Hien hätt an deem leschten annerhallwe Joer als Directeur artistique kënnen e kompletten a variéierte Kulturprogramm opstellen, sot de Christian Mosar an enger éischter Reaktioun. Hien hätt säin Deel bei Esch 2022 erfëllt. Him hätten sech elo och aner Opportunitéite gebueden, dofir wéilt hien elo en neie Wee aschloen.
D'Programm-Equipe, mam Françoise Poos un der Spëtzt, wäert sech an Zukunft em d'Weiderentwécklung an d'Emsetzung vum Programm këmmeren. Donieft soll d'Equipe och vun externe Partner gestäerkt ginn, virun allem vun de Mataarbechter vun den Kulturzerwisser an de Gemengen, déi beim Projet Esch 2022 matmaachen.
Zënter der Nominatioun vun der Françoise Poos op de Posten vun der Programmcoordinatrice, war et roueg ginn ëm de Christian Mosar, deen eis seng Demissioun konfirméiert huet.
An de leschte Méint gouf et vill Rumeuren ëm de Role vum Christian Mosar. Zënter der Nominatioun vun der Françoise Poos op de Posten vun der Programmcoordinatrice, war et roueg ginn ëm de Christian Mosar, deen eis seng Demissioun konfirméiert huet.