Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lucy Rose - Over When It's Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng wonnerbar originell an angeneem Lecture

Francis Kirps - Die Mutationen

Eng wonnerbar originell an angeneem Lecture

De Berliner Äisbier ass ënnerwee, normal an Zäite vu Klimawandel an natierlech sinn d'Migranten dru schold. Wéi ass e Liewe fir eng Studenteméck, déi op emol zwee Been an zwee Äerm huet a wisou si Schleeke süchteg no Béier? Wéi erzielt een historesch Geschichten an enger hipper Sprooch a wisou ass d'Boma Routkäppchen esou komesch? Wann Dir dat wësse wëllt, da gräift zum Francis Kirps sengem neie Buch, dat bei Hydre Editions erauskoum. Et ass absolut derwäert, fënnt d'Valerija Berdi.

auto_stories

3 min

Et gëtt gesot, datt d'zäitgenëssesch Literatur näischt Neies méi ze bidden huet, datt souwisou alles gesot, oder ebe geschriwwe wier a Literatur wier haut just en Opwiermen, en Ëmschreiwen, en Aktualiséieren, mee eben näischt Neies.

Datt et deem esou ass an awer och net, datt et och haut gutt Literatur gëtt, déi iwwerraschen a begeeschtere kann, esou e Beispill ass den neie Band mat Erzielunge vum Francis Kirps.

Eng Mutatioun vu bekannte Schrëftsteller

"Die Mutationen" ass den absolut passenden an onverblimmten Titel, well alles an dëse Geschichte mat Mutatiounen ze dinn huet. Ugefaange mat de Choix vun den Texter. De Francis Kiprs metamorphoséiert Literatur vu vergaangenen, bekannte Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller. Entweder vertauscht hien d'Rollen, erzielt d'Geschichte weider, setzt d'Erzielungen aus vergaangene Joerhonnerten an d'Haut.

An natierlech feelt do och net dee jéineschen, un deen ee bei Mutatiounen direkt denkt: de Franz Kafka mat senger Verwandlung. Méi klassesch geet et wuel net, a wéi dacks gouf dës Geschicht scho verwandelt, mee seelen esou originell wéi beim Francis Kirps. A senger Story mam Titel "Die Mutation" ass et net e Mënsch, dee sech an en Insekt verwandelt, mee eng Méck an e Mënsch.

"Wo vorher dréi feingliedrige, ordentlich segmentierte Beinpaare voll sensibeler Härchen gewesen waren, sah er vier plumpe Extremitäten, die an scheinbar zufälligen Stellen aus einem walförmigen Torso herausragten [...]."

Et ass awer net just dëst Spill mat de Figuren, mee och d'Ëmsetzung, déi koherent, witzeg an originell ass. Dat selwecht gelt och fir "Der Bär ist da", eng Geschicht, déi op dem Kurt Tucholsky seng "Der Löw' ist los" baséiert. Waren et beim Tucholsky d'Judden, déi laut dem Vollek Schold un allem waren, sou sinn et beim Kirps natierlech d'Migranten.

Der Marie von Ebner-Eschenbach hire "Krambambuli" ass beim Francis Kirps e Mupp, deen engem Clochard gehéiert, an et ass e klenge Bouf, dee sech dem Hond unhëlt.

Der Viginia Woolf hir Erzielung "The Mark on the Wall" ass aus der Siicht vum Fléck, dee jo e Schleek ass, erzielt an hei d'Mënschen analyséiert an dem Routkäppche seng Enkelin kënnt hei och zu Wuert.

Eng Héichleeschtung ass awer "Das Modell". Hei war dem Prosper Mérimée seng "Vénus d'Ile" Virlag. Op gutt honnert Säiten erzielt de Kirps an enger iwwerraschender Sprooch der Tullia hir Geschicht.

"Wenn Tullia etwas Wichtiges in ihren ersten Wochenauf der Farm hinzulernte, dann, dass der Übergang zwischen Freiheit und Sklaverei noch fliessender war, als sie sich das vorgestellt hätte. Und das waren gute Neuigkeiten."

An all Geschicht stécht eng Souveränitéit

Et ass e Jongléiere mat Figuren, mat Nimm, mat alen an neie Wierder, mat der Zäit, mat Entwécklungen an Erkenntnesser, mat der Realitéit an der Fantasie, mat de Geschichten aus der Weltliteratur an dem Franic Kirps sengem Courage, sech un dës Wierker erunzewoen.

Eng Entreprise, déi ganz séier penibel a langweileg ka ginn. Deem ass hei awer absolut net esou. De Kirps kënnt ganz ouni Platituden aus. Et ass eng Souveränitéit an all de siwe Geschichten, déi ongezwongen, liicht an awer voller Déift an enger zeideger a koherenter Sprooch verfaasst sinn.

All Ëmsetzung ass intelligent, subtil, humorvoll, fléissend, spannend. An dem Francis Kirps ass nach e weidere Coup gelongen: et huet een direkt Loscht all déi Erzielungen, déi hien als Virlag genotzt huet nach emol ze liesen.

"Die Mutationen" vum Francis Kirps, eng wonnerbar originell an angeneem Lecture!