Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Faarwegt Liicht um Enn vum Tunnel

CINEAST

Faarwegt Liicht um Enn vum Tunnel

"Aurora Borealis: Northern Lights" heescht de Film, deen de leschten Donneschdeg de CinEast-Festival opgemaach huet. Déi routinéiert ungaresch Regisseurin Márta Mészáros huet ee Spuerespill tëschent Géigewaart a Vergangenheet zesummegebaut, bei deem et ëm d'Opschaffe vu schwéiere Familljegeheimnisser geet.

auto_stories

3 min

Sou fänkt "Aurora Borealis" un: Eng eeler Damm, d'Mária, kuckt mat glécklechem Gesiicht op de Weier, an deem eng waarm Quell spruddelt. Si erënnert sech un déi jonk verléifte Koppel, déi sech - gebuergen am Waasser - an den Äerm louch, wéi déi zwee frou matenee waren a sech gekusst hunn. Ouni Iwwergang gesäit een déi jonk Fra, an enger anerer Zeen, wéi si sech - vu Péng ergraff - laanscht d'Mauer schläift, erof op de Buedem. Et sinn d'Wéie vun der Schwangerschaft ...

De brutale Montage suggeréiert eng Kontinuitéit tëschent deenen zwou Zeenen. Allerdéngs gëtt verstoppt, wat dertëschent passéiert ass - an d'Péng ass net onbedéngt nëmmen déi vun der imminenter Gebuert vun engem Kand ...

Geheimnisser, déi d'Famill belaaschten

D'Verdränge vun der Vergaangenheet; d'Geheimnisser, déi d'Famill belaaschte mä net vun enger Generatioun op déi aner gekläert ginn; an d'Opschaffe vun traumateschen Erliefnesser: dat ass de Kär vum Film, deen a Flashbacken tëschent dem Ungarn vun haut an deem vun den Alliéierte besate Wien vun der Nokrichszäit hin an hier pendelt.

Ee Bréif aus Russland, d'Erwächen aus dem Koma a virun allem d'Duechter Olga, déi wësse wëll, wat geschitt ass, zwéngen déi eeler Damm sech z'erënneren. Déi verdrängten Evenementer, déi intern Verspanung vum Haaptpersonnage, gëtt physesch duergestallt: nodeems d'Fra aus dem Koma erwächt, sinn d'Fangere vun hirer rietser Hand verkrampft.

D'Duechter hirersäits, déi gemengt hat, d'Familljegeschicht ze kennen, entdeckt no an no, datt si d'Wourecht net kannt huet. Symboliséiert gëtt déi Onwëssenheet an enger Zeen, an där si eleng am dréiwe Waasser vun engem Weier schwëmmt.

D'Puzzle-Stécker füge sech no an no zesummen

De Film "Aurora Borealis: Northern Lights" vun der erfuerener ungarescher Regisseurin Márta Mészáros entwéckelt sech lues a lues. Gedëlleg gëtt d'Vergaangenheet rekonstituéiert, d'Puzzle-Stécker füge sech no an no zesummen. Verschidden Zeene gi widderholl, hir Bedeitung ännert awer am Laf vum Film.

D'Regisseurin baut - unhand vun enger mysteriéiser Musek - eng heemlech Atmosphär op, all Kéiers wann d'Mária a sech erageet. Et sinn Zeenen, déi virun allem och Sensatiounen ervirruffen, sou wéi d'Gediechtnes ebe fonctionnéiert. D'Regisseurin street och eng Rei Indizien, déi op d'Léisung vum Rätsel hindeiten. Wa beispillsweis d'Duechter, eng Managerin, op engem Verhandlungsdësch sëtzt, da kënnt op eemol e Gros plan op eng japanesch Gespréichspartnerin, déi am Film keng Roll spillt, mä op dat Asiatescht hiweist, dat seng Wichtegkeet am Verlaf vun der Erzielung wäert hunn.

Tragesch mä och positiv Momenter

D'Márta Mészáros, Joergang 1931, huet am Laf vun hirer Carrière scho sëllech international Präisser gewonnen, zu Berlin, zu Cannes ... Vun hirem leschte Wierk "Aurora Borealis" seet si selwer, et wier e Film vun enger Fra iwwer Fraen, eng Mëschung aus trageschen an awer och positive Momenter. Den Titel deit et schonn un: de meteorologesche Phenomen "Aurora Borealis", deen an nërdleche Géigenden z'observéieren ass, ass ee spektakuläert Zesummespill vu faarwege Luuchten am Himmel. Iergendwéi och d'Liicht um Enn vun engem däischteren Tunnel ...

"Aurora Borealis" ass een alles an allem gelongenen, kohärente Film, deen duerch säin Opbau Spannung produzéiert an duerch nuancéiert Prestatioune vun de Schauspiller plausibel d'Gefiller vun de Personnagen erëmgëtt.


"Aurora Borealis: Northern Lights" leeft nach eng Kéier am Kader vum CinEast-Festival, Freideg den 20. Oktober um 18:30 an der Abtei Neimënster.