Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Fënnef Caddien am Cactus" - Vu Beruff Schrëftsteller?

Literatur zu Lëtzebuerg

"Fënnef Caddien am Cactus" - Vu Beruff Schrëftsteller?

"Et ass net méiglech vu senger Literatur hei zu Lëtzebuerg ze liewen", sot de President vum Fonds Culturel viru kuerzem am LiteraturLabo. D'Schrëftsteller hätten et an der Lëtzebuerger Kulturlandschaft net einfach, esou de Jo Kox. Gefuerdert gëtt zum Beispill eng Professionaliséierung vun de Strukturen an eng onofhängeg Institutioun fir d'Promotioun.

auto_stories

4 min

Ian de Toffoli, Valerija Berdi, Nathalie Bender

Schreiwen oder liewen? Dat ass eng Fro, déi sech dacks stellt, wann et ëm Literatur zu Lëtzebuerg geet. Wie kann hëllefen, fir datt um Enn och den Éischte vun der Buchketten, de Schrëftsteller, op d'mannst seng Liewenskäschte kann decken? Doriwwer gouf rezent am LiteraturLabo diskutéiert an debattéiert. Iwwer 50 Leit waren am Bistro Ratelach mat derbäi: Dorënner eng ganz Partie Auteuren, Editeuren an Acteuren aus der Lëtzebuerger Literatur- a Kulturzeen.

"En Auteur, par Rapport zu aneren Artisten a Createuren huet et am schwéiersten hei zu Lëtzebuerg", seet de President vum Fonds National Culturel (FOCUNA), Jo Kox. Et wier zu Lëtzebuerg net méiglech, datt en Auteur kéint vu senger Literatur liewen. Nach haut géife vill Schoulen an Organisateuren et refuséieren, engem Auteur "en honorable Präis ze ginn, wann hien eng Liesung mécht."

"Et ass net dran"

Och kéint en Auteur net all zwee Méint en neit Buch schreiwen, esou de fréieren Direkter vum Casino Luxembourg. An da géif 500 Mol editéiert ginn. "Wann ech da Kontrakter gesinn, datt d'Auteuren 850 Euro kréien, fir ee Manuskript ofzeginn. Dat geet just duer, fir fënnef Caddien am Cactus ze fëllen."

Et wier einfach net méiglech, mam Schreiwen z'iwwerliewen, huet den Jo Kox ëmmer erëm betount. Och eng kleng Bourse d'Aide à la Création kéint net wierklech eppes dorunner änneren. "Et ass net dran". E Museker kéint all owes op enger Bühn optrieden, mee en Auteur net. "Schéi wier et", esou nach de Jo Kox.

Wichteg wier, datt ee sech Gedanken ëm déi zukünfteg Generatioune vu Schrëftsteller mécht, ware sech d'Acteuren eens. D'Nathalie Ronvaux zum Beispill ass iwwerzeegt, datt d'Qualitéit vun der Literatur zu Lëtzebuerg grouss ass. "Do muss ee vläicht nei Systemer undenken."

Professionaliséierung vun de Strukturen

Den Nico Helminger bedauert, déi Strukturen, déi opgebaut gi wieren, fir d'Schrëftsteller z'ënnerstëtzen, wieren ëmmer erëm zerfall. Ee Beispill dofir wier de Lëtzebuerger Schrëftstellerverband. Mee et wieren och vill Verlagen opgebaut ginn, déi et haut net méi géif ginn. "Do dréine mir schonn e bëssen am Krees." Mee et wier Potential do, betount den Auteur. "Ech mengen, et kann och erëm eppes kommen."

Am Wichtegste wier dofir d'Professionaliséierung. "Da geet et ëm d'Professionaliséierung vun de Strukturen." Et wier nämlech manner wichteg, ob en Auteur "Profi ass oder net." Méi wichteg wier, datt e gutt kéint schreiwen. De Rescht ass dem Nico Helminger no egal. Well wierklech Profi wier e Schrëftsteller ni, well et géif weder Meeschterprüfung nach Examen ginn. "An et ass och sécher net richteg, datt de Staat soll bestëmmen, wien en unerkannte Schrëftsteller ass, a wien net. Dat ass Mumpitz."

De Problem vum Export

Den Direkter vum CNL, de Claude Conter huet iwwerdeems e weidere Problem am Lëtzebuerger Literaturbetrib identifizéiert. Den Ament wier kee fir den Export vun der Literatur zoustänneg. "An dat heescht, jiddereen." Den Auteur, genee esou wéi d'Editeuren an d'Kulturinstitutiounen.

Während d'Auteuren déi Aarbecht gutt géife maachen, géif et bei den Editeuren däitlech manner gutt klappen, kritiséiert den CNL-Direkter. "Wa mir d'Editeurslandschaft kucken, dann ass d'Vermëttlung innerhalb vu Lëtzebuerg nach z'optiméieren. An d'Vermëttlung an d'Ausland ass guer net gutt." Dacks géifen d'Bicher guer net ukommen, wann an der Groussregioun oder am Ausland Manifestatioune wieren. "Do sinn d'Editeure gefrot."

Ma och d'Kulturinstitutioune misste sech engagéieren, seet de Claude Conter. Den CNL zum Beispill géif sech un der Promotioun vun der Literatur bedeelegen. "Mir probéieren där Aufgab gerecht ze ginn." De Centre National de Littérature kéint dat awer nëmmen ageschränkt maachen, "esou datt et net a Konflikt steet, zu de Missioune vum Archivage an der Valorisatioun."

Fir eng onofhängeg Institutioun

Wat gebraucht gëtt, esou de Claude Conter, wier een Uspriechpartner speziell fir d'Promotioun vun der Literatur. Wann d'Engagement do wier vu Säite vun den Auteuren, den Editeuren, d'Partenairen, da bräicht een eng Struktur an där d'Promotioun zentraliséiert géif ginn: Eng Agence vun der Promotioun vun der Literatur. "Et misst eng onofhängeg Institutioun sinn, vläicht eng Stëftung", nom Modell vun der Schwäizer "Pro Helvetia".

De FOCUNA zum Beispill kéint zu esou enger Stëftung ausgebaut ginn an eng Export-Functioun "fir d'Literatur, den Theater, den Danz, fir d'Musek ..." iwwerhuelen. "Esou eng Institutioun feelt". Dat géif awer just goen, wa verschidde Konditiounen erfëllt géife ginn. Zum Beispill datt et keng Subventioune vum Kulturministère géif ginn. "Ech mengen net, datt et um Kulturministère ass, fir Subventiounen oder aner Forme vun Ënnerstëtzung ze ginn." Dat wieren Aufgaben, déi vun enger onofhängeger Institutioun missten iwwerholl ginn", fuerdert den Direkter vum CNL. "Lëtzebuerg ass net esou kleng, datt mir dat net kéinte maachen", betount de Claude Conter.


Déi ganz Diskussioun kënnt Dir hei lauschteren: LiteraturLaboplay_arrow