Film Forme vun der Isolatioun

"Confinementer" heescht en neie Kuerzfilm vun der plastescher Kënschtlerin Suzan Noesen. Et ass de 17. Bäitrag aus der Low budget-Serie "Filmreakter Quickies". E Gespréich mat der Realisatrice.

Michel Delage

Suzan Noesen
Suzan Noesen

Wärend dem Confinement haten déi zwee jonk Cineasten Ady El Assal a Govinda Van Maele d'Serie "Filmreakter Quickies" an d'Liewe geruff. Am ganzen 18 Realisateuren, dorënner de Max Jacoby, d'Julie Schroell an déi zwee Initiateure selwer, sollte mat engem ganz knappe Budget vun all Kéiers 2020 Euro e Kuerzfilm vu manner ewéi zéng Minutten dréinen.

No Liwwerung vum fäerdege Montage zu engem fixen Datum an enger huerteger Postproduktioun sollten d'Court-métragen dann op enger Plattform zur Verfügung gestallt ginn - gratis.

D'Suzan Noesen, bekannt virun allem als plastesch Kënschtlerin, huet dee 17. "quickie" realiséiert, hiren zweete Kuerzfilm no "Livre d'heures-Book of hours" (2019).

Am Gespréich erkläert si, wéi d'Iddi vu "Confinementer" zustane komm ass, wat si heimat wollt zum Ausdrock bréngen, an ob si och e méi laange Film wéilt dréinen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Un autre monde
Grousse Kino

Eis Kritiker beschwätzen: "Un Autre monde", "La Vraie famille" an "Uncharted". Den Interview vun der Woch ass mat der Suzan Noesen iwwer hire Kuerzfilm "Confinementer".

Compartment Number 6
Grousse Kino

Nieft dem Kenneth Branagh sengem "Death on the Nile" analyséieren eis Kritiker "Compartment Number 6" vum Juho Kuosmanen a "L'Ennemi" vum Stephan Streker.

De Film "Sawah" ass den éischte Lëtzebuerger Film, deen elo op Netflix ze gesinn ass.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen