Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Matt Dawson & The Warehouse - Coco & Fahrenheit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jonke Schrëftsteller op der Héicht

Literatur

Jonke Schrëftsteller op der Héicht

De belschen Auteur Christophe Van Gerrewey (Joergang 1982) ass dëst Joer ee vun zwielef Laureate vum Literaturpräis vun der Europäescher Unioun (EUPL). De geléierten Architektur-Theoretiker schreift de Moment un engem zweete Roman. Ausgezeechent gouf hei säin éischt Wierk “Op de Hoogte”.

auto_stories

3 min

Tibor Navracsics (EU-Kommissioun) a Christophe Van Gerrewey

Richteg Sue verdénge mat hire Bicher déi mannste Laureate vum Literaturpräis vun der Europäescher Unioun. U sech kee Wonner: hei gi virun allem “emergent” Auteuren ausgezeechent. Si kréien d’Chance, sech engem méi breede Public ze weisen, och duerch d’Iwwersetzung, déi mam Präis verbonnen ass.

Méi wéi ee vun den zwielef Gewënner vum EUPL 2016 seet, e misst sech dréien a kéiere fir - nieft sengem Broutberuff - iwwerhaapt Zäit ze fanne fir ze schreiwen. Net anescht geet et dem Christophe Van Gerrewey. De flämeschen Auteur enseignéiert Architekturtheorie. Punktuell géif hie sech e puer Wochen Zäit huele fir - an engem Siess - un engem Buch ze schreiwen.

“Spill tëschent dem Schrëftsteller a senge Lieser”

Fir den Titel vu sengem éischte Roman “Op te hoogte” hätt de Van Gerrewey sech un enger Kuerzgeschicht vum Éisträicher Thomas Bernhard (“Auf der Höhe”) inspiréiert. Ee jonke Mann wëll eigentlech mat senger fréierer Léift ofschléissen oder vläicht ofrechnen. Um Enn geschitt awer de Géigendeel. Hie soll ee Bréif schreiwen, d’Geschicht gëtt dann iergendwa vum weibleche Personnage verzielt. “Gläichzäiteg ass et eng Zort Spill tëschent dem Schrëftsteller a senge Lieser”.

Eng Kaz ass dann d’Element, dat béid Personnagë matenee verbënnt, mee se och trennt. “D’Kaz gëtt esou eppes wéi eng Projektiounsfläch fir de Mann a fir seng fréier Léift, fir hir Hoffnungen, Desillusiounen”.

“Ech schreiwen ëmmer iwwer Saachen, déi mech direkt betreffen”

“Op de Hoogt” gëtt deemnächst op sechs verschidde Sproochen (dorënner Englesch mee weder Däitsch nach Franséisch) iwwersat. De Van Gerreway ass och den Auteur vun engem Essais-Recueil. De Moment schreift hien un engem drëtte Buch. Hei geet et ëm d’Thematik vun der Zäit. Oder besser: d’Zäit, déi een net huet. “Ech schreiwen ëmmer iwwer Saachen, déi mech direkt betreffen. Ënnert anerem d’Aarbecht an d’Fräizäit. Wat ass Fräizäit, wat geschitt wann Dir net schafft, net wierklech produktiv sidd?”

De Christophe Van Gerrewey seet, hien hätt nach ëmmer eng Léift fir d'Literatur gehat. Aus deem Gronn hätt hien Architektur studéiert, well hien a senger Fräizäit scho genuch mat Literatur beschäftegt war. Gemeinsamkeeten tëschent béide Beräicher géif et, trotz de wichtegen Ënnerscheeder, scho ginn. “Datt een als Schrëftsteller méi streng Limitte setzt, datt de Lieser méi Fräiheet ka genéissen. Dat gëllt och fir den Awunner vun engem Haus.”