Nee, dës Serie ass kee Porno, ganz am Géigendeel. Bei der Serie "Sex Explained" geet et an de verschidden Episoden dorëms fir verschidde sexuell Theemen an Trends einfach a verständlech op de Punkt ze bréngen. Et ass also keng erotesch, mee éischter eng dokumentaresch a wëssenschaftlech Serie. Dëst funktionéiert duerch eng Mëschung vu Studien, déi un Hand vun Illustratiounen duergestallt ginn, Temoignagë vu Persounen an och historeschen Dokumenter.
Wat fir sexuell Fantasien huet eis Gesellschaft? Firwat sinn ech vu gewësse Mënschen ugezunn an aneren net. Wéi kann ee verschidde Schéinheetsidealer an anere Kulturen erklären? Firwat gëtt et eng Pëll fir Fraen awer net fir Männer?
Interessant un dëser Serie sinn net nëmme Resultater aus der Sexualwëssenschaft, mee och Temoignagë vu ganz ënnerschiddleche Mënschen, déi zielen, wat hinne gefält a sech net dofir schummen.
Historesch Erklärungen a kontrovers Theemen
Och geschichtlech Dokumenter ginn Erklärungen, wéi zum Beispill firwat Lieder an der BDSM Kultur esou verbreet ass, an datt dat vill duerch Biker Clibb aus der Schwulenszeen gepräägt gouf. Och méi ongemittlech a kontrovers Theeme ginn ugeschwat, wéi zum Beispill, datt d'US Amerikaner, d'Anti-Baby-Pëll als éischt bei Fraen zu Puerto Rico getest hunn an de 50er Joren, ouni datt d'Frae woussten, datt si Deel vum Experiment sinn. Oder, datt de Mangel vu männlecher Kontrazeptioun zimmlech warscheinlech e Resultat vun enger Männer dominéierter Gesellschaft ass.
D'visuellt Material ass zwar vläicht heiansdo e bësse kinky, mee net ofstoussend an och net explizitt. Virun allem d'Illustratioune si clever a mat Humor realiséiert. Den Toun vun der Serie ass doduerch och ënnerhalend, well en e gudde Mix tëschent sexy, clever an humorvoll fënnt. En Ersatz fir sexuell Bildung ass se natierlech net. Mee si ass eng gutt Propos dofir, wéi ee sexuell Bildung och fir Erwuessener interessant an ënnerhalend gestalte kann.
Erklärunge vu Fantasien
Wat dës Serie awer virun allem interessant mécht, ass, datt iwwer Tabutheeme geschwat gëtt a se entdiaboliséiert ginn: Et ass ok Vergewaltegungsfantasien ze hunn. Doriwwer hu scho ronn 60 Prozent vun de Frae fantaséiert. Wat awer natierlech nach laang net heescht, datt si wierklech vergewaltegt wëlle ginn.
Wou gewësse Fantasien hierkommen, wéi se sech an anere Länner presentéieren, an och wéi aktuell Evenementer, zum Beispill 9/11 eis sexuell Fantasië beaflosst hunn, gëtt an dëser Serie erkläert.
Et ass och heiansdo esou, datt Männer net genuch Sperma hunn, dat heescht awer nach laang net, datt si dowéinst keng Männer sinn oder keng Kanner kënnen hunn.
Eis Sexualitéit ass eent vun de sensibelsten an intiimsten Theemen. Et ass net ëmmer einfach fir doriwwer ze schwätzen, a scho guer net Froen ze stellen iwwer Saachen, déi eis komesch erschéngen. Dës Serie bréngt et a kuerzen, a gutt geschniddenen Episode fäerdeg, Wëssen iwwer eis Kierperen a sexuell Ausriichtungen urteelsfräi ze erklären. Et mierkt een, datt Sex eppes Natierleches ass an et och schéi ka sinn doriwwer ze schwätzen, well ee sech a gewëssenen Aussoen erëmfënnt, oder novollzéie kann. An ze mierken, datt aner Mënsche geneesou fille wéi ee selwer ass ëmmer e schéint Gefill. En plus, ass elo scho kloer, datt an néng Méint e puer Kanner méi wéi soss op d'Welt wäerte kommen. Et lount sech also och grad elo mol eng kéier eranzekucken.