Radioen

On air

De Moien  |  Thundercat - Friend Zone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Étonnants voyageurs - deen e bëssen anere Festival

Literatur

Étonnants voyageurs - deen e bëssen anere Festival

Saint-Malo ass den Zentrum fir engagéiert Literatur a Filmer – all Päischtweekend zënter 27 Joer. Cineasten a Schrëftsteller vun alle Kontinenter konfrontéieren hir respektiv Siicht op d'Welt, “am Chaos vun der Welt”. Um “Festival étonnants voyageurs” geet et net ëm Reesliteratur, mee ëm Literatur, déi reest. D’Valerija Berdi war op der Plaz a liwwert seng Andréck.

auto_stories

7 min

Valerija Berdi

Et gëtt d'Frankfurter an d'Leipziger Buchmesse, de Salon du Livre zu Paräis, d'Walfer Bicherdeeg. An da gëtt et de “Festival étonnants voyageurs”.

Si sinn all verschidden: an der Gréisst, an den Absichten, an der Gestaltung an och an hirer Politik. Eppes hu se gemeinsam: si zéie bibliophil Mënschen un, bréngen Auteuren, Editeuren a Lieser zesumme fir nei Literatur z’entdecken, ze diskutéieren an natierlech och ze kafen an ze verkafen...

An awer ass de Festival zu Saint-Malo an der Bretagne eppes Besonnesches. Et ass natierlech de Charme vun der klenger Korsarestiedchen an dem opgewullte Mier, deen engem d'Gefill vu Vakanz, Fräiheet a wäiten Horizonter vermëttelt. Mee esou präsent ass dee Charme net, wann ee vun enger Konferenz zur nächster hetzt a sech duerch d'Mass vun de Leit am Bichersalon wullt...

Et ass éischter d'Gefill, datt een déi ganz Welt op enger Plaz huet. “Etonnants voyageurs” huet kee Gaaschtland a kee spezifescht Thema. An dat bewosst.

Als Reaktioun op eng nombrilistesch Literatur

Iert de Michel Le Bris 1990 de Festival an d'Liewe geruff huet, hat hien d'Flemm mat der franséischer Literatur, déi sech, a sengen Aen, just mat Wuertspillereien an dem eegenen Nuebel beschäftegt huet. D'Weltliteratur soll reesen, d'Grenze sollen ausgewëscht ginn an d'Enkelkanner vum Conrad a vum Stevenson sollen zesummekommen... zu Saint-Malo. Säi Plang ass opgaangen.

2007 hu 44 Schrëftsteller e Manifest ënnerschriwwen: Fir eng Weltliteratur a franséischer Sprooch, well déi franco-franséisch Literatur net méi den Zentrum ass.

Ënnert den Signatairen: d'Muriel Barbery aus dem Maroc, d'Nancy Huston aus Canada, den Amin Maalouf aus dem Libanon, de Koffi Kwahulé vun der Côte d'Ivoire, de Boualem Sansal aus Algerien an dann de Le Clézio, den André Velter, den Yvan Le Men, de Michel Le Bris.

Keng Reesliteratur, mee Literatur, déi reest

D'Muecht soll just der Poesie an der Fantasie gehéieren an net dem kulturellen Imperialismus. Si hu sech zur Aufgab gemaach, d'Stëmm an d'Gesiicht vun der onbekannter Welt ze ginn. A genee dëse kosmopoliten, oppenen, virwëtzegen a liewege Wand bléist iwwer de Päischtweekend duerch Saint-Malo.

Et geet net ëm Reesliteratur, mee ëm Literatur, déi reest, an étonnants voyageurs” ass am Laf vun de leschte 27 Joer och op Brazzaville, Port-au-Prince, Bamako a Rabat-Salé gereest.

D'Welt ass ee Roman, dee vill z’erzielen huet: iwwer Migratioun a Kricher, iwwer d'Situatioun vun der Fra an der Onfräiheet vum Poet, awer och iwwer d'Schéinheet vun der Natur, dem Wäert vum geschriwwene Wuert, iwwert d'Léift an d'Fräiheet...

A grad ewéi an engem Roman d'Wierder gläichberechtegt sinn an all Wuert fir sech wichteg, expressiv an eenzegaarteg ass, sou sinn et och déi vill Stëmmen, déi een ze Saint-Malo liesen a lauschtere kann.

Stëmmen op der Sich no der wierklech beschter vun alle méigleche Welten...

Leider net ouni de Misär vun der Welt...

An da gëtt ee sech dem Paradox bewosst, datt et vill vun den Auteuren an hirer Literatur an där Form, déi een zu Saint-Malo kenneléiert, net géif ginn ouni de ganze Misär vun der Welt. An et reest een heem a wonnert sech weider iwwert een Europa, an deem en Idomeni a pickegen Drot, e Marine Le Pen an en Norbert Hofer Realitéit sinn.

Mee, ech schléisse léiwer of mat de Wierder vum schwedesche Schrëftsteller Henning Mankell, déi nom Erliewen vun dësem Festival nach méi u Bedeitung gewannen: Et ass ganz seelen, datt en eenzele Roman, en Theaterstéck oder e Film d'Gesellschaft wierklech verännere kënnen. Op der anerer Säit kann een ouni Kultur guer näischt maachen. Mir brauchen all déi Romaner, all déi Theaterstécker, si sinn en Deel vun der Verännerung.