Radioen

On air

Notturno  |  Tony Allen, Adrian Younge & Ali Shaheed Muhammad - Ebun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat sinn 120 Milliarden Euro?

Entwécklungsaarbecht

Wat sinn 120 Milliarden Euro?

120 Milliarden Euro pro Joer gi weltwäit an d'Entwécklungsaarbecht investéiert. Dat si, proportional gesinn, net vill Suen. A brénge se eppes? Feststeet: si ass kee Wonnermëttel géint Migratioun, seet de Friedbert Ottacher. A sengem Buch "Entwicklungszusammenarbeit im Umbruch" mécht den éisträicheschen Entwécklungs-Beroder de Bilan.

auto_stories

4 min

D’Entwécklungs-Zesummenaarbecht ass eng laang Geschicht vum Scheiteren, awer och vum Léieren, seet de Friedbert Ottacher. Den Éisträicher huet selwer méi wéi 15 Joer um Terrain geschafft, ënnert anerem bei CARE Österreich, bei HORIZONT3000 a bei LICHT FÜR DIE WELT.

Hautdesdaags gi Projeten ouni eege Leeschtung net méi finanzéiert, och wann de gréissten Deel vun de Sue weiderhin aus dem Norden no Süde fléisst. Den Undeel vun deene wäissen Experte wier och kontinuéierlech geschrumpft. De Friedbert Ottacher geet dovunner aus, datt säin eegenen Job als Entwécklungs-Beroder an 10, 20 Joer iwwerflësseg wäert ginn.

Korruptioun gëtt haut bekämpft

Eng aner wichteg Evolutioun, déi d'Entwécklungs-Zesummenaarbecht gemaach huet, koum vu bannen, seet hien. No jorelaanger Kritik gëtt sech mëttlerweil dem Problem vun der Korruptioun gestallt. Et wär och keen Zoufall, datt de Grënner vun Transparency International, de Peter Eigen, fréier Direkter vun der Weltbank war. Hien hätt seng Erfahrunge gemaach mat Korruptioun. Déi deemools als ee kulturelle Phänomen ugesi gouf, deen ee just hätt kënnen acceptéieren.

Och wann net all Projet duerchgezu kéint ginn, wier dach villes besser ginn. "Et gëtt ëmmer Onsécherheeten: eng Dréchent, den Ausfall vun der Stroum-Versuergung, oder e politescht Evenement kënnen alles erëm zerstéieren. Anescht wéi an Europa, wou alles reglementéiert ass an een eng zimlech grouss Rechtssécherheet huet, sinn d'Risiken an der Entwécklungs-Zesummenaarbecht ëmmer do."

120 Milliarden Euro sinn net vill Suen

Ass se duerfir just eng Drëps op engem waarme Steen? "Jo, wann ee sech d'Zommen ukuckt", seet de Friedbert Ottacher. Weltwäit gi pro Joer 120 Milliarden Euro an d'Entwécklung investéiert. "Déi Drëps mécht awer den Ënnerscheed fir ganz vill Leit: ob et eng Schoul gëtt an engem Duerf, ob een Accès huet zu medezinescher Versuergung, ouni dofir mussen ze bezuelen, op Leit mat Behënnerung eng Ënnerstëtzung kréien." Ouni Steierrecettë kenne vill afrikanesch Staate keng Sozial-Leeschtungen opbréngen. Op deene Plaze fëllt d'Entwécklungsaarbecht déi Lächer.

Och wann een d'Impressioun hätt, datt grad elo vill Kricher ausgedroe ginn a méi Leit wéi jee an Nout sinn: den Androck täuscht, insistéiert de Friedbert Ottacher. D'Zuel vun de Leit, déi an absoluter Aarmut liewen, huet an de leschte 50 Joer ofgeholl. "D'Betätegungsfelder vun der Entwécklungs-Zesummenaarbecht wäerten dowéinst op laang Siicht ofhuelen."

Migratioun muss gemanaged ginn

De Friedbert Ottacher seet och, datt d'Entwécklungsaarbecht kee Wonnermëttel géint Migratioun ass. Si fërdert se éischter nach. "Migratioun ass ee Phänomen, dat et ëmmer gouf an och zu engem gewësse Grad wirtschaftlech néideg ass. E muss just gutt gemanaged ginn. Wat mer awer den Ament gesinn ass e Chaos. Alles gëtt an een Dëppe gehäit: Krichsflüchtlingen an Wirtschaftsflüchtlingen. Déi europäesch Länner si gefuerdert, fir dat ze managen", seet den Expert.

Natierlech géif d'Bekämpfung vun Aarmut dat gréisst Zil an der Entwécklungs-Zesummenaarbecht bleiwen. Mä: Méi Gelder fir d'Entwécklungshëllef resultéiert net automatesch a manner Migratioun. "Soulaang et Leit op der Welt ginn, déi an Aarmut liewen an Honger leiden, hu mir och eng sozial, moralesch an altruistesch Verantwortung fir Entwécklungs-Zesummenaarbecht ze leeschten." Dat hätt awer och ëmmer mat Eegennotzen ze dinn. Et wier an eisem Interessi, datt d'Mënschen an deenen anere Länner net esou aarm sinn, datt doduerch Kricher an aner Phänomener entstoen, déi d'Migratioun undreiwen.

Op der Uklobänk

De Friedbert Ottacher proposéiert nieft sengem Buch Manifestatiounen, déi de Sujet op eng aner Manéier behandelen. Zum Beispill mat engem interaktiven Theaterstéck, an deem der Entwécklungsaarbecht der Prozess gemaach gëtt. Zeien, déi bei dësem “Geriicht” aussoen, si Leit aus där jeeweileger Stad, wou d'Stéck grad opgefouert gëtt: kritesch Journalisten, Leit déi an der Branche schaffen, ONGen. Mä och d'Mataarbechter aus Ministèren a Volontairen.

Um Schluss decidéiert de Publikum iwwer Fräisproch oder Scholdsproch fir d'Entwécklungsaarbecht. D'Resultat wär, seet de Friedbert Ottacher, an deene Stied wou d’Stéck bis elo opgefouert gouf, héchst ënnerschiddlech ausgefall.