Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir eng engagéiert Nischepolitik

Kultur

Fir eng engagéiert Nischepolitik

"Mir kënnen net dauernd iwwer Sue schwätzen", seet de Fränk Feitler iwwert de Suivi vun de Kulturassisen. Et misst ee sech d'Fro stellen, wat fir ee Kulturprojet ee fir d'Land wéilt, sou de fréieren Direkter vun de Stater Theateren. D'Kulturhaiser sollte sech fir hir Programmatioun ofschwätzen. Den Neimënster bräicht ee méi klore kulturelle Profil. De Frank Feitler ass neie President vum Verwaltungsrot vum Kulturzenter.

auto_stories

2 min

Dem Frank Feitler no misste Konscht a Kultur erëm méi sozial a politesch engagéiert sinn. D'Kulturhaiser sollte sech fir hir Programmatioun ofschwätzen a Nische besetzen. Wat soll de Lëtzebuerger Kulturprojet inhaltlech auszeechnen? D'Offenheet, seet de Frank Feitler. Eng Gesellschaft mat 70 Prozent Auslänner misst sech mat Theme vun der Kommunikatioun tëscht de Leit, an tëscht de Natioune beschäftegen. Woubäi och Lëtzebuerger Theme wichteg wären.

Kultur sollt populistesche Vereinfachunge vun aktuelle Problemer eppes entgéint halen. Bei Initiative wéi "Lëtzebuerg dem Lëtzebuerger" géing him Angscht ginn, seet de Frank Feitler. Et bräicht een net ze mengen, et kéint een zu Lëtzebuerg jeemools d'Auslänner ausspären. "Well da kënne mir hei d'Dier zouspären, da funktionéiert näischt méi."

Den Theater géif zanter 1.000 Joer dout gesot ginn, mee e géif sech nach ëmmer gutt entwéckelen. "Theaterproduktioune mussen net esou deier sinn", mengt de Fränk Feitler. Fir sech e Publikum ze sécheren, misste sech d’Kulturhaiser ënnerteneen ofschwätzen.

Profil fir Neimënster, ewech vum Mainstream

De Frank Feitler seet sech iwwerrascht, datt hie President vum Verwaltungsrot vun der Abtei Neimënster ginn ass. Senger Meenung no feelt et dem Kulturhaus un engem klore Profil. Dee misst ausgebaut ginn. D'Villsäitegkeet vun der Abtei Neimënster wier problematesch fir d'Visibilitéit vun der Institutioun, tëscht dem kommerziellen Deel duerch d'Verloune vu Säll, dem Institut Pierre Werner an der eegener Kulturoffer.

Dem Frank Feitler no misst de Kulturvolet ausgebaut ginn, duerch Besetze vun usprochsvollen Nischen, ewech vum Mainstream. "Dat kënnen anerer maachen." Esou eng Nische kéint den Ausbau vum "Centre de rencontres" tëscht Artiste sinn, a Residencë fir auslännesch Artisten a Kënschtler. Dernieft soll d'Abtei Neimënster d'Nisch vum sozialen Engagement, déi et scho géing ginn, weider ausbauen. "Fir deem Ganzen och eng méi politesch Ausriichtung ze ginn."