ass wuel d'Geschicht, déi mech am meeschte beréiert huet, well et hei der Anja Di Bartolomeo am beschte geléngt mat hirem Stil esouvill Ongesotes ze soen, atmosphäresch ze schreiwen, d'Empathie ze erwächen.

"Am Tag als Marlene Fischer ins Wasser ging, wehte ein kühler Südwest-Wind. "

An dann dat Wiesselspill vu Verbonnenheet an Distanz, tëschent de Protagonisten an hirer Ëmwelt, tëschent dem Mënsch an der Natur, tëschent Denken a Handelen. An och wann déi eng oder aner Geschicht sécher méi schwaach ass wéi d'Majoritéit, sinn der Anja Di Bartolomeo hir Erzielungen absolut derwäert entdeckt ze ginn, an dat net just fir d'Tante Lotti op hirem leschte Wee ze begleeden.

"In der rechten Hand hielt sie einen Taschenspiegel, in der linken eine alte Fernsehantenne."