Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Gang Of Four - Damaged Goods

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rocketman vum Dexter Fletcher

Filmkritik

Rocketman vum Dexter Fletcher

Et war eng Saach vun der Zäit, bis dat heite géing geschéien. An elo ass de Film do. Den Elton John war deen Nächsten an der Schlaang fir säi Rockbiopic ze kréien. "Rocketman" heescht dëse Film, en hat zu Cannes Première an den Tom Dockal war e fir eis kucken.

auto_stories

4 min

Vum Genre vun de Rockstarbiopics muss op dëser Plaz net méi weider an den Detail gaange ginn. All Mënsch huet der elo gesinn, an all Mënsch weess, wéi se funktionéieren. D'lescht Joer huet "Bohemian Rhapsody", de Film ronderëm Queen an hire Frontmann Freddy Mercury zimlech ofgerappt, Box-Office-méisseg gesinn. D'Markenzeeche Queen huet triumphéiert, an déi mitigéiert bis richteg schlecht Reaktioun vun de Kritiken - déi vum 100,7 inklusiv - hunn de finanzielle Succès net stoppe kënnen.

Dëse Film mécht et richteg

Ass et also wichteg, datt e Film, deen am Kär esou e Markenzeechen huet, gutt ze sinn huet? Eigentlech net. Leider. "Bohemian Rhapsody" an déi "Mamma Mia"-Filmer - jo, ech héieren der schonn dobausse soueren, ech weess, dat dat keng Biopics sinn, mee dat ass net de Punkt - si richteg medioker Filmer. De Problem ass awer elo deen heiten. "Rocketman", de Film ronderëm den Elton John, ass e gudde Film! An zwar mécht en dat richteg, wat déi elo grad ernimmten aner Filmer manner richteg gemaach hunn.

Iwwer dem Ufanksgénérique ass eng bal an d'Onkenntlechkeet arrangéiert Instrumentalversioun vu "Goodbye Yellow Brick" ze héieren, déi bal Oper-Héichte kritt, wann aus enger greller Luucht den Elton am Däiwelskostüm duerch eng Dier stolzéiert kënnt. Oder éischter getrollt kënnt. E puer Sekonne méi spéit sëtzt hin a voller Montur an enger Gruppentherapiesëtzung a gëtt ze verstoen - bal scho komödiantesch - vu wat hien alles ofhängeg ass.

E reegelrecht Musical

Klenge Spoiler virop: den Elton John huet et sech gutt goe gelooss. Kokain gouf zu de schlëmmsten Zäite quasi mam Zoppeläffel konsuméiert. D'Therapeutin freet, wéi hien als Kand war. Op eemol steet - wéi eng Erscheinung - den Elton als Kand nieft him, an direkt geet déi éischt Gesangsnummer lass, déi een an der Zäit no hanne goe léisst. Dat ass also den dramaturgesche Kader.

Wéi et da virugeet, ass bekannt. Working Class upbringing, richteg kale Papp, iwwerfuerdert Mamm an houfreg Boma. An iergendwann ass de Piano do. An iergendwann de Bernie Taupin. Säin Acolyt, mat deem den Elton zesumme dann iergendwann een Hit nom aneren erausgeknuppt huet. An dann, den Exzess an dann d'Descente an d'Hell. D'Drogen-, Alkoholdescente faute de Léift fir den Elton.

Am Kär ass "Rocketman" e reegelrecht Musical, wat am Mëttelpunkt e Personnage huet, deen op der Sich no Léift ass. A mir wëssen all wéi et ausgeet. Den Elton ass haut monter, ass bestuet, huet Kanner. Den Elton huet iwwerlieft, quoi!

De Film ass konventionell, mee mécht Spaass

Dem Dexter Fletcher ass an der Realisatioun eppes gelongen, wat deen heite mat der Sekonn zéng vum Film verstanen huet. Wéi ass et méiglech, datt e Film am dramaturgesche Konstrukt esou konventionell à mort ass, an awer esou Spaass maache kann? De Fletcher war et immerhin, dee "Bohemian Rhapsody" virum Ersaufe gerett huet, wéi de Bryan Singer net méi moies um Tournage opgedaucht an anscheinend geschasst gouf.

Et ass natierlech den Taron Egerton, deen alles gëtt! D'Kostümer sinn natierlech vu Virdeel. Mee et ass och dem Fletcher säin Häerzblutt, wat duerch all Por vum Film ze spieren ass. Bei aller Konventioun weess hien d'Exzentrik vum Personnage an d'Mise en scène - esou onsubtil se och heiansdo ka sinn - anzeflechten. Verschidden Nummeren an hir Biller sinn ouni Loft ze huelen duerchzestoen. A fir e konkret Beispill ze ginn: den Elton John gëtt iergendwann zum reegelrechte Rocketman, deen an den Himmel schéisst. Op deem Niveau gëtt gespillt, an op deem Niveau ass et eng absolut Punktlandung.

Et kann ee de Film nëmme recommandéieren

De Film léisst d'Songs, d'Hits wéi eng Jukebox am Shuffle lafen, an de Film këmmert sech en Dreck drëm, op et chronologesch Sënn mécht. Mee genee wéi de Film en Hommage och ass op al Hollywood MGM Musicals, esou ass et och en Jukebox-Musical à la "Mamma Mia".

Gleeft mir, ech si selwer iwwerrascht, wéi gutt dee Film gefall huet. Vläicht ass et just d'Hëtzt vun de leschten Deeg, mee ech menge kaum. An ech si gespaant, wéi de Film bei der zweeter Kéier ofschneit. Dir kënnt "Rocketman" op alle Fall ouni schlecht Gewësse kucke goen.