Europäesch Kulturhaaptstad Esch 2022 - e schwierege Start

E Solidatitéitspiquet an e Bréif vun den zwee Coordinateuren un de Verwaltungsrot vun der Asbl Esch 2022 waren den Optakt zur Reunioun vum Comité an uschléissender Pressekonferenz. Déi dräi Buergermeeschtere Biancalana, Mischo an Traversini wëllen, datt Rou an den Dossier kënnt. Wéi eng Decisioune goufe kuerzfristeg am Dossier geholl?

Velerija Berdi / cz

Protestpiquet Esch 2022
Protestpiquet virun der Escher Gemeng (Luc Caregari)

Et hu vill Rumeuren zirkuléiert, zënter déi international Jury Esch an eng Rei Südgemengen zur europäesche Kulturhaaptstad 2022 ausgewielt huet. Déi zwee Coordinateure Janina Stroetgen an den Andreas Wagner si fir hier Aarbecht vun alle Säite gelueft a gefeiert ginn. Hiren Asaz, dee si an d'Realisatioun vum "Bidbook", dem finale Kontrakt tëschent Esch an der Europäescher Komissioun, gestach hunn, huet zu der positiver Decisioun vum Jury gefouert.

D'Freed huet net laang ugehalen

D'Ëffentlechkeet sollt iwwer déi aktuell Lag an déi geplangten nächst Schrëtt informéiert ginn. Dofir haten d'Buergermeeschtere Dan Biancalana (Diddeleng), Georges Mischo (Esch-Uelzecht) a Roberto Travesini (Déifferdeng) op eng Pressekonferenz invitéiert. Wichteg Punkte waren de finanzielle Volet an de Mangel u Kommunikatioun.

De Contenu vum Bidbook wier net a Fro gestallt, sou den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana. Déi zwee Coordinateure wieren och net ofgesat. An engem Vote hätt de Gremium vun den eelef Buergermeeschtere vun de Südgemengen, déi bei Esch 2022 matmaachen, d'Propos ugeholl, fir hinnen eng Verlängerung vum Kontrakt virzeschloen. De Kontrakt soll op sechs Méint verlängert ginn an ass u gewësse Konditioune gebonnen.

Déi rezent neigewielte Schäfferéit hätte sech fir d'éischt missten informéieren, wat op déi eenzel Gemengen zoukënnt, sou den Escher Buergermeeschter Georges Mischo. Si hätten iwwer all eenzele Punkt am Dossier Esch 2022 opgekläert misste ginn. Och déi eenzel Südgemengen hätte sech missten ënnerteneen ofschwätzen. Duerno hätten d'Gemengen- a Schäfferéit d'Aufgab, fir d'Projeten ze verteidegen, déi néideg Budgeten ze stëmmen a Subsiden z'accordéieren.

Dës Propos gouf der Asbl Esch 2022 virgeluecht. Déi huet si an engem Vote vun néng zu zwee ugeholl.

Kloer Opdeelung vu Kompetenzen

De Kulturministère wier e ganz wichtege Sponsor, erkläert den Déifferdenger Roberto Traversini. D'Relatioun a virun allem d'Kommunikatioun mam Kulturministère misst nach besser ginn an et misst ee sech elo anescht opstellen. Et hätt een e grousse Budget ze geréieren. Leit, déi Suen an de Projet géifen investéieren, wéilten och matbestëmmen, wat gemaacht soll ginn.

D'Asbl an d'Politiker missten de Kader virginn. Et wier hir Responsabilitéit, wat mam Budget vu ronn 70 Milliounen Euro géif geschéien, sou de Roberto Traversini. Tëscht de Programmresponsabele misst Vertrauen opgebaut ginn, an d'Politik sollt sech sou vill wéi méiglech aus der Programmatioun eraushalen.

De finanzielle Volet war och e Kritikpunkt vum Escher Buergermeeschter Georges Mischo. Et wiere Rechnungen ze bezuelen, wou d'Beträg méi héich géife leien, wéi virgesinn. Verschidde Budgetsposte wieren defizitär gewiescht, an dorop hätt ee reagéiert. Dat wier ee vun de Grënn, firwat hien d'Buergermeeschteren zesummegeruff hätt. Detailer wollt hien awer net verroden.

Erklärunge vu Coordinateuren

D'Coordinateure Janina Stroetgen an Andreas Wagner hate sech mat engem Schreiwes un d'Membere vum Verwaltungsrot adresséiert, wou si ënner anerem op de finanzielle Volet aginn. Si betounen, datt de Staat sech, ouni hir Aarbecht an hiert Konzept, net finanziell engagéiert hätt.

Weider hunn déi zwee Coordinateuren och richteg gestallt, datt Kaunas, grad wéi Esch, 21 Recommandatioune vum Jury kritt huet.

Kee vun de Membere vun der Asbl Esch 2022 hätt d'Associatioun verlooss, sou de Michel Clees, Tresorier vun der Asbl. D'Kommunikatioun tëschent alle Parteien misst awer verbessert ginn. Hie weist sech erliichtert iwwer d'Decisioun vum Verwaltungsrot, déi zwee Coordinateure weider am Boot wëllen ze behalen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Esch-sur-Alzette
Esch 2022

Nodeems Esch rezent offiziell Europäesch Kulturhaaptstad 2022 gouf, soll déi entspriechend ASBL elo erneiert ginn. Et soll an Zukunft nëmmen nach een Haaptkoordinator ginn.

Janina Strötgen an Andreas Wagner
Europäesch Kulturhaaptstad

Et gëtt spannend Enn dës Joers, wann d'Decisioun geholl gëtt, ob Esch am Joer 2022 de Label als "Europäesch Kulturhaaptstad" kritt oder net.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen