Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Falsch programméiert, perfekt geschriwwen

Claire Schmartz - <bug>

Falsch programméiert, perfekt geschriwwen

Eng nei Stëmm an der Lëtzebuerger Literatur mécht sech mam Roman &lt;bug&gt;, deen elo bei Hydre Editions eraus koum, ganz positiv bemierkbar. D'Valerija Berdi huet der jonker Schrëftstellerin Claire Schmartz hiren Debutroman gelies.

auto_stories

3 min

E Roboter, deen eis duerch den Alldag begleet: keen, deen eis e Partner, Kolleeg oder Famill ersetzt, mee deen all déi Saache mécht, déi eis prioritär net esou begeeschteren.

Esou ee Roboter, deen de ganze Stot perfekt an der Rei hält, an derbäi kacht, zerwéiert an hannendru raumt, huet d'Professore an der Claire Schmartz hirem Roman <bug> erschafen.

Eng Maschinn ouni Gefiller

Keen neie Sujet an der Literatur: fir elo op méi rezent Bicher hinzeweisen, esou ass et de Ian McEwan, deen a sengem Roman "Machines like me" (2019) e humanoide Roboter kreéiert, bei deem d'Léift eng Haaptroll spillt.

Beim Kazuo Ishiguro a sengem "Klara and the sun" (2021), ass et e Roboter, deen d'Kanner frou maachen an hire Spillkolleeg soll sinn.

Bei der Claire Schmartz ass de BUD, och wann den Numm eppes aneschtes suggeréiert: eng Maschinn, déi just wéi de Mënsch ausgesäit, well dat fir seng Kompetenze wichteg ass, an op kee Fall iergendwellech Gefiller entwéckelen oder beim Mënsch soll ausléisen.

De Roboter mécht net, wéi e soll

De Roboter BUD ass och den eenzegen am ganze Buch, deen en Numm huet, all déi aner hunn entweder en Titel oder e Spëtznumm.

D'Professore hëlt de BUD mat heem an alles leeft perfekt, bis si puer Deeg fort muss an de Roboter mat der Kaz eleng an der Wunneng bleift.

No enger immens enttäuschender Rees, si ass u sech fort fir e Virtrag iwwer hier Erfindung ze halen, brécht hier Welt reegelrecht zesummen.

Awer dat alles geschitt ganz lues a ganz subtil. Et si kleng Unzeechen, déi weisen, datt de Roboter awer net esou mécht, wéi hie soll.

Spannend an onheemlech

D'Claire Schmartz ka wonnerbar schreiwen, de Lieser an eng verschwomme Welt, ouni Wäermt, ouni Gefiller, ouni Konture mathuelen, alles ass kal a gro, trist a feindlech.

An awer esou pointéiert a prezis. Eng wëssenschaftlech Sprooch, déi spannend an onheemlech ass, an op emol weess een net méi an dëser ganz onperséinlecher Atmosphär vun der Wëssenschaft, vum perfekte Wunnen: wou ass de Mënsch a wou ass d'Maschinn?

Et ass och e ganz flotte Layout vum Buch, deen Éditions Hydre oder d'Schrëftstellerin sech hei afale gelooss hunn, déi eenzel Kapitele ginn a binären Zuelen ugekënnegt, wou mol e reset oder en den een oder aneren error dertëschent ass.

Op alle Fall ass et keen Error dës Geschicht ze liesen, déi esou guer net no Science-Fiction kléngt an dat beréiert net just dem BUD seng Nerven.