Radioen

On air

Notturno  |  Franco Battiato - Centro Di Gravità Permanente - Remastered 2021

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Apollo 11: E visuellt Erliefnes

Filmkritik

Apollo 11: E visuellt Erliefnes

Vläicht sidd Dir d'lescht Woch jo och net vun der amerikanescher Ambassade an d'Philharmonie invitéiert gi fir de Buzz Aldrin en Personne ze erliewen. Keng Suerg. D'Invitatioun fir deen zweete Mann um Mound ze gesinn, steet awer fir hien am Kino ze gesinn. Den Documentaire heescht ganz einfach "Apollo 11", leeft am Utopia um Lampertsbierg an den Tom Dockal huet e scho gesinn.

auto_stories

3 min

Géif et dat beweegtent Bild net ginn, géifen iwwermënschlech Exploiten zum Beispill ni als kollektiv Experienze wouer geholl ginn. Mir si Fussballweltmeeschter a Weltmeeschterinnen, mir si Poopst a virun allem si mir um Mound gelant. Dat mam Mound - mat "d" - jährt sech dëse Mount - mat "t" - fir déi 50. Kéier. An esou e ronne Gebuertsdag léisst sech nu wierklech kee gäre lompen. An dat ass bei der NASA net anescht.

Et louch also op der Hand, grad elo, datt eppes mat deem Filmmaterial misst gemaach ginn, dat an den amerikaneschen National Archives erëmfonnt gouf. 65mm-Filmbobinnë mat pristiner Pellicule vun deem Dag am Juli 69, op deem Armstrong, Aldrin a Collins u Bord vun der Apollo 11 an den Himmel geschoss goufen. Den Todd Douglas Miller huet sech deem Material ugeholl an huet dësen Documentaire realiséiert, mee virun allem och montéiert.

Kee verstëbst Zäitdokument

Documentaire ass am Kontext vun "Apollo 11" och nees e schwieregen Term. Natierlech ass et en Documentaire, mee dat wat een herno um Kinosecran gesäit, huet scho bal eppes vun engem forensesch opgebauten Zäitdokument, wat op d'Sekonn rekonstruéiert, wéi d'Astronauten an hir Rakéit op de Mound an dann nees zeréckkoumen. Entschëllegt de Spoiler, mee et dierft bekannt sinn, dat si et dohinner an nees zeréck gepackt hunn.

Den Term Zäitdokument ass awer och nees en Term, deen dat Ganzt eng Grimmel verstëbste wäerte wëllt. An dat ass "Apollo 11" wierklech wierklech net. Ganz am Géigendeel. Well d'65mm Opname vum Kontrollzenter zu Huston, vun den Astronauten - Biller also, déi tatsächlech an enger kollektiver Memoire agebrannt sinn, wéi wéineg Biller aus dem leschte Joerhonnert, kréien hei eng ganz nei Corporalitéit. Dat mengen ech op dëser Plaz ganz onironesch. Éier d'Rakéit an den Himmel geschoss gëtt, profitéiert de Realisateur Miller fir d'Mënschen, Techniker, d'Politiker an d'Bild ze kréien, déi sech a méi oder manner grousser Distanz versammele fir gemeinsam an den Himmel ze kucken. Dat Material, dat fir dëse Film digitaliséiert gouf, an zwar an héchster Opléisung - loosse mir elo net onnéideg technesch ginn - huet eng Kloerheet, eng Faarfpalett, déi ganz einfach epoustouflant ass.

Virtuos Biller

Déi bal 50 Joer tëschent de Biller um Ecran an engem selwer am Kinossall léise sech a Loft op. Et mengt ee bal, en Hipster hätt dat leschte Weekend mat groussem Moyen nogestallt. Mee guer net. Et si virtuos Biller, op déi ee just kierperlech reagéiere kann a wann et just ass, datt een de Mond net méi zoukritt. A jo natierlech war d'Finalitéit vun de Biller deemools, fir d'Mythologie vun den USA als éischt Natioun um Mound fir all Éiwegkeeten ze erhalen. Propaganda, quoi. Mee d'Quête vun den dräi Astronauten huet dat transzendéiert. Et ass keng Stärestonn vun enger Natioun, mee vum Mënsch tout court.

Soubal d'Jongen dann am däischteren Abyss sinn, verschwënnt zum Deel d'Virtuositéit am Bild, an da setzt de Realisateur op den Toun a Kommunikatioun tëschent Astronauten a Huston. Dat ass awer net weider schlëmm, bleift de Miller sengem Propos vun der Rekonstruktioun vun der Rees vun der Apollo 11 trei a konsequent drun.

Mat enger immenser Präzisioun duerchduecht

"Apollo 11" ass natierlech e Gebuertsdagscadeau fir de 50., mee et ass och kinotechnesch den absolute Beweis, datt d'Filmer iwwer dat Thema an déi Welt, wéi zum Beispill "First Man" vum Damian Chazelle an "Apollo 13" vum Ron Howard, mat enger Präzisioun duerchduecht sinn, wéi soss wéineg historesch Filmer vun Hollywood.

Sidd also net ze traureg, well Dir de Buzz Aldrin déi lescht Woch net erliewe konnt a rennt an de Kino. Um groussen Ecran ass "Apollo 11" reng visuell en Erliefnis.