Radioen

On air

Kultur um 5  |  Okkervil River - Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esch 2022 - Wéi geet et weider?

Kulturhaaptstad

Esch 2022 - Wéi geet et weider?

Déi nei Equipe, déi d'Rudder vun Esch 2022 iwwerholl huet, ass nach net komplett. D'Sich no enger Finanz- an Administratiounsdirektioun schéngt net einfach ze sinn. Am Moment setzen d'Generaldirectrice Nancy Braun an den artisteschen Direkter Christian Mosar zu Déifferdeng, well nach keng Büroen zu Esch disponibel sinn. Trotzdeem gëtt elo mat der neier Kommunikatiounspersoun versicht am Dossier Esch 2022 weiderzekommen. D'Nancy Braun verréit méi am Gespréich mat der Valerija Berdi.

auto_stories

3 min

Nancy Braun (Foto: Archiv)

Vu fënnef Posten, déi fir d'Leedung vun Esch 2022 ausgeschriwwe gi sinn, sinn der elo dräi besat. Zanter September 2018 ass d'Nancy Braun d'Generaldirectrice. Elo sinn am Dezember mam Christian Mosar als artisteschen Direkter an der Marie Dembski als Direktiounsassistentin zwee weider Poste besat. D'Plaze vun der Finanz- a vun der Administratiounsdirektioun sinn awer nach eidel.

"Elo si mir epauléiert fir déi méi administrativ Aarbechte kënnen ze iwwerhuelen. De Finanz- an Administrativdirekter sinn nach net fonnt, mee do gëtt un enger Solutioun geschafft", seet d'Nancy Braun. Si hätten e Wee fonnt fir dat intern ze reegelen. Am Moment kéint alles intern koordinéiert, geréiert a strukturéiert ginn.

Keng permanent Büroen

Et sinn ëmmer zwou Stied, déi den Titel vun der Europäescher Kulturhaaptstad kréien. Am Joer 2022 ass dat nieft Esch an de Südgemengen déi litauesch Stad Kaunas. Kuckt een do den Organigramm, dann entdeckt een 39 Gesiichter, déi am Asaz fir d'Joer 2022 sinn. Esch huet am Moment also dräi Leit an awer och nach kee Büro zu Esch, well do nach keng adequat Plaz fonnt gouf. Dofir sëtze si am Ablack zu Déifferdeng, an de Gebailechkeete vum 1535.

"Dat ass wierklech temporär an et soll esou kuerz wéi méiglech bleiwen. Wann een esou zesummeschafft ass et wichteg, datt een zesummesetzt, fir datt ee sech echangéiere kann."

Hëllef vun externe Partner

Déi éischt Aarbecht, déi elo gemaach gëtt, ass d'Virbereedung vun engem Appel à projets, erkläert d'Nancy Braun. Extern Partner, Porteurs de projets, Associatiounen a Strukture solle beim Kulturjoer matmaachen. D'Equipe kéint jo net alles selwer an d'Weeër leeden an organiséieren, dofir wieren déi extern Partner elo gefuerdert.

Weider mussen nach d'Kritäre festgeluecht ginn, déi eng Participatioun erlaben an da géife si och elo probéieren, déi Notioun vum Remix méi konkret ze erklären, wat si sech elo konkret drënner virstellen, "fir datt een net esou am Flou ass an datt wann ee sech Gedanken ëm säi Projet mécht, wann ee wëllt matmaachen, datt een och direkt weess, dat ass dat, wat erwaart gëtt."

Weider Plaze ginn ausgeschriwwen

Et sollen och elo am Laf vum Mount nach Plazen ausgeschriwwe ginn. E wichtege Posten ass dee vun der Kommunikatioun. Wann dee bis besat wier, da kéint och konkret un der Strategie geschafft ginn, sou d'Nancy Braun. Si confirméiert, datt d'Welt an e puer Méint scho ganz anescht wäert ausgesinn.

Och wann d'Internetsäit vun Esch 2022 ganz wéineg bis guer keng Informatioune bitt an och nach keng Ulafstell fir d'Leit existéiert, déi iwwer de Projet vun der Europäescher Kulturhaaptstad méi wëlle gewuer ginn, sou sinn déi Responsabel disponibel fir op all Fro ze äntweren, iwwer Telefon, E-Mail oder op Rendez-vous.


Den integralen Interview mat der Nancy Braun vun der Valerija Berdi:

Lauschterenplay_arrow