Radioen

On air

Notturno  |  James Holden & The Spirit Animals - Pass Through The Fire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng eenzegaarteg däitsch Komedie

Filmkritik

Eng eenzegaarteg däitsch Komedie

"Knapp daneben ist auch vorbei": Zu Cannes huet "Toni Erdmann", deen neie Film vum Maren Ade mussen materliewen, wéi déi quasi sëcher Gëlle Palm, déi dem Film vu jidderengem zougesprach gouf, un en anert Wierk gaangen ass. Elo leeft de Coup de Coeur vum radio 100,7 am Kino. An déi bal dräi Stonne sinn et derwäert.

auto_stories

4 min

(© tonierdmann-derfilm.de)

Dat huet wierklech kee komme gesinn. No zwou Stonnen a 15 Minutte steet am Maren Ade sengem neie Long-Métrage Toni Erdmann d’Haptprotagonistin an hirer Schlofkummer, an huet Krempes, de Rack, dee si fir en net onwichtege Brunch ugedoen huet, vum Kierper ze sträifen. Just fir dann, wéi et un der Dier schellt, nach vill méi Krempes ze hunn, deen nämlechte Rack nees unzekréien.

Keng gëlle Palm, mee en Oscar?

Dës u sech schonns absurd hilarant Zeen steet awer just um Ufank vun enger bal 10 Minutte länger Sequenz, déi een an dëser Form bei Hawks, Capra a Cukor an hire beschte Screwball-Komedie konnt gesinn. An elo fënnt een dëse 70 Joer alen Esprit an engem Kino erëm, an deem een en am allermannsten erwaart hätt. Anno 2016 am aktuellen "Neien däitsche Kino", der sougenannter Berliner Schule, fir déi de Christian Petzold bis ewell de Fändel héich gehalen huet.

Nom Festival zu Cannes awer, an dësem drëtte Film vum Maren Ade mam Sandra Hüller an dem Peter Simonischek an den Haaptrollen, gesäit et ganz dono aus, wéi wa si elo den Zepter vum zäitgenëssesche Kino am Grapp hält an och elo bei den Oscare nächst Joer wäert vertrieden.

Keng Duechter aus dem Billerbuch

D’Sandra Hüller spillt an dësem 164 Minutte laange Wierk d'Ines, e jonke Kader an enger Beroderfirma. Si liewt zënter engem Joer am rumänesche Bukarest a besicht um Ufank vum Film hir Elteren zu Oochen - eigentlech ass si awer stänneg um Telefon.

Et stellt sech zimlech séier eraus, datt de Papp vum Ines säi Liewe laang e grousst Kand bliwwen ass a sech wierklech fir keng Kanneregkeet ze schued ass. Hien ass et och, deen aus enger niewesächlecher Bemierkung Realitéit mécht: Enges Dags daucht hie mat Perréck a falschen Zänn am Mond am Hall vum Ines sengem Bürosgebai a Rumänien op. A spéitstens, wann d’Fro vum Glécklech-Sinn opkënnt, bréckelt d’Fassade vum Ines nawell ferme.

Et geet ëm Alles

Huet d’Maren Ade am Film "Alle anderen" just nëmmen d’Mechanismen (an déi fäin Ënnerscheeder vun der Manipulatioun vun deene Mechanismen) an enger Koppel op Sardinie verhandelt, sou geet et am Toni Erdmann zum Beisoill ëm déi autoritär Roll vum Exportweltmeeschter Däitschland mat sengen EU-Kolleegen.

An et geet ëm d’Liewen an d’Schaffe vu Mënschen an enger Firma, déi d'Mënschen am Fong veruecht. Mee virun allem geet et ëm de Winfried, dee sech als Ambassadeur Toni Erdmann ausgëtt. An ëm seng Duechter Ines, déi als seng Sekretärin "Frau Schnuck" muss hier halen. Et geet ëm zwee Liewensentwërf, déi openee klappen, ëm eng Duechter an e Papp, déi sech nees méi no kommen.

Et geet ëm d’Elleng-Sinn. Soit: Et geet ëm Alles. An dat agepak an enger bal dräi Stonne laanger Komedie, déi am däitschsproochege Kino eenzegaarteg ass. D’Maren Ade a säin Duo Hüller a Simonischek huelen sech all Zäit vun der Welt, fir dës Personnagen esou human, eekleg, witzeg a virun allem novollzéibar an Zeen ze setzen.

Virtuos Schauspiller

Bis zur Hysterie witzeg Zeenen an ergräifend Amenter, an deenen 80s Popsongs vu ganz déiw eraus gesonge ginn, gi sech d’Klensch. An dës Virtuositéit kënnt zu 99,9 Prozent aus dem Spill vun de Schauspiller. D’Theaterschauspiller Hüller a Simonischek gi mat enger beonrouegender Mëschung aus Bestëmmtheet, Aisance, Drénglechkeet a Niewesächlechkeet vum Maren Ade an Zeen gesat.

Et kann een ouni grouss Bescheidenheet soen, datt déi brut Schauspillerféierung vun engem Cassavetes oder Mike Leigh an der Maren Ade hirer Approche eng natierlech Weiderféierung fonnt huet. Mee dësen Hyperrealismus gëtt dann, einfach esou, vu Screwball a vun humanisteschsten Nonsense gebrach.

A fir ofzeschléissen: Et wier wierklech luewenswäert gewiescht, wann de Jurypresident um Festival zu Cannes, de George Miller (dee mat "Mad Max: Fury Road" de Film vum Summer 2015 realiséiert huet) bei der Entscheedung iwwer d'Gëlle Palm net deen nämmlechte Fehler gemaach hätt, wéi beim Choix "Mad Max: Beyond Thunderdome" mam Tina Turner ze realiséieren.

Wëll heeschen: Et war eng katastrophal falsch Decisioun den Toni Erdmann net mat der Gëllener Palm auszezeechnen. Well Toni Erdmann ass eng Fury Road. An definitiv eng, déi all Mënsch op d'mannst eemol sollt matgaange sinn.