Radioen

On air

Notturno  |  Whitney - No Woman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flucht an Hoffnung am Retro-Look

Berlinale

Flucht an Hoffnung am Retro-Look

Dem finneschen Regisseur Aki Kaurismäki säin neie Film "The Other Side of Hope" ass an der Competitioun vun der Berlinale. Als Geschicht iwwer Flucht an Hoffnung ass et e Film mat engem klore Message.

auto_stories

3 min

De finnesche Regisseur Ari Kaurismäki ass bekannt fir seng atmosphäresch Retro-Filmer. Säi neit Wierk "The Other Side of Hope" ass do keng Ausnahm. E gëtt an der Competitioun vun der 67. Berlinale presentéiert.

De Khaled, e syresche Flüchtling, kënnt mat engem Cargo-Schëff als blanne Passagéier am Hafe vun Helsinki un. Hie wëll a Finnland Asyl ufroen, wat awer net klappt. De Khaled bleift trotzdem an der finnescher Haaptstad. Gläichzäiteg léiere mir den zweeten Haaptpersonnage kennen. De Wikström, gespillt vum Sakari Kuosmanen, deen och en neit Liewen ufänkt. Hee verléisst seng Fra a keeft en Restaurant.

"Muer kënne mir et sinn"

An der Mëtt vum Film kräize sech d'Weeër vun dësen zwee Personnagen. An de Khaled fänkt u fir hien am Restaurant als Tellerwäscher a Botzhëllef ze schaffen. De Kaurismäki weist op gewinnt lakonesch Aart a Weis den Humanismus vun der finnescher Zivilbevëlkerung. D'alldeeglech Mënschlechkeet, déi néideg ass fir z'erkenne wien Hëllef brauch. A fir déi Hëllef dann och bereetwëlleg ze ginn.

De Kaurismäki verheemlecht net, datt dëse Film eng Botschaft huet. "Mir mussen all Dreem hunn. Och ech hunn een Dram", seet hien. Hie wéilt de Finnen hir Astellung änneren. "20.000 Iraker koumen op ee Mol an dat relativ klengt Land Finnland. D'Finnen haten d'Gefill, datt mir an enger krichsähnlecher Situatioun wieren." Wéi wa si géifen ugegraff ginn, wéi deemools vun de Russen. D'Spectateure vu sengem Film sollte begräifen, datt mir all gläich wieren. "Mir sinn all Mënschen. Muer kënne mir et sinn, déi als Flüchtlingen endegen. Haut ass et hatt oder hien."

Wasabi um Hierk

Wat liicht hätt kennen eng moralesch Fabel ginn, ass beim Kaurismäki eng humanistesch Erzielung, déi beréiert an ënnerhält. Wéi zum Beispill wann de finnesche Restaurant kuerzerhand zum Sushirestaurant gëtt, a fënnef Iessläffel Wasabi op de salzegen Hierk geluecht ginn. Oder wann dem Kach seng Zigarettenäsche bal an d'Schossel falen.

Als Auteur huet hie seng ganz eegen ästhetesch Signature. Bei "The Other Side of Hope" sinn et d'Faarwen: d'Donkelblo vum Cargo-Schëff, d'Luucht an de finnesche Baren, an déi onméiglech cool Rockmuseker, déi de Soundtrack spillen. Eng oldschool-Ästhetik, mat Schreifmaschinn a Kassetterekorder inklusiv. Obwuel dem Kaurismäki säi Film aus enger anerer Zäit wierkt, trefft en den Nerv vun eiser Zäit. Dat kéint him hei zu Berlin sécherlech e Präis abréngen.


Frësch vu Berlin kënnt "The Other Side of Hope" op de Luxembourg City Film Festival, dee vum 2.3 bis den 12.3 dauert. Mëtt Mäerz kennt de Film an de reguläre Kinosprogramm zu Lëtzebuerg, als Coup de Coeur vum radio 100,7.