Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Extremely Wicked, Shockingly Evil and Vile

Filmkritik

Extremely Wicked, Shockingly Evil and Vile

Hanner dem Ted Bundy verstoppt sech een, wann net dee faméisten US-amerikanesche Seriemäerder, deen an den 1970er säin Onwiese gedriwwen huet. Den Teenierstar Zac Efron huet sech elo fir de Film "Extremely Wicked, Shockingly Evil an Vile" an d'Haut vum Bundy versat. E gewote Choix vu Roll, deen immens séier no hanne goe kann, mengt den Tom Dockal, dee sech de Film ugekuckt huet.

auto_stories

4 min

True Crime huet nach ëmmer Héichkonjunktur. Wat sech iwwer déi leschten zéng Joer alles ugesammelt huet an deem Genre ass beandrockend, an huet a vereenzelte Fäll och zu enormen Diskussioune geféiert. 1988 huet den Errol Morris mat sengem Documentaire "The Thin Blue Line" dofir gesuergt, datt de Sujet vum Film, een zum Doud veruerteelte Mann eben net méi zum Doud veruerteelt war.

Zanterhier an am Zäitalter vu Streamingdéngschter, huet sech eng Produktioun no där anerer ugereit. An zwar an allen Disziplinnen: d'Dokuserie "Making a Murderer", de Podcast Serial oder d'fiktionell Opschaffe vum Fall OJ Simpson, "The People vs. OJ Simpson". Fir fir all Medium elo just ee Beispill ze ginn.

De bekanntste Seriemäerder aus den USA

"Extremely Wicked, Shockingly Evil and Vile" ass elo op Netflix an huet de Fall Ted Bundy zum Thema. Hanner dem Bundy verstoppt sech e Seriemäerder, wann net DE Seriemäerder, deem seng Geschicht all US-Amerikaner kennt. An de 70er vum leschte Joerhonnert huet sech de Mann duerch d'ganz Vereenegt Staate gemuerd an huet op d'mannst 30 Fraen um Gewëssen. Vun der enormer Zuel un Affer bleift och nach d'Aart a Weis vun deenen Doten an Erënnerung, mat deene se duerchgeféiert goufen. Vergewaltegungen, Decapitatiounen, etc.

Mee dat alles ass am Kontext vum Film "Extremely Wicked, Shockingly Evil and Vile" scho bal iwwerraschend net vu gréisster Wichtegkeet. De Realisateur a säin Zeenarist versiche sech an engem Psychogram net vum Ted Bundy eleng, mee och ee vun der Elizabeth Kloepfer, der Fra während e puer Joer u senger Säit.

Den Zac Efron: keen oninteressante Schauspiller

Als alleréischt muss de Cast ervirgehuewe ginn. D'Lily Collins versetzt sech an d'Haut vun der Kloepfer, mee d'Iwwerraschung bleift beim Zac Efron, dee sech als Ted Bundy gëtt. En interessante Castingchoix, deen, wann een et brav ausdréckt, against type geet. Datt sech hanner dem Efron en net oninteressante Spiller verstoppt, ass bekannt. Wieren do net ëmmer déi schrecklech schrecklech Komedien, fir déi hie sech ëmmer nees entscheet. Hie versicht et also nom Model vum Robert Pattinson, wann et nach ëmmer e bëssi u Feigefill feelt.

Um Efron scheitert de Film sécherlech net. Hie geet den à la Base charismatesche Bundy charismatesch un an deckelt seng Prestatioun, vläicht scho bal ze vill. Bestëmmt aus Angscht, an eng Karikatur ze falen.

De Film ass net konsequent

De Problem vum Film läit a sengem Schreiwes. Den Joe Berlinger huet no senger Ted Bundy Netflix Dokuserie "Conversations with a Killer: The Ted Bundy Tapes" en neie Spin gesicht fir seng Obsessioun mat deem heite Mäerder. A rennt e bëssi widder d'Mauer dobäi. "Extremely Wicked" ass zwar kee Film, deen op déi Horrordote fixéiert, mee e fixéiert sech awer och soss op näischt. Déi Mëschung aus Psychogram vun där Fra, déi jorelaang u senger Säit war, éier alles un d'Dagesluucht koum an dem Ted Bundy senger charismatescher Persona viru Geriicht, déi esou munchereen an -eent geschléckt huet, wierkt méi onentscheet, wéi datt et eppes bréngt. Konsequenz ass hei d'Stéchwuert, well u Konsequenz feelt et op alle Fall. Wann ee si eleng am Mëttelpunkt hätt, wier et definitiv ee méi interessante Film gewiescht, mee vum Point de vue vum Produzent ass verständlech, datt wann een en Zac Efron huet, da muss een deen och weisen.

Foto: IMDb

Esou fält deen heite Film an d'Kategorie vu Sujeten, déi an enger méi ausféierlecher Form, zäitlech gesinn, méi bréngen. D'Ted Bundy Tapes si méi interessant. D'Dokuserie "The Jinx" war méi interessant ronderëm de Robert Durst, méi interessant op alle Fall wéi de Film vum nämmlechte Realisateur. A vun de ganze Charles Manson Filmer guer net ze schwätzen. Mee wie weess: den Tarantino hëlt säi Charles Manson Film mat op Cannes a vläicht war et dat dann och mat True Crime Geschichten. "Shockingly Evil" bleift op alle Fall duerchaus ze kucken, mee en Fin de compte freet ee sech awer, wou dee bessere Film war.