Radioen

On air

Kultur um 5  |  Magnus & John - Sublime

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fangerofdréck zu Lissabon

Ausstellung zu Lissabon

Fangerofdréck zu Lissabon

"Investigação & Identidade" ass den Numm vun der Ausstellung vun der Sandrine Ronvaux, déi nach bis de 27. Oktober am Museu Nacional de História Natural e da Ciência zu Lissabon ze gesinn ass. Empreinten a Kierpersprooch sinn d'Basis vun der Sandrine Ronvaux hirer Aarbecht, déi hei gewise gëtt. Wat et awer genee op sech huet, wat ee mat Fangerofdréck maache kann, wat de Kierper verréit a wéi et zu dëser besonnescher Expo koum, huet d'Sandrine Ronvaux dem Valerija Berdi erzielt.

auto_stories

4 min

Wann een op d'Internetsäit vum portugiseschen Nationalmusée vun der Naturgeschicht a Science klickt, da stéisst een op eng Invitatioun fir eng Ausstellung vun enger Lëtzebuerger Kënschtlerin. D'Sandrine Ronvaux weist hei hir Wierker, hir Empreinten, oder besser gesot, Empreintë vun anere Leit.

Dräi Protagonisten

Viru véier Joer hätt de Projet schonn ugefaangen, zielt d'Sandrine Ronvaux. "Ech schaffe vill mat Leit zesummen, dat heescht, den Individu, d'Leit interesséiere mech, an dës Kéier hat ech dräi Leit aus der Lëtzebuerger Theaterzeen erausgesicht, déi da mat mir geschafft hunn, déi meng Protagoniste sinn."

Ee vun dëse Protagoniste wier e Metteur-en-scène, en Acteur an eng Zeenografin. "An do hunn ech si gefrot, ob si wéilte mat mir un deem Projet schaffen a si waren averstanen, an do hunn ech Recherchen iwwer déi Leit gemaach, iwwer hir Aarbecht, och e bëssen iwwer hiert Privatliewen, an do hunn ech e Questionnaire opgebaut an do si si a mäin Atelier komm an do hu mir e Stil Interview gemaach, wéi an der Zäit an der Süddeutschen Zeitung."

Kommunikatioun ouni Wierder

An dat war virun enger gutt Dose Joren en Interview ouni Wierder. Prominent Leit aus Kultur a Politik hu Froe gestallt kritt, op déi si awer net mat Wierder, mee mat hirem Kierper, also mat Gesten a Mimik konnten drop äntweren. Der Sandrine Ronvaux hir Modeller, offiziell ginn d'Nimm net verroden, mee wann ee si kennt, dann erkennt ee si och. Op alle Fall haten si dat selwecht Schicksal, an dobäi ass net grad wéineg erauskomm.

"An dono mat den Interviewen hu mir versicht zesummen eppes Gemeinsames ze fannen. Gemeinsam war den Theater, am Ufank hate mir geduecht, mir géifen an déi Richtung goen, an duerch d'Diskussioun mat hinnen dräi ass erauskomm, wat interessant wier, wier u sech jiddwerengem seng Empreinten ze kréien. Dat koum awer och mat Vertrauen."

A grad wéi mir, wa mir mat eisem Fangerofdrock de mobillen Telefon entspären, Passwierder automatesch asetzen, hunn déi dräi och fräiwëlleg hir Empreinten hierginn. Mee d'Sandrine Ronvaux hat eppes ganz aneschtes domat wëlles an hir Protagoniste ware sech och bewosst: "Datt ech dat géif benotzen a manipuléieren, wat jo zimlech interessant ass hautdesdaags, wann een de ganzen Dateschutz bedenkt, datt een dat ka maachen, nee?"

Dräi Serien

Déi éischt Serie, déi d'Sandrine Ronvaux da gemaach huet, ware 24 Zeechnungen. Op enger Säit de Protagonist oder Protagonistin, dernieft de Fangerofdrock. De Kierper verklengert, de Fangerofdrock vergréissert, béid op der selwechter Héicht, a selwechter Gréisst.

"Eng zweet Serie hunn ech gemaach, just mat Empreinten a just mat Aquarell. D'Faarwen, déi ech benotzt hunn, hu vill mat de Protagonisten ze dinn, mat hirem Charakter. Firwat Aquarell, well Aquarell fir mech dat Liewegt ass, esou wéi Blutt, eppes wat lieweg mécht. Eng weider Serie, méi grouss, just de Fangerofdrock. Do hunn ech Encre de chine geholl, well Encre de chine an der Zäit benotzt gouf fir Empreinten, ech denken do och un d'Science forensique."

An dann nach eng drëtt Serie, dës Kéier op Plexiglas. Hei ass dann de Hannergedanke kloer: Plexiglas als Symbol vum taktillen Ecran. Hei huet d'Sandrine Ronvaux als Material Encre acrylique benotzt, a well bei dëser Kënschtlerin ni eppes just eng Dimensioun an ee Gedanken huet, mee alles villschichteg an der Iwwerleeung an an der Ausféierung ass: "wat interessant ass, op Plexiglas, do spillen ech och mam Schied hannendrun, wann dat opgehaange gëtt. Et ass dann de duebelen Effekt an erëm eng Manipulatioun vun der Empreinte."

Eng Ausstellung zu Lissabon am nationalen naturhistoresche Musée: wéi koum et iwwerhaapt dozou?

"Déi éischt Saach, ech misst dem Bertrand Ney an dem Michèle, senger Fra, Merci soen. Well si hate mech do virgestallt an der Galerie 39 zu Diddeleng, do hat ech déi Ausstellung mat Pina a Jean Delvaux am Mee. Am Februar huet e Frënn mir ugeruff, de Martim Brion, hien ass Kënschtler a lieft zu Berlin. Seng Mamm ass Kënschtlerin, dat ass Sofia Areal, abstrakt Molerin aus Portugal, bekannt, de Papp ass de Rui Sanches, Sculpteur ..."

No der Renconter mat de Kënschtler dann hei zu Lëtzebuerg hat der Sandrine Ronvaux hire Projet op alle Fall iwwerzeegt, a sou kann d'Artistin haut den Owend hir eege Fangerofdréck zu Lissabon hannerloossen.